LED Lichter

shotshop.com

Ob LED Biere flimmeren hänkt ganz staark vun der Mark of. Munch LED-Bieren, dacks déi bëlleg, flimmere méi staark. Wéi vill d’Luucht flackert kann een testen, wann een en Handyphotoapparat mat enger Slow Motion-Funktioun huet. Um Slow Motion Film gesäit ee vill besser op d’Luucht wéi en Diskostroboskop flackert oder net. Dat Flimmere ka bei empfindleche Mënschen d’Aen iwwerustrengen an zu Kappwéi an Iwwelzegkeet féieren.

Déi meescht Produzente vu LED’en strenge sech awer un, fir d’Flimmeren ze reduzéieren an och d’EU huet sech dem Problem schonn ugeholl: vun 2021 u mussen d’Produzente soen, wéi staark hier LEDe flimmeren. Dorunner kënnen d’Clienten sech dann orientéieren an da quasi flimmerfräi Produite wielen.

Kann dat Flimmeren dann och méi seriö gesondheetlech Folgen hunn?

Bei technesch impeccabelen a richteg installéierten LED-Luuchten net. Awer futtis LEDe kënnen sou staark flimmeren datt empfindlech Leit epileptesch Ufäll kréie kënnen. Dat betrëfft ongeféier 1 vu 4000 (Leit). Dat selwecht gëllt och wann LED’en mat Dimmeren erofgereegelt ginn. Dee Moment kënne quasi flimmerfräi LEDen ufänke mat un an aus goen. Et muss een also gutt drop oppassen datt Dimmer- an LED-Typ gutt beienee passen.

A wéi ass et mat der Déierewelt, gëtt déi duerch Stroosseluuchten déi flimmeren oder LED Liichterkette wéi se momentan iwwerall ophänke beaflosst?

Vill Déieren an Insekte mierken d’Flimmere méi staark wéi mir Mënschen. Awer ob se dowéinst desorientéiert oder iergendwéi anescht gestéiert ginn, doriwwer weess d’Wëssenschaft am Moment nach net vill.

Awer d’Fuerscher maachen sech trotzdeem Suergen. Well d’LEDen sou wéineg Stroum verbrauchen, gi se masseweis installéiert. D’Nuecht gëtt doduerch ëmmer méi hell, dat erkennt een u Satelittenopnahmen. An d’Fuerscher mengen datt den Insektenréckgang zum Deel och op d’kënschtlech Luucht wärend der Nuecht zeréck ze féieren ass.

D’Insekte gi vu kënschtleche Liichtquellen ugezunn an ëmkreesen dës bis zu der Erschëpfung. Do ginn se och zu engem einfachem Opfer fir hir Friessfeinden. Awer d’LED-Technik huet och Virdeeler wa se richteg agesat gëtt.

Wéi eng sinn dat?

D’Liicht ka vill besser gebëndelt an da gezielt ofgestraalt ginn, wéi dat mat normale Luuchte de Fall ass. Amplaz an all Richtungen ze stralen, kann dann zum Beispill just den Trottoir ausgeliicht ginn an näischt aneschtes. Et kënnt also drop u wéi een d’LED-Technologie asetzt.

Firwat flimmeren LEDen eigentlech? 

Bei klassesche Glühbiren oder Halogenluuchten entsteet Liicht, well Stroum duerch een Drot fléisst deen dann ufänkt mat gléien. Bei LED-Luuchten fléisst de Stroum dogéint duerch eng kleng Hallefleederplättchen, déi da Liicht ofstraalt. Dësen Ënnerscheed ass fir d'Flimmere vu verschiddenen LED-Luuchte responsabel. Well Stroum als Wiesselstroum aus der Steckdous kënnt wiesselt en 100 mol an der Sekonn d'Richtung. An ëmmer wann en d'Richtung wiesselt, ass den LED-Hallefleeder kuerz däischter. De Gléifuedem an der klassescher Glühbir dogéint liicht ëmmer nach e bëssen no, dofir ass d'Flimmeren do vill méi schwaach. Awer ob a wéi staark eng LED-Luucht flackert, hänkt dervun of wéi eng Elektronik am Sockel vun der Luucht agebaut ass. Well déi kann dofir suergen, datt d'LED méi gläichméisseg mat Stroum versuergt gëtt an da sou gutt wéi net méi flimmert. 

Firwat Mécken net gär an de Kino ginn

Wann eng Liichtquell ëmmer méi séier un an aus geet, kënnt et eis no enger Zäit sou vir wéi wa se kontinuéierlech liichte géif. Dofir erkenne mir meeschtens net, datt LEDen oder aner Liichtquelle flimmeren, well bei hinnen d'Liichtimpulser ganz séier noenee kommen. Dësen Effekt notzt een och bei Filmer: e Film besteet aus eenzele Biller, déi mat mindestens 24 Biller pro Sekonn ofgespillt ginn. An engem hallefdäischtere Kino verschmëlzen déi eenzel Biller zu engem kontinuéierlechen Hellegkeetsandrock, an dofir gesi mir dat och esou. Mécke kennen awer vill méi séier Flimmeren nach erkennen. Fir si ass e Film eng stroboskopaarteg Folleg vun eenzele Biller.

Auteur: scienceRELATIONS/Ingo Knopf
Editeur & Iwwersetzer: Joseph Rodesch (FNR)

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR