© Wikimedia

E lästegen Tick

(Umierkung vun der Redaktioun: Desen Artikel gouf opgrond vu groussem Interesse de 25. Mee 2017 iwwerschafft, fir d'Thema méi ausféierlech ze behandelen.)

Wisou bäisse munch Leit hier Neel?

Et gëtt net déi eng an eenzeg Uersaach. Bei ville Betraffenen ass et en Zeeche vun Nervositéit an Uspanung. Si bäissen d'Neel als Berouegungstechnik. Ma heiensdo läit et awer och just drun, dass der Persoun hier Neel brëcheg sinn. Wat se méi dacks dru knabbere geet an se d'Fangerneel nie offeilt, da gëtt dat mol gäer en Deiwelskrees a se muss ëmmer nees dru knabberen. Et kann awer och sinn dass d'Neelbäissen op en emotional gestéierten Zoustand hindeit. Insgesamt kann ee soen: Neelbäissen ass selwer keng Krankheet, ma eng Verhalensopfällegkeet, déi op weider Stéierungen hiweise kann, awer net muss.

Wisou bäissen déi Leit grad hier Neel a maachen net iergend eppes anescht?

Et ginn och aner sougenannt Impulskontrollstéierungen. Eng manner heefeg awer méi problematesch ass d'Trichotillomanie - wa Leit sech zwanghaft Hoer ausrappen. An et ginn nach vill aner Gesten déi Leit man, fir hier Nervositéit ze kanaliséieren, z.B. sech d'Hoer em de Fanger wéckelen, an der Nues wullen (éischter bei klenge Kanner)...Firwat genee déi Gesten, an net iergend welleg anerer, ass awer na net gewosst.  

Wéivill Leit bäissen dann hier Neel?

Et gi keng genee Zuelen, just Schätzungen. An d'Zuele schwanken och vu Land zu Land. Et kann een op jidde Fall awer soen, dass méi kleng Kanner a Jugendlecher Neel bäissen, wéi Erwuessener. D.h. vill Leit bréngen et fäerdeg, iergend wann mat dem Neelbäissen opzehalen. Bei Jugendlecher ginn et Studien déi dervun ausginn, dass bis zu 45 % vun de Jugendlechen d'Neel bäissen. Bei Erwuessener sinn et der je no Studie just nach ongeféier 10 %. 

Firwat bäissen da grad déi Jugendlech sou vill hier Neel?

D'Fuerscher ginn dervun aus, dass dat dorunner läit, dass d'Jugend, a vrun allem d'Pubertéit, eng Zäit voller Wiessel, staarken Emotiounen a Stress ass. Et ass bei ville Verhalensstéierunge sou, dass se während enger Zäit staark präsent sinn, an sech iergend wann leeën. 

Wéi en Typ vu Leit ass dann am meeschte betraff vum Neelbäissen?

Leit déi séier gelangweilt sinn oder Leit déi ängstlech sinn, awer och Perfektionisten, déi Problemer hunn sech ze entspanen. 

Mee wann d'Neelbäissen hinnen hëlleft, dann ass dat jo eigentlech guer net schlëmm?

Gesondheetlech ass d'Neelbäissen u sech net wieklech e Problem - ausser dass sech d'Fangeren oder d'Neel entzzünde kënnen. Munch Betraffener kréien och richteg Péng oder bäissen sech d'Fangere bluddeg. dat ass natielech net gutt. Ma méi gravéierend sinn dacks déi psychologesch Konsequenzen. Vrun allem Erwuessener déi d'Neel bäissen, ginn dacks als Leit mat schwaachem Charakter stigmatiséiert, oder et gemengt sie hätte psychologesch Problemer (wat jo na laang net ëmmer de Fall ass). Ausserdeem kann et sinn, dass et net hygienesch ausgesäit, wat dann derzou féiere kann, dass sech déi Betraffe genéieren an dauernd probéieren hier Hänn ze verstoppen. Oder a schlëmme Fäll souguer, dass se sech net méi wuel fillen ënnert de Leit a soumadder sozial Problemer entwéckele kënnen.

