Adolf Riess/pixelio.de

Am An gëtt duerch eng Bluttdrocksschwankung d’Netzhaut gereizt

D’lescht Woch ass mir beim Kachen d’Pefferdëppchen opgefuer - ech hunn sou genéitscht, dass ech e ganze Stärenhimmel virun Aen hat! Wat war dat?

Wanns du kräfteg néitschs, geet däi Bluttdrock kuerzfristeg staark erop a fält dann direkt erëm op de normalen Niveau zréck. Am An kann duerch sou eng Bluttdrocksschwankung d’Netzhaut gereizt ginn, op där déng Séinerve sëtzen. Vu dass dës Nerven all Reiz deen se kréien als Liichtsignal un d’Gehir weiderginn, interpretéiert dëst d’Informatioun falsch an du gesäis Stären. Dee selwechten Effekt kréie verschidde Leit wann se ze schnell opstinn, well do de Bluttdrock kuerz ofsackt an dann erëm eropgeet.

Jo, dat hunn ech och heiansdo. Dann ass et mer effektiv e puer Sekonnen dronken an ech gesinn och Stären. Wouduerch ginn déi da rëm fort?

Soubal däi Bluttdrock sech stabiliséiert huet, verschwannen och d’Stären erëm. Iwwregens gesinn eeler Leit, bei deenen d’Duerchbluddung net méi sou gutt funktionéiert, méi oft Stären. Och bei Jugendlechen ass et méi heefeg wéi bei Erwuessenen am mëttleren Alter.

Jo jo, déi maachen ze vill Party – dofir gesinn déi Stären...

Dat villäicht och, mee fir bei der wëssenschaftlecher Erklärung vum Bluttdrock ze bleiwen: Jugendlecher hunn natierlecherweis méi Bluttdrocksschwankungen a sinn dofir méi ufälleg.

Auteur: Liza Glesener
Photo: © Adolf Riess/pixelio.de

Infobox

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Wa mer nom Néitsche Stäre gesinn, ass dat, well ons Nerven onst Gehir ugeschmiert hunn. An der Medezin probéieren d’Fuerscher heiansdo och, d’Gehir unzeschmieren, z.B. bei der Behandlung vun der Parkinson-Krankheet.

Zu de Symptomer vu Parkinson gehéieren eng ganz Reim Problemer vum Beweegungsapparat: Kranker zidderen, hier Muskele gi starr, se kënnen sech just nach lues bewegen oder gi mat der Zäit ganz gelähmt. Parkinson ass eng Krankheet, déi d’Nervenzelle betrëfft - d’Problemer vum Beweegungsapparat kommen duerch Feelermeldung, déi d’Gehir dem Kierper weiderleet.

Deep brain stimulation (DBS) therapy ass eng Behandlungsmethod, bei där spezifesch Nervenzentren am Gehir vun enger klenger Maschinnchen, engem Hirn-Schrëttmaacher, elektresch stimuléiert ginn. Doduerch kënnen dem Gehir seng Feelermeldungen an domat och d’Beweegungsproblemer opmannst deelweis ënnerdréckt ginn.

Zu Lëtzebuerg beschäftege Fuerscher vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) sech mat dëser Aart Behandlungsmethod.