Cumuluswolke

shotshop.com

Et gi verschidden Typpe vu Wolleken - dat hei ass eng Cumuluswollek.

Dat hänkt ganz vum Typ vu Wollek of. Eng typesch Cumuluswollek - dat sinn déi Wolleken déi bëssen ausgesi wéi e Choufleur - kann ongeféier 1 Gramm Waasser pro Kubikmeter enthalen.

Dat kléngt elo net besonnesch schwéier...

Jo, mee sou eng Wollek kann immens grouss sinn. Fir de Waassergehalt méi liicht berechnen ze kënnen, stelle mer eis mol eng mëttelgrouss Wollek a Form vun engem Cube vir, mat 1000 Meter laange Säiten. Déi wär dann 1000 mol 1000 mol 1000 Meter also 1 Milliard Kubikmeter grouss. Bei engem Gramm pro Kubikmeter kënnt een dann op e Waassergehalt vun 1000 Tonnen.

Ok, dat ass schwéier! Mee firwat ka se dann iwwer eis schwiewen a fält net erof?

Well d'Waasser an enger Wollek net wéi bei enger Waasserbomm d'Form vun enger Rise Bull huet...

Zum Gléck, soss misste mir ëmmer wann et reent an e Bunker goen...

...mee a Form vu mini klengen Drëpsen an zwar ongeféier 500 pro Kubikzentimeter. Bei eiser Modellwollek wären dat da 500 Billiarden Drëpsen! Di meescht Drëpse si méi kleng wéi en 10dausenstel Millimeter. 10 Drëpsen niewentenee geluecht wäre just sou breet wéi en Hoer. A well déi Waasserdrëpsen sou kleng sinn, hu si e méi grousse Loftwidderstand par Rapport zu hirem Gewiicht. Genau wéi kleng Stëbspartikele fale si nëmme ganz lues Richtung Buedem. A Wolleke gëtt et och meeschtens Opdriff, deen déi kleng Waasserdrëpsen ouni Problem an der Luucht hält. Dofir fale Wolleken net einfach vum Himmel.

Firwat ziele Wëssenschaftler eigentlech wéi vill Drëpsen an enger Wollek sinn a kucke wéi eng Gréisst se hunn?

Well se genee verstoe wëlle, wéi Wolleken entstinn, a wéi eng Charakteristiken se hunn. Si zielen Drëpsen natierlech net manuell, mee zéie Réckschlëss iwwer Unzuel a Gréisst aus Miessunge mat Infrarout- oder siichtbarem Liicht oder mat Mikrowellestrahlen. Dat ka vum Buedem, aus dem Fliger oder vu Satellitten aus geschéien. D'Informatiounen iwwert d'Drëpsen an de Wolleke si fir Klimamodeller wichteg. D'Gréisst vun den Drëpse bestëmmt zum Beispill, wéi vill Sonneliicht d'Wolleken an de Weltraum zréck reflektéieren. Wat méi Liicht reflektéiert gëtt, ëmsou manner erwiermt d'Äerd sech. D'Wëssenschaftler verbesseren des Methode permanent. Dofir bleift d'Fuerschung ëmmer spannend!

Nach e puer Froen...

Wéi vill Waasser ass am Ganzen an der Atmosphär?

Net nëmmen an de Wolleken ass Waasser, och an der klorer Loft ass ëmmer méi oder manner Waasser a Form vu Waasserdamp. Wëssenschaftler schätzen, datt an de Wolleken an an der Loft am Ganze ronn 13.000 Kubikkilometer Waasser sinn. Dat klengt wéi wann dat enorm vill wär, mee et sinn awer nëmmen 0,04 % vum ganze Séisswaasser op der Äerd an nëmmen 0,001 % vum ganze Waasser...de gréissten Deel ass an den Ozeaner gespäichert

Wéi vill Waasser ass iwwer mir?

Satellitte moosse permanent de Waassergehalt vu Wolleken. Op dëser Internetsäit vun der NASA kann een nokucken, wéi vill Waasser grad iwwert engem schwieft. De Waassergehalt pro Quadratmeter gëtt ugewisen. Et gëtt also dat ganzt Waasser aus Wolleken an enger Sail mat engem Quadratmeter Grondfläch duerch d'ganz Atmosphär ugewisen.

Auteur:Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur & Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Mister Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Auch interessant

Sonnenënnergang Firwat gëtt den Himmel owes rout?

Wéi kënnt et, dass den Himmel owes an och moies seng Faarf ännert?

Mr Science  Wéi kënnen Buedemdéieren eis am Kampf géint de Klimawandel ënnerstëtzen? 

Mikroorganismen, wéi Bakterien a Pilzer, am Buedem zersetzen dem Mr Science säi Kalzong bannent 6 Wochen quasi komplett ...

FNR , RTL
Experiment Trinke das Wasser von Bäumen

Bäume produzieren den Sauerstoff, den wir atmen dabei verdampfen sie aber das 200-fache an Wasser. Dieses Wasser kann ma...

FNR