A wat soll ee maachen wann engem säi Kand d'Neel bäisst?

Déi meescht Kanner, Jugendlecher oder Erwuessener, déi d'Neel bäissen, sinn sech dee Moment guer net bewosst dass se dat man. Bei engem klenge Kand sollt ee beobachten, wéini et d'Neel bäisst. Wann et a Momenter ass, wou et gestresst ass, nëtzt et näischt et wéint dem Neelbäissen ze vernennen. Da gëtt et just nach méi gestresst. An et ass sech dee Moment jo wéi gesot dacks guer net bewosst, dass et umgaang ass d'Neel ze bäissen - also mécht et et jo net express. Als Elteren sollt een deen Ament einfach rausfannen, wat d'Kand stresst, an dee Stressfaktor probéieren z'eliminéieren. Sollt et awer méi laang unhalen, kann een agräifen. Allgemeng, ob bei Kanner, Jugendlechen oder Erwuessenen, sollt een ënnerscheeden tëscht enger Stress-Phase oder enger zwanghafter Verhalensopfällegkeet 

A wat kann ee maachen fir opzehalen, wann et eng zwanghaft Verhalensopfällegkeet ass?

Ma Verhalenstherapeute roden do zu enger Methode déi een Habit Reversal Training (HRT) nennt. Déi ass och wëssenschaftlech erprouft. Sie besteet aus 4 Schrëtt:

1. Et soll ee beobachten, a wéi enge Situatiounen een ufängt mat Neelbäissen a firwat. Dat soll een sech dann notéieren.

2. Soll een sech eng Ersatzhandlung ausdenken. Jiddfer Kéier wann een d'Bedürfniss verspiert, d'Neel ze bäissen, soll een eppes man, wat mat dem Neelbäissen näischt ze dinn huet. Z.B. mat der Hand eng Fauscht man, e Stressball triwwelen, oder sech op séng Hand setzen...

3. Et soll een ëmmer nees u sénger Motivatioun schaffen: Sech ëmmer nees kloer maachen, wat d'Grënn sinn firwat et sech lount, mam Neelbäissen opzehalen.

4. Et soll ee probéieren dest neit Verhalen ze verfestegen, andeems ee puermol pro Dag a Gedanken déi Situatiounen duerchgeet, wou een normalerweis géif ufänke mat Neelbäissen. An da soll een sech vierstellen, dass een d'Ersatzhandlung géif duerchféieren. Dese mentalen Training verfestegt déi nei Ersatzhandlung.

Jiddereen dee wëll ophalen, kann des methode jo probéieren. Ech wënschen hinnen, dass et dann och klappt. 

Auteur: Jean-Paul Bertemes, Constance Lausecker
Photo: Wikipedia
Desen Artikel gouf de 25. Mee 2017 aktualiséiert, fir méi ausféierlech op d'Fro ze äntwerten. 

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

 

 

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 10. Mee 2017 beäntwert. An de 25. Mee 2017 op science.lu aktualiséiert, fir méi ausféierlech op d'Fro ze äntweren.

 

 

Auch interessant

Gediechtnes Firwat falen eis heiansdo Wierder einfach net an?

"D‘Wuert läit mir op der Zong“ – Jidderee kennt dat frustréierend Gefill en Wuert ze wëssen an et awer net ze faassen ze...

FNR
Videospiller Maache Ballerspiller aggressiv?

Politiker behaapten et, an de Medie liest een et och ëmmer nees: Videospiller mat Gewalt maachen aggressiv. Stëmmt dat w...

FNR
Oh Jëssess /Buuuhhh! Firwat si munch Mënsche méi fäertereg wéi anerer?

Wann op Halloween op eemol eng grujeleg Gestallt ëm den Eck geschlach kënnt, da kann ee sech emol e bëssen erféieren. Mu...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR