© Pixabay

Fuerscher brauche fir d’Produktioun vu Spanneseid haut keng Spanne méi.

Virun e bësse méi wéi 300 Joer huet e franséische Fuerscher als éischten aus Spanneseid Kleedungsstécker gemaach. Haut ass dës Iddi erëm en vogue. Viru kuerzem gouf e Parka, Sportsschong an eng Cravatte aus Spanneseid virgestallt. Mr. Science, kann ech mir geschwënn Kleedung aus Spanneseid kafen?

Dat waren als éischt mol nëmme Prototypen, mee ech sinn awer zouversiichtlech. Schonn deemools huet de franséische Fuerscher et eescht gemengt. Fir seng Iddi ze promoten, huet e souguer dem Kaiser vu China Hännschen aus Spanneseid geschenkt. Mee seng Iddi ass gescheitert, well een eng Onmass vu Spanne fir eng Masseproduktioun hale muss. Haut sinn d’Fuerscher do scho wesentlech méi wäit, well se d’Spanneseid ouni d’Spanne produzéiere kënnen.

Wéi funktionéiert dat?

Fuerscher hunn d’Gene fir d’Spanneseid a verschidden Organismen ageschleist. En amerikanesche Fuerscher setzt dofir Geessen an. Aus hirer Mëllech kann hien d’Grondbausténg fir Spanneseid gewannen. Dat funktionéiert, ass awer immens deier. Eng aner Firma léist vu Seideraupe Fiedem spannen déi zum Deel aus Spanneproteine bestinn. Am meeschte Succès huet awer eng Method mat Mikroorganismen. An den USA produzéiere genetesch manipuléiert Béierhiefe Spanneseidproteinen. A Japan an an Däitschland schaffe Start-ups mat Daarmbakterien, wat och ganz gutt funktionéiert.

Lount sech des Ustrengung iwwerhaapt, wat ass sou immens u Spanneseid?

Bei dem selwechten Duerchmiesser ass Spanneseid sou räissfest wéi duerchschnëttleche Stol. Mee se ass dobäi vill méi liicht! Et kann een sou also immens stabil Fasere produzéieren.

Spanneseid reegt ënner anerem och dofir d’Fantasie vun den Textilproduzenten un, well se biologesch oofbaubar ass. Dat ass e rise Virdeel géigeniwwer vu Konschtfaseren. Well dës verknaschte mëttlerweil all Wénkel vun de Weltmierer, wat e grousse Problem ass. Mee déi kënschtlech Spanneseidproteine kann een och nach fir aner Uwennungen asetzen.

Zum Beispill?

Spanneseidproteine ginn z.B. a Polverform a Kosmetik verschafft, wéi zum Beispill fir ootmungsaktiven Neellack. A sie ginn an der Medezin getest, zum Beispill als Beschichtung vun Implantater, well sie Bakterie ewechhalen.

Dann drécke mer de Fuerscher mol d’Daumen, dass sech hier Iddien um Maart duerchsetzen!

Och dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Auch interessant

Spider-Man Alles nur „Fiction“ oder auch „Science“?

Welche von Spider-Mans Fähigkeiten besitzen auch echte Spinnen? Welche könnten Wissenschaftler auch auf normale Mensche...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR