NASA/Wikimedia Commons

Sou huet e Kënschtler de GPS Block II-F Satellit am Orbit vun der Äerd duergestallt.

Wisou muss een Aueren an de Weltraum schéissen, fir de Wee op der Äerd ze fannen? A wéi ass een eigentlech op d’Iddi komm, sech mat Hëllef vu Satellitten op der Äerd erëmfannen ze wëllen?

1957 waren d’Amerikaner geschockt well d’Russen den éischte Satellit, de Sputnik, an eng Äertëmlafbunn bruecht hunn. D'Amerikaner wollte genee wësse wou hien drun wier an hunn dunn, bannen engem Dag, en System entwéckelt wat dat méiglech gemaach huet.

A wéi hunn se dat gemaach?

Ma de Sputnik gëtt Funksignaler of. Am Radio konnt een dat als Piepen héieren. Dës Signaler hunn se mat verschidde Buedemstatiounen empfaangen a waren sou capabel dem Sputnik seng Positioun ze bestëmmen.

Mee mir wëlle jo awer wësse wou mir ënnerwee sinn, an net wou e Satellit ass!

Dofir huet een de Prinzip einfach ëmgedréint. Beim GPS-System weess een all Ablack ganz genee wou d’Satellitte sinn. Si schécke Funksignaler, déi da vum Navigatiounsapparat am Auto empfaange ginn. An well d’Funksignaler sech mat der selwechter Vitesse wéi d’Luucht ausbreeden, kann den Navi d’Distanz bis bei de Satellit berechnen.

Aha, d.h. wann een d’Zäit weess, déi d’Funksignal gebraucht huet, weess ee wéi wäit de Satellit fort ass?

Genee. Wann den Navi d’Funksignaler vu mindestens 4 GPS-Satellitten empfänkt, kann en doraus seng Positioun berechnen. Extrem wichteg ass heibäi, dass de Satellit eng ultragenee Auer u Bord huet. Si gëtt dem Funksignal d’Informatioun mat, wéini genee et op de Wee geschéckt gouf. Wann dës Auer och nëmmen eng dausendstel Sekonn falsch geet, gëtt d’Distanz bis bei de Satellit em 300 Kilometer falsch berechent!

Do hëlleft mer mäin Navi och net virun...

Jo. Dofir hunn d’GPS-Satellitten Atomaueren u Bord. Dës goufe vu Grondlagefuerscher entwéckelt a gi pro Dag bis op d’milliardstel Sekonn genee. Am Ufank waren se sou grouss wei en Zëmmer. Mee wéi se bis kleng genuch ware, konnt ee se an de Weltraum schéissen an de GPS-System entwéckelen.

Ginn Navigatiounssystemer an Zukunft nach méi präzis?

Jo. Di gréisste Feeler entstinn doduerch, dass d’Funksignal, während et d’Atmosphär passéiert, méi lues gëtt. Wann ee besser viraussoe kéint, wei staark d’Funksignal op sengem Wee bis bei den Navi ofgebremst gëtt, kéint een eng Genauegkeet am Zentimeterberäich erreechen. Dat ass d’Ziel vun den Entwéckler vum europäeschen Navigatiounssystem Galileo.

Klengt spannend … Dat heescht et gëtt nach ëmmer weidergefuerscht?

Op Allefalls. Dat ass jo dat Schéint un der Fuerschung!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: (c) NASA /Wikimedia Commons

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Auch in dieser Rubrik

Inox Seife
Alternativ zu der Seef? Kann Inox desagreabel Geréch neutraliséieren?

Inox-Seef – also e Stéck Metall - soll géint den haartnäckegsten Ënnen- a Knueweleksgeroch un den Hänn hëllefen. Léist sech dat wëssenschaftlech beweisen, Mr Science?

FNR
Stroossebau Gëtt et de perfekte Stroossebelag ?

Grëffeg, resistent a roueg … Dëst sinn nëmme e puer vun den Eegenschaften déi e Stroossenbelag muss hunn. De Mr Science geet an de Labo vu Pont&Chaussées op d’Sich nom perfekte Belag.

FNR, RTL
human hand touching robot hand
Clever Maschinnen Wat ass kënschtlech Intelligenz - a wéi intelligent ass se?

Kënschtlech Intelligenz ass en hot topic. Et kreéiert souwuel Hoffnung wéi och Angscht. Wat stécht hannert dëser Zukunftstechnologie?

FNR