shotshop.com

Géife mer si vermëssen, wann et se net méi géif ginn?

Ganz am Eescht: Dat ass eng Fro, déi sech verschidde Wëssenschaftler fir bestëmmte Méckenaarte stellen, déi déidlech Erreeger wéi zum Beispill dee vun der Malaria iwwerdroen. All Joer stierwen Honnertdausende Leit un dëser Krankheet. D'Fuerscher schloe vir, Mustiken am Labo ze ziichten a fräi ze setzen, déi si mat spezielle Genen equipéiert hunn. Dës Gene kënnen sech iwwer eng Rei Generatiounen an der ganzer Méckenaart verbreeden a féieren dozou, datt schlussendlech d'Weibercher onfruchtbar ginn. Déi Aart géif also ausstierwen. Am Labo funktionéiert dat schonn. Awer ob dat och an der fräier Natur sou gutt klappt oder onerwaarte Suite kéint hunn, ass nach net kloer.

Wat kéint da passéieren?

 Mir wëssen am Allgemenge wéineg iwwert d'Roll vu Mécken am Ökosystem. Awer si picken net just, fir Blutt ze saugen, mee si spillen eng bis elo ënnerschätzte Roll beim Bestëbse vu Bléien. Ausserdeem si Méckelarven eng wichteg Nahrungsquell fir vill Fësch an Amphibien, a fir Fliedermais. A Fliedermais, fir nëmmen ee Beispill erauszepicken, sinn erëm wichteg fir d'Bestëbse vu bestëmmte Planzen oder fir deenen hire Som ze verbreeden. Des Wiesselbezéiungen tëscht Déieren a Planze sinn immens komplex an a ville Fäll eréischt wéineg erfuerscht. Dofir kann ee kaum viraussoen, wat geschéie géif, wann een eng Aart einfach eliminéiert. Sou kéinten aner Méckenaarten oder Insekten d'Plaz vun der exstirpéierter Mustiken-Aart anhuelen. An dës kéint eventuell nei, nach ganz onbekannte Krankheetserreeger verbreeden - oder och net. Mir wëssen et virdrun net.

A wéi gesäit et mat Harespelen aus? Géife mer si vermëssen, wann et se net méi géif ginn?

Déi erstaunlech Äntwert ass: jo! Natierlech komme si eis meeschtens nëmme lästeg vir. Mee Harespele schneeken net nëmmen Nektar a bestëbsen esou Bléien, si joen och Mécken an aner Insekten, déi zum Beispill erëm Notzplanze befalen. Domat hëllefen si der Landwirtschaft. An ouni Harespelen hätten den Harespelsfrësser oder de Beiefrësser - e Vugel mat schéine faarwege Fiederen - hir Haaptnahrungsquell verluer. Souguer am Mo vun Dachsen hu Fuerscher grouss Quantitéiten Harespele fonnt. A wa mer vun Harespele schwätze, menge mer meeschtens just déi wéineg Aarten, déi vu Quetschentaart an Ham ugelackelt ginn. Insgesamt gëtt et awer méi wéi 10.000 verschidden Harespelsaarten. Dës Zuel deit un, wéi vill mir nach erfuersche mussen, éier mer d'Wiesselwierkungen an der Natur méi wéi nëmmen e bësse verstinn. Dofir bleift d'Fuerschung ëmmer spannend!

Auteur: scienceRELATIONS/Ingo Knopf
Editeur an Iwwersetzer : Michèle Weber (FNR)

Mat der Gene-Drive-Technik gëtt säit Joren eng Technik entwéckelt, mat där et méiglech soll sinn, Déierenaarte ganz gezielt ze exstirpéieren. Dofir goufe speziell Genen an d'Zil-Déierenaart ageschleist, déi sech da selbststänneg an deser Aart verbreeden an zum Beispill all d'Weibercher onfruchtbar maachen. Des Technik huet theoretesch d'Potenzial, d'Welt Malaria-fräi ze maachen andeems ee Méckenaarten, déi des Krankheet iwwerdroen, exstirpéiert. Dofir setze sech ënner anerem de Bill Gates mat finanzieller Ënnerstëtzung vun entspriechende Projeten an. Aner Déierenaarten, déi de Pläng vun de Wëssenschaftler no sollen domadder bekämpft ginn, sinn awer och Mais, deenen hir Blutt Zecken suckelen. Doduerch sollen indirekt Zecke bekämpft ginn, déi Borreliose op de Mënsch iwwerdroen. Bis elo gouf d'Gene-Drive Technik awer nach net ausserhalb vu Laboen ausprobéiert. Den Ament geet een dovun aus, datt dat fréistens an 3 bis 5 Joer souwäit wier. 

D'Macquarieinsel läit um hallwe Wee tëscht Neiséiland an der Antarktis. Op hir goufen an den 1980er Jore Kazen zum Problem: de Risiko bestoung, dat d'Kaze Vigel déi op der Insel bréie géifen exstirpéieren. D'Kaze goufen dofir systematesch bekämpft. Doduerch goufen d'Kanéngercher awer dann e Problem, well si net méi vun de Kaze gejot goufen. Well d'Kaze waren ursprénglech op der Insel agefouert ginn, fir d'Kanéngercher a Schach ze halen. Réischt wou d'Kazen all d'Kanéngercher gefriess haten, si si op Vigel iwwergaangen a goufen sou selwer zum Problem. Nodeems d'Kazen dunn deziméiert goufen huet sech d'Vugelpopulatioun erholl. Awer och d'Kanéngercher hu sech erëm massiv verbreet an hunn erëm méi vun der ursprénglecher Vegetatioun vun der souwisou schonn zimmlech dënn bewuessener Insel gefriess. Dat Beispill weist, wéi et souguer op enger klenger Insel schwiereg ass, d'Suite vun Agrëff an d'Natur ze kontrolléieren. Egal ob et em d'Aféieren oder d'Exstirpéiere vun Déierenaarte geet.

Infobox

Quellen

 

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR