(c) Wikimedia Commons

Wei waarm ass et? Hunn ech Féiwer? Alles Froen déi einfach mat engem Thermometer ze kläre sinn! Mee wat fir eng Fuerschung stécht hannert dem Thermometer?

Jo! D’Temperatur ass haut en essentielle Bestanddeel an der Medezin, Physik, Chimie a Bio. Virun der Erfindung vum Thermometer konnt ee villes guer net präzis beschreiwen an erklären. Waarm a kal si relatif, e waarme Béier ka genee déi selwecht Temperatur hunn wei en kale Kaffi.

Ier den Thermometer konnt erfonnt ginn huet misse beobacht ginn, dass sech eng Flëssegkeet, sou wei Loft och, ausdehnt wann se waarm gëtt.

Dat ass dach och den Prinzip vum Thermometer?

Jo genee, wann ee waarm ass dehnt sech d’Flëssegkeet an der Kugel am Thermometer aus a steigt am Rouer! Em 1600 huet de Galileo Galilei sou een éischte “Thermoskope” (Thermoskope hun keng Skala) entwéckelt. Wat en awer net wousst war, dass en och d’Ausdehnung vun der Loft matt moosst. Dat heescht säin Thermoskop war vum Loftdrock ofhängeg.

50 Joer méi spéid gouf et dunn den éischten Thermometer deen d’Ausdehnung vun Alkohol an engem Vakuum ausgenotzt huet.

Wéi dann? Ass do kee Quecksëlwer dra gewiescht?

Nee, nach net! Deen huet de Fahrenheit an den Thermometer gefëllt. Dëse war vill méi präzis well de Quecksëlwer besser op Temperatur reagéiert.

Fahrenheit? Sou wei d'Temperaturskala?

Jo genee! Dat war nämlech säin 2. Verdéngscht. Hien huet eng Temperaturskala virgeschloe wou op Mieresspigel Héicht 180°F zwëschen dem Kachpunkt vu Waasser an dem Gefréierpunkt louchen.

Mee 180°F ass awer eng komesch Mooss…

Dat huet sech den Anders Celsius 18 Joer drop och geduecht an huet...

… Celsius Skala agefouert!!

Genee mee hien huet de Gefréierpunkt vu Waasser bei 100°C festgeluecht an de Kachpunkt bei 0°C festgeluecht.

Wei et ass dach ëmgedréint!

Jo haut! De Carl von Linée, huet d’Skala ëmgedréint.

Trotzdem sinn déi 2 Skalae bliwwen, awer den Thermometer huet sech geännert. Haut hunn mer all méiglech Zorte vun Thermometeren déi no verschiddene Prinzipie funktionéieren. Bei munche brauch een den Objet mol net méi ze beréieren fir d’Temperatur ze moossen!

An wei gesäit dann d’Zukunft vum Thermometer aus?

D’Fuerschung geet och bei den Thermometeren a Richtung ganz kleng. Mëttlerweil kenne Fuerscher d’Temperatur vun eenzele Bakterië moossen.  An elo wëllen se souguer d’Temperaturännerunge während dem Stoffwiessel vun enger Zell,mat Nanothermometeren déi mat Luucht funktionéieren, moossen!

Dat heescht d’Fuerschung geet nach ëmmer weider?

Jo, dat ass jo dat spannend…

Auteur: Sophie Steinmetz
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo © Wikimedia Commons

 

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

 

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR