25ten Juli 1978: Den éischten Dominostee vun der kënschtlecher Befruuchtung fällt.

D’Louise Brown ass d’Resultat vun där éischter erfollegräicher kënschtlecher Befruuchtung. Domat féiert net nëmmen hatt des Woch säin 34te Gebuertsdag, mee och d’in vitro Befruuchtung. Säit 1978 dréit d’Fuerschung an dësem Beräich esou séier Friichten dass mer hautesdaags eng ganz Panoplie vun Techniken zu eiser Verfügung hunn. Zum Beispill kennen Embryoen an der Tëschenzäit agefruer ginn ier se benotzt ginn, oder se kennen op genetesch Krankheeten analyséiert ginn. D’Fortschrëtter vun deene leschten 10 Joer erméigleche ville Koppelen hier Onfruuchtbarkeet z’iwwerbrécken, der Natur d’Zong erauszestrecken an trotzdem eng Famill ze grënnen.

Der Natur d’Zong erausstrecken…. sinn déi Techniken ethesch gesinn dann ok ?

Do ginn et zimlech grouss Diskussiounen, zëmools wat d’Analyse vu genetesche Krankheeten ugeet. Ech iwwerdreiwen elo bëssen, mee den Dokter ka jo wierklech de perfekten Embryo eraussichen an implantéieren. An der Natur funktionéiert dat jo awer anescht!

Kann dann egal ween eng kënschtlech Befruuchtung man?

Hmm, nee. Et hänkt dervun of firwat dass de um natierleche Wee keng Kanner kanns kréien. A verschiddene Fäll kennt just Adoptioun a Fro.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch in dieser Rubrik

Ausserierdesch Signaler Wéi sicht d'Wëssenschaft no ausserierdesche Signaler?

Wat geschitt, wann d'Mënschheet e Signal vun ausserierdeschem Liewen entdeckt? Nei international Richtlinne leeë fest, wéi d'Wëssenschaft da soll virgoen. Mee wéi sicht se iwwerhaapt no Signaler?

FNR
Physik am Alldag Firwat knuppen Diere bei Duerchzuch zou?

Wann Diere bei Duerchzuch zouknuppen, stécht net einfach nëmme Wand dohanner. Entscheedend sinn Drockënnerscheeder, déi Loft a Beweegung setzen – an d'Tatsaach, datt d'Dier d'Loft selwer och beweegt.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR