shotshop.com

Et gëtt anscheinend ganz seele Fäll, wou d’Wäschmaschinn an enger gewësser Weis tatsächlech Strëmp „frësst“.

Gëtt et wierklech Wäschmaschinnen, déi Strëmp friessen? Oder wat geschitt mat de Strëmp, déi am Haushalt verschwannen?

Also ech hunn dee Phänomen och schonn oft bei mir doheem beobacht. Mee sou grouss de Problem och ass  - et gëtt do awer net wierklech wëssenschaftlech Ënnersichungen dozou...An deene meeschte Fäll ass et esou, dass d’Strëmp de Wee guer net bis bei d’Wäschmaschinn fonnt hunn. War si trotzdem an der Wäschmaschinn, dann huet si sech wahrscheinlech an engem Diwwibezuch verstoppt well dat ass eppes ähnleches wéi eng Fëschfaal.

Ah sou?

Jo den Agang vun sou engem Bezuch ass jo meeschtens méi kleng, a wann do bis eng Strëmp de Wee ra fonnt huet fënnt se en nëmme schwiereg raus. Wann een also eng Strëmp verluer huet kann een an den Ecke vu Bettbezich sichen.

An du bass sécher datt d'Wäschmaschinn se net awer frësst?

Et gëtt anscheinend ganz seele Fäll, wou d’Wäschmaschinn an enger gewësser Weis tatsächlech Strëmp „frësst“: eenzel Strëmp kënnen sech an deem klenge Spléck tëschent der Gummisdichtung an der Trommel verfänken. A well d’Wäschmaschinn wieder dréit, an de Rescht vun der Wäsch dergéint dréckt, gëtt déi Strëmp lues a lues ëmmer méi wäit an dee Spléck gedréckt, bis se op eemol ënnert oder hannert der Trommel verschwënnt.

A kritt een déi dann do och erëm raus?

Wann d’Strëmp bis ganz hannert d’Trommel an de Bottech gerutscht ass gëtt et schwéier. Do misst een da schonn d’Trommel ausbauen an dat iwwerléisst een am beschten engem Expert. 

Ech perséinlech denke jo, dass et eng geheimnisvoll Plaatz an all Stot gëtt, wou lauter Saache verschwannen, just fir eis rosen ze maachen. Net just Strëmp, mee och och Ouerréng, Suen, Schrauwen, …

Auteuren: Michèle Weber & Joseph Rodesch (FNR)
Photo © shotshop.com

 

Infobox

Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 20/01/15 opgeholl

Kënne verschwonne Strëmp an der Wäschmaschinn Problemer verursaachen?

Dat ass éischter onwahrscheinlech, mee am schlëmmste Fall kéint eng Strëmp an den Offloss vun der Wäschmaschinn rutschen an alles verstoppen. Da gëtt et eng Iwwerschwemmung!

Wat maache mat all deenen hannerbliwwenen eenzelne Strëmp?

•          Zwou verschidde Strëmp undoen. Et kéint eng Kéier en neien Trend ginn…
•          Als Stëbslomp benotzen
•          Spillsaachen draus maachen: fëll se mat Räis oder Sand a maach ee Ball draus.
•          E puer Knäpp als Aen an e bësse Woll a Faarf, a schonn huet een e puer Charactèrë fir e Poppentheater!
•          Ee Portemonnaie fir all seng Mënz
•          Wann s de der ganz vill hues, bitz se all an eng Decken zesummen!
• …

Auch in dieser Rubrik

Kierperhygiene Wierken Deoe wierklech géint Schweessgeroch?

Grad am Summer gräifen der vill ganz selbstverständlech zum Deo. Awer hëlleft dee wierklech? A brauch iwwerhaapt jiddereen en Deo?

FNR
Konflikter tëschent Generatiounen Gen Z vs. Babyboomer: Wien ass méi faul?

Iwwer d'Gen Z soe munch Leit, se wier méi faul ewéi eeler Generatiounen, z. B. d'Babyboomer. Wat stécht dohannert? Huet d'Wëssenschaft tatsächlech Beleeg dofir? Oder ginn hei nëmme Klischeeë bedéngt?

FNR
Stoffwiessel Firwat ass Kacka brong?

Iwwer dat, wat mir op der Toilette ausscheeden, schwätze mer net oft, obwuel et vill iwwer eis Gesondheet verréit. Firwat ass Stull eigentlech brong? A firwat ass Urin giel?

FNR