SKIN & FNR

„Ziel mir keng!“ kënnt nom Pisa Wëssensmagazin Sonndes owes op RTL Tëlee. Et kann ee sech d’Episoden awer och op RTL Play an um science.lu Youtube-Kanal ukucken: https://www.youtube.com/user/scienceluxembourg

Mikroplastik si winzeg kleng Plastikdeelercher oder -faseren, déi méi kleng wéi 5mm sinn, an dacks Iwwerreschter vu Plastik aus eisem Alldag. An där fënnt een tatsächlech iwwerall an deelweis zimmlech vill.

Fuerscher hu Mikroplastik net nëmmen an de Mierer an a sengen Déiere fonnt, mee iwwerall wou se gekuckt hunn: an de Flëss, am Buedem, an der Loft, am Schnéi an den Alpen, a souguer an der Antarktis. 

An iwwert eis Ëmwelt kënnt en och an eise Kierper. Mir ootmen es an a schlécken es of.

Jo, et gouf och Mikroplastik an e puer Liewensmëttel fonnt, ënnert anerem a Béierfläschen. Mee ass dat schlëmm? Mir hu recherchéiert, wat d’Fuerschung scho zu den Effekter vu Mikroplastik weess – a wat nach net.

Huele mer en extreemt Beispill: Wann een engem Puppelchen Mëllech an engem Biberon aus enger bestëmmter Zort Plastik no de Recommandatioune vun der WHO preparéiert,  da kann de Puppelche pro Dag an der Moyenne 1,6 Millioune där winzeger Plastik-Deelercher ophuelen. Dat wier vill, mee ob dat och e Problem ass, wëssen d’Fuerscher nach net.

Bon, Mikroplastik aus Biberonen kann een evitéieren, mee Mikroplastik am allgemengen awer net. Ob Mikroplastik e Risiko fir eis Gesondheet duerstellt, hänkt vu ville Facteuren of.

z.B. d‘chemesch Zesummesetzung vum Mikroplastik – also wat fir eng Zort Plastik et ass, respektiv ob e schiedlech Zousazstoffer enthält. Wéi z.B. de Weichmacher BPA (Bisphenol A), deen den Hormonhaushalt stéiert.

Oder wéi eng Form a Gréisst de Mikroplastik huet. Dat bestëmmt nämlech, wat am Kierper dermat geschitt. Wann e sou grouss ass wéi Sandkären, da gëtt en – wéi och de Sandkuch – erëm vum Kierper ausgescheet.

Wann en awer méi kleng ass, kann en duerch d’Daarmwand austrieden a vu Gewebe an Zellen opgeholl ginn.. An da potenziell Schued uriichten. Fuerscher denken, datt de gréissten Deel Mikroplastik dee mir ophuelen, erëm ausgescheet gëtt – sief et iwwert den Daarm oder Schläim an den Otemweeër.

Lescht Joer gouf an enger klenger Studie bei 17 vun 22 Participanten awer och Mikroplastik am Blutt fonnt. An et gouf es och a  Longen, Liewer a Plazenta fonnt. Wat drop hindeit, datt Mikroplastik sech och am mënschleche Kierper verdeele kann.

Aus Studien mat mënschlechen Zellen ginn et och Hiweiser, datt Mikroplastik z.B.  Entzündunge provozéiert.. Des Experimenter ginn awer zum Deel kritiséiert, well se NET mat deem selwechte Material an/oder mat méi héije Konzentratiounen duerchgefouert goufen, wéi se an der Natur virkommen. Déi Konzentratiounen déi an der Natur gemooss goufe, leie fir den Ament ënnert dem Seuil dee schiedlech fir Liewewiesen ass.

Ma iwwer laang Dauer kéinten och niddreg Konzentratiounen en negativen Effekt hunn.

Et goufen och an e puer Studien Zesummenhäng tëscht Mikroplastik a gesondheetleche Problemer, wéi z.B. Kriibs oder Longeproblemer fonnt. Dat sinn awer just Korrelatiounen. Et gëtt den Ament keng Studie, déi d’Effekter vu Mikroplastik beim Mënsch DIREKT ënnersicht.

An et gëtt och nach kaum Donnéeën zu ganz klenge Mikroplastikdeelecher. Mee grad dee Nanoplastik mécht de Fuerscher awer besonnesch Suergen, well en eben an Zellen era kann, a souguer bis bei d’Gehier duerchkéim.

Tëschefazit: Et ginn den Ament nach keng Beweiser datt Mikroplastik e Problem fir d’mënschlech Gesondheet ass.

Ausname kéinte Persoune sinn, déi héije Konzentratiounen ausgesat sinn, wéi z.B. a Fabrécke wou syntheetesch Textilien wéi Fleece produzéiert ginn.

Wéi grouss den Impakt vu Mikroplastik op Buedem, Planzen, Déieren an eis Ekosystemer ass, wëssen d’Fuerscher och nach net genee.

Mikroplastik gëtt  – genee wéi méi grouss Stécker Plastik – vun Déiere wéi z.B. Fësch oder Vigel gefriess. Dee gréisste Risiko dobäi ass, datt d’Déieren duerch ze vill Plastik e falscht Gefill vu Siedegung hunn.

Donieft kënne genee wéi fir d’Mënschen den Nanoplastik an chemesch Zousätzstoffer am Mikroplastik, schiedlech fir d’Déiere sinn. Et ginn Hiweiser aus Déiereversich, datt Mikroplastik de Wuesstem an d’Reproduktioun negativ beaflosst.

Den Impakt vu Mikroplastik op eis Biedem ka ganz ënnerschiddlech sinn. Eng Iwwerblécksstudie, déi ganz vill Studie resuméiert, deit z.B. drop hin datt verschidden Zorte Plastik de Buedem méi sauer maachen, an aner Zorte man e manner sauer. Béides huet en Afloss op d’Biodiversitéit.

Fazit: Fir den Ament denken d’Fuerscher datt d‘Risike fir eis Ëmwelt och net fatal sinn. Ausser villäicht op Plaze wou vill Plastikverschmotzung ass, wéi z.B. a Küsteregiounen.

An awer warne Fuerscher viru méigleche Konsequenzen fir Ëmwelt a Mënsch. Éischtens, well et nach net genuch Donnéeë gëtt fir eng definitiv Risikobewäertung ze maachen. An zweetens, well Mikroplastik - wéi Plastik am allgemengen – honnerten oder Dausende Joer brauch bis e komplett zersat ass. Mir ginn en also net méi sou séier lass.

Dës Weidere muss ee sech bewosst sinn dass och nach uerdentlech Mikroplastik wäert dobäi kommen. D’industriell Produktioun vu Plastik huet sech am leschten hallwe Joerhonnert all 8 Joer verduebelt. Sou datt haut pro Joer 400 Milliounen Tonne Plastik op der Welt entstinn – genuch fir e Wierfel ze fëllen deem seng Säite 700 m laang sinn. A souguer wa mer muer géifen ophale Plastik ze produzéieren, leien nach 5 Milliarden Tonnen Plastiksoffall an Deponien an an der Natur – dee weider zu Mikroplastik degradéiere wäert.

Sollt den aktuellen Trend weider goen, kéinte virun Enn vum Joerhonnert nei Rekord- Konzentratiounen areecht ginn! Déi dann awer e Risiko fir eis Ëmwelt duerstellen.

 

 

Schlussfazit: Och wa Mikroplastik haut nom aktuelle Wëssensstand nach kee Problem fir Mënsch an Ëmwelt ass, kann en an Zukunft awer zu engem Problem ginn. An dofir sollte mir haut schonn eppes dogéint maachen.

 

Wat fir Méiglechkeeten et do ginn, sou wéi wieder Hannergrondinformatiounen zum Thema fannt Dir an eisem ausféierlechen Faktencheck

 

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Editeuren: Jean-Paul Bertemes, Lucie Zeches, Joseph Rodesch (FNR)
Video: FNR & SKIN

Auch in dieser Rubrik

Science Check Was sind die Vor- und Nachteile der Sommerzeit?

Zweimal im Jahr die Zeit umzustellen, soll (anscheinend?) Energie sparen, aber negative Auswirkungen auf die Gesundheit haben. Was die Wissenschaft dazu sagt.

FNR
Künstliche Intelligenz Der EU AI Act: Motor oder Bremse für Forschung und Innovation?

Das erste Gesetz weltweit zur Regulierung Künstlicher Intelligenz ist gestimmt: der EU AI Act der Europäischen Union. Drei wissenschaftliche Experten erläutern, was sie von dem Regelwerk halten.

29. Februar
Kalendergeschichten Wie ist eigentlich unser Kalender entstanden?

Den 29. Februar gibt es nur alle vier Jahre – in den Schaltjahren. Doch warum ist das so und wie sind unsere Vorfahren draufgekommen?

FNR