Adobe Stock

Stëmmungsschwankungen, Migränen oder eng reduzéiert Libido gehéieren zu den Nebenwirkungen, bei de Fraen, déi d'Pëll huelen.

Och wann d’Thema stänneg neit Fudder kritt, ass eng Aféierung vun enger Pëll fir de Mann momentan nach net ofzegesinn. D’Weltgesondheetsorganisatioun WHO huet am Joer 2008 awer eng Medikamentestudie gestart. De Probanden gouf deemools en Hormonpräparat gesprëtzt, dat och zouverlässeg geschéngt huet. D'Etude gouf awer 2011 gestoppt, ënner anerem wéinst Niewewierkungen bei enger Partie Probanden. Aktuell lafen méi klinesch Studien, déi och op Hormoncocktail setzen. Am villverspriechensten ass eng Studie vun engem Fuerscherteam aus den USA. Hei gëtt Hormoncocktail awer net injizéiert, mee a Form vun engem Gel all Dag op d'Haut um Schëllerblat geschmiert. Den Effekt soll och hei gutt sinn, an d'Nebenwirkungen halen sech a Grenzen. Et dauert awer warscheinlech awer nach bis Dezember 2024 bis déi definitiv Donnéeën disponibel sinn.

Wären d'Männer iwwerhaapt gewëllt en Medikament ze benotzen fir se ze verhüten, a géifen d'Fraen dann och de Männer vertrauen?

Et ginn tatsächlech verschidde Etüden déi dës zwou Froen ënnersicht hunn. D'Majoritéit vun de befrote Männer huet gesot, dat si bereet wieren mat Medikamenter ze verhüten - wann d'Méiglechkeet do wier. Nieft dem Educatiouns- an Akommesniveau spillt virun allem de kulturellen a reliéisen Hannergrond eng Roll, wéi d’Männer doriwwer denken. Enger Etüd no ass den Zousproch vu de Fraen zimlech héich. Tëscht 71 an 90 Prozent vun de Fraen, an enger fester Bezéihung, déi zu Hong Kong, Shanghai, Südafrika a Schottland befrot goufen, fannen d'Iddi vun der männlecher Verhütung gutt. D'Fraen vu Cape Town an aus Schottland sinn zouversiichtlech sinn datt hire Partner tselwecht denkt, mee zu Shanghai si knapp d’halschend vun de Fraen där Meenung.

Wéi funktionnéieren dës Hormonpräparater?

D'Hormonpräparater hunn all dat selwecht Zil: d'Spermienproduktioun an den Hoden reduzéieren ouni bedeitend negativ Nievenwirkungen fir de Mann ze provozéieren. De Gel an der amerikanescher Etude enthält zwee Hormonen: Nestosterone® (Segesteronacetat) an Testosteron. Nestosteron® reduzéiert d'Spermienproduktioun andeems d'Testosteronproduktioun an den Hoden blockéiert gëtt. Dëst reduzéiert och den Testosteronniveau am Blutt, wat onsympathesch Nebenwirkungen wéi eng reduzéiert Libido hätt. Dofir enthält d'Virbereedung och syntheteschen Testosteron fir den Hormonniveau am Blutt z'erhalen ouni d'Spermienproduktioun an den Hoden erëm ze stimuléieren.

Aner Hormonpräparatiounen, déi momentan an de klineschen Studien sinn, ginn eemol am Dag injizéiert oder als Pëll geholl a funktionéieren op engem änleche Prinzip.

Sinn Hormonpräparater déi eenzeg Optioun?

Nee Fuerscher ronderëm d'Welt verfollegen och aner Approchen. Zum Beispill ginn och traditionell Medizinpflanzen op hier Wierkung ënnersicht. Ee Beispill sinn d'Blieder vun enger Planz, déi an Papua Neuguinea wiist, déi Weidenbliedreg Justica gendarussa heescht. Dës Blieder sinn zënter Jorhonnerte als männlech Verhütungsmëttel bekannt, a ginn laut Medien och an de leschte Jore wëssenschaftlech ënnersicht – Resultater ginn et awer nach keng an och de Wierkungsmechanismus ass onkloer. Eng aner Méiglechkeet ass et, d‘Spermien op hirem Wee duerch de Soomkanal ze sabotéieren. Indesch Studien un Déieremodeller benotzen e Gel, deen am Soomkanal plazéiert gëtt an do verhäert. De Gel beschiedegt d'Spermazellen wa se wärend der Ejakulatioun duerch de Kanal fléissen. An dat funktionéiert e puer Joer laang. Dofir gëtt en anert Mëttel gebraucht fir den Effekt réckgängeg ze maachen. Dat ass awer nach net „au Point“.

YCT529 funktionéiert och ouni Hormone. Hannert dësem krypteschen Numm verstoppt sech eng Substanz déi e Rezeptor am Kierper blockéiert, dee wichteg ass fir Spermienproduktioun. Dëse mécht op d'mannst männlech Mais zu 99% onfruchtbar. An de Prozess ass reversibel: Soubal d'Fuerscher de Mais d’Substanz net méi ginn, kënnt hir Fruchtbarkeet zeréck. Nieweneffekter goufe keng observéiert. Mee Déieremodeller kann een net een-zu-eent op de Mënsch iwwerdroën. Et wäert also eng Zäitchen daueren ier dat eent oder anert Mëttel an den Apdikten fënnt. D'Fuerschung bleift also spannend.

Si Männer Memmen?

Stëmmungsschwankungen, Migränen oder eng reduzéiert Libido gehéieren zu den Nebenwirkungen, bei de Fraen, déi d'Pëll huelen. Trotzdem huelen vill se all Dag. Stëmmungsschwankungen, Akne oder e verstäerkten Sexualtieb koumen bei zéng Prozent vun de männleche Probanden an der WHO-Studie iwwer d'Pille fir Männer op. An du gouf d‘Etude ofgebrach. Sinn Männer also Memmen?

Natierlech net. Well mat all Medikament muss de Virdeel vum medizinesche Effekt méi grouss sinn wéi de Risiko vun Nebenwirkungen. Contraceptive Medikamenter hunn awer nëmmen e reelle medizinesche Virdeel bei Fraen. Eng Schwangerschaft ass net ouni Risiko fir d'Fra. Och wann d'Mammestierflechkeet an der westlecher Welt am leschte Joerhonnert staark gefall ass, ass am Duerchschnëtt all 6.600t Schwangerschaft fir d'Mamm déidlech. An de manner entwéckelte Länner souguer all 260 Schwangerschaft. Eng Fra, déi de Moment keng Kanner wëll, reduzéiert dofir och de Gesondheetsrisiko, deen d'Schwangerschaft ausmécht, andeems se d'Pëll hëllt.

Mat Männer geäit dës Saach anescht aus. Papp ginn bréngt keng direkt Gesondheetsrisiken mat sech. Wann de medizinesche Virdeel vun enger Pille fir Männer null ass, da sollt et och bal keng Nebenwirkungen ginn. De WHO Ethikkomitee huet dëst zu där Zäit ofgewiehen an huet decidéiert d'Versich ze stoppen.

Autor: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Iwwersetzung: Joseph Rodesch (FNR)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR