Alt erëm eng vun deenen Zoufallsentdeckungen. Eigentlech war den LSD, e potentiellt Medikament, schonn zënter 5 Joer am Tirang verschwonn wëll et keng richteg Wierkung hat.

Ma beemol hat de Chemiker Albert Hofmann awer sou e Gefill am Bauch wéi wann LSD dach fir eppes gutt wier. Bei sengen Experimenter huet en - ouni et ze mierken - e bëssen LSD opgeholl an dono dee schéinsten Tripp vu sengem Liewe gemaach. Fir sécher ze sinn dass et och vum LSD wier an dass en net amgaang wier de Verstand ze verléieren, huet en dunn mol direkt nach eng Kéier probéiert, an zwar mat enger Dosis déi hautesdaags schonn als zimlech riskant ugesinn ass. Während 6 Stonnen hat en Halluzinatiounen an huet gemengt e wier an enger aner Realitéit geland.

1943! Wow, also schonn zimlech laang ier d’Hippien opgetaucht sinn!

 Jo, et waren zwar d’Hippien déi den LSD an de 60er Jore bekannt gemaach hunn, mee en ass awer och schonn do virdru benotzt ginn, zum Beispill an der Psychotherapie, mee natierlech och als pure Pleséier. Wéi bis eng Réi Leit schlecht Trippe gemaach hunn, ass den LSD verbuede ginn.

An den Här Hofmann selwer?

Deen ass eréischt 2008 am Alter vun 102 Joer gestuerwen. Also net un enger Iwwerdosis.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch in dieser Rubrik

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR