(c) Cjp24

Den Thomas Hancock ass e bëssen den engleschen Equivalent vum Charles Goodyear – Erfanner a Geschäftsmann.

Hien huet d’Gummi-Industrie mat 16 Patenter revolutionnéiert. Seng gréisst Erfindung war en eng Maschinn, e Schredder am Fong, fir Gummi ze recycléieren!

A wat huet en da mam Charles Goodyear ze dinn?

Si hunn allen zwee d’Gummi-Industrie dominéiert. A si hunn allen zwee quasi gläichzäiteg  e Patent fir de Vulkaniséierungsprozess (ee Prozess dee Gummi méi flexibel mécht) ugefrot – deen een an Amerika an deen aner an England! Den Hancock war awer 8 Woche méi fréi, an ass dofir laang als Erfanner vun deem Prozess ugesi ginn! Mee do ass awer e bëssen industrielle Spionage hannendru gewiescht! De Goodyear hat de Prozess nämlech erfonnt, mee den Hancock ass iergendwéi un e Stéck vulkaniséierte Gummi vum him komm an huet de Prozess kuerzerhand ënnert sengem eegenen Numm patentéiert!

Dee Schoss ass jo dann awer no hanne lass gaang: vum Hancock héiert een näischt méi a Goodyear gëtt et ëmmer nach!

Jo, dat ass awer och well déi zwee hier Industrie an aner Richtungen entwéckelt hunn: Goodyear ass haut ëmmer nach a Pneue spezialiséiert, an den Thomas Hancock huet sech méi op waasserdicht Textilie konzentréiert. Déi éischt waasserdicht Kleeder, d’Verkleedung vun transatlanteschen Tëlefonskabelen a d’Waasserschläich vun de Pompjeeën .... alles Gummi-Textilie vum Hancock!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Cjp24

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

 

Auch in dieser Rubrik

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR