29te Mee 1953: de Mount Everest ëmfänkt seng éischt Gäscht - den Neuseelänner Edmund Hillary an den Nepales Tenzing Norgay

De Mount Everest ass kee Bierg ewéi en aner. Et ass mat 8 850 Meter deen héchste Bierg op der Welt, dat weess all Kand. A well en sou héich ass huet en eng zimlech berüchtegt “Doudeszoon”! Bis zu enger Héicht vun 8 000 Meter kann eise Kierper sech lues a lues un d’Héichtekonditiounen upassen. Mir ootme méi séier a méi déif, mir produzéiere méi rout Bluttkierpercher an den Organismus schallt de Spuerprogramm an.

Verschidde Volleker, wéi zum Beispill nepalesesch Nomaden, sinn esou guer genetesch un déi Konditiounen ugepasst. Mee ab 8 000 Meter déngt alles näischt méi: de Kierper ka sech net méi upassen! Déi lescht 850 Meter sinn also extrem geféierlech a ginn als “Doudeszon” bezeechent. Do gëllt et also op d’Zänn ze bäissen!

Firwat sinn d’Nepalesen dann net déi bescht Biergsteiger?

Ab 8 000 Meter geet hinnen d’Loft och aus a si sinn net besser dru wéi all aner Biergsteiger. Se sinn awer bal ëmmer Deel vun der Expeditiounsequipe well se ënnerwee duerch hier Upassung vill Virdeeler hunn. Entweder als Guide oder als Drohëllef.

Déi Upassung un d’Héichtekonditioune gëtt dach bestëmmt och iergendwéi an der Fuerschung benotzt ...

Ma natierlech! D’Fuerscher probéieren awer ëmmer nach de Phenomen ze verstoe mee si hu grouss Hoffnunge fir medezinesch Uwennungen. Bis elo sinn dat awer nach alles Hypotheesen an Dreem, mir mussen eis also nach e bësse gedëllegen.

Text: Corinne Kroemmer

Auch in dieser Rubrik

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR