Viz

Metoc Via Wikimedia Commons

Am Verglach zu aner Uebstjus’en huet Äppeljus ee relativ héische Fruuchtzockergehalt.

Jo an dat läit um ville Fruuchtzocker. Wei och bal all aner Närstoff gëtt de Fruktos, also Fruuchtzocker iwwert den Daarm an de Kierper opgeholl. Am Fall vum Fruktos gëtt dofir een speziellen Transporter gebraucht, deen an den Zelle vun der Darmwand setzt. Well dësen Transporter awer séier mat enger grousser Quantitéit un Fruktos iwwerfuerdert ass, bléift vill dovun am Daarm zréck. Dësen iwwerschëssege Fruktos zitt Waasser aus den benoopechten Darmwandzellen an den Huelraum vum Daarm. D’Resultat ass dann e wässrege Stull. 

Wéi vill Viz dierf ech dann drénken? 

Dat hänkt natierlech ëmmer bësse vu Mënsch zu Mënsch a vu Viz zu Viz of. Graff gerechent kann ee soen, dass fir ee gesonden Erwuessene bis zu engem hallwe Liter Viz kee Problem dierft duerstellen. Et kënnt awer och drop un, wéi séier een de Viz drenkt an do gëllt: wat méi lues wat besser. Och fettegt Iesse mecht d’Verdauung méi lues a gëtt dem Kierper méi Zäit, de Fruuchtzocker opzehuelen.

Gëllt dat och fir Kanner?  

Kleng Kanner verdroe manner Fruuchtzocker a fir si kann den Duerchfall och geféierlech ginn. De Kierper verléiert mam Duerchfall ze vill Waasser an Närstoffer wat zur Dehydratioun féiere kann. Wann een op Nummer sécher well goen, da kann ee bei klenge Kanner de Viz einfach mat Waasser verdënnen.

Um Internet fënnt een awer och, dass Äppeljus ee gutt Hausmëttel géint den Duerchfall ass. Ass dat also en Mythos?

Dat ass effektiv net richteg. Den Äppeljus hëlleft net géint den Duerchfall selwer mee éischter géint d’Dehydratioun an den Närstoffverloscht déi doduerch entstinn. Eng Studie huet gewisen, dass een amplaz Elektrolytenléisungen aus der Apdikt de Kanner och Äppeljus kann ze drénke ginn awer nëmmen, an dat ass hei ganz wichteg, wann en mindestens zur Hallschent mat Waasser verdënnt gëtt. Puere Viz géif den Duerchfall erëm verschlëmmeren.

Wéi ass et mat aneren Uebstjus’en?  

Am Verglach zu aner Uebstjus’en huet Äppeljus ee relativ héische Fruuchtzockergehalt. Sou zum Beispill och Drauwen- oder Pompelmoussenjus. Dat heescht awer elo net, dass ee vun all aneren Uebstjus’en keen Duerchfall ka kréien. Och hei gëllt : Op d'Quantitéit kennt et un.  

Auteur: Lucie Zeches
Éditeur: Michèle Weber (FNR)

Villmools Merci dem Ernährungswëssenschaftler Thorsten Bohn vum Luxembourg Institute of Health (LIH) fir e Faktencheck an zousätzlech Explikatiounen!

Infobox

De Mr Science op ELDO RADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch interessant

Kachwëssen Wéi vill Alkohol bleift nom Kachen am Iessen?

Ob Boeuf bourguignon oder Béierzooss fir de Brod: Bei ville Rezepter kënnt Wäin oder Béier an d'Kachdëppen. Mä verkacht ...

FNR
Schlummertrunk Firwat mécht roude Wäin éischter midd?

Dacks geet ee Glas vun deem rubinroude¨n, schwéiere Wäin duer, a scho kënnt de Mann mam Hummer. Firwat ass dat sou?

FNR
COVID-19 Homeschooling Experimenter Looss eng Spiritusrakéit fléien!

De Joseph vu science.lu weist Dir am Experiment vum Dag, wéi ee mat bësse Brennspiritus an enger Fäsch eng Rakéit baut.

FNR