Wat wollt Dir schonn ëmmer iwwer Äert Gehier wëssen? Wéi kënnt Dir Är Gehiergesondheet schützen? Hutt Dir Iech schonn emol gefrot, wéi eng Auswierkungen d’Bildschiermzäit op eist Gehier huet? Oder sicht Dir no Méiglechkeeten, fir Är Konzentratioun an Äert alldeeglecht Verhalen ze verbesseren? Gitt mat eis op d’Rees, fir méi iwwer d’Gesondheet vun Ärem Gehier gewuer ze ginn. D’Team vu GetBrainHealthy vun der Universitéit Lëtzebuerg bitt interaktiv Workshoppen un – mat spannenden Aktivitéiten, ureegenden Diskussiounen a prakteschen Tipps, wéi Dir proaktiv eppes Guddes fir Är Gehiergesondheet maache kënnt. Zesumme fir e gesond Gehier!

From ECHO.lu



Info: D’Workshoppen si GRATIS – fir d’Organisatioun ass awer e valabelen Ticket fir d’Participatioun néideg. GRATIS TICKET: https://my.weezevent.com/getbrainhealthy-workshop-diekirch



.

Fir mei Informatiounen: https://www.uni.lu/fhse-de/news/getbrainhealthy-foerderung-der-gehirngesundheit-fur-alle/. Fir weider Workshoppe: https://getbrainhealthy.org/luxembourg/ oder fannt es op de Soziale Medien: https://www.instagram.com/getbrainhealthy_org/

Tickets

Termin(e) und Uhrzeit(en).

June 2026
06.06 von 10:00 zu 12:00

Veranstaltungsort

Grondschoul Dikrech
Place des Ecoles
L-9226 DIEKIRCH