Marcus Obal via Wikimedia Commons

Eréischt wéi Sportaarte wéi Fussball, Cricket, Rugby a Golf populär gi sinn, koum d’Iddi vun enger Méimaschinn op.

Ouni des Erfindung hätten d'Englänner haut keen sou e perfekte Wuess: da missten se mat der Schéier hiren englesche Wues an der Rei halen! Den 31. August 1830 gouf déi éischt Méimaschinn an England patentéiert.

Deemools war en englesche Wues nach net denkbar! Eng normal Wiss konnten och just déi sech leeschten, déi e Gäertner haten. Eréischt wéi Sportaarte wéi Fussball, Cricket, Rugby a Golf an England populär gi sinn, ass d’Iddi vun enger Méimaschinn opkomm.

1830 huet dunn den Edwin Budding ugefaang seng mechanesch Méimaschinn ze produzéieren an ze verkafen. Si hat awer nach kee Motor, se huet also misse vun engem Päerd gezu ginn. D’Päerd kruten dofir grouss mëll Schlappen un, fir d’Grass net platt ze trëppelen. Et huet nach weider 30 Joer gedauert bis de Mënsch selwer d’Méimaschinn konnt zéien oder drécken, an nach eng Kéier 30 Joer bis déi éischt motoriséiert Méimaschinnen opgetaucht sinn.

Biller vun der éischter Méimaschinn fannt dir iwwert d'Linken an der Infobox. 

Text: Corinne Kroemmer
Photo 
© Marcus Obal via Wikimedia Commons

Auch in dieser Rubrik

Auto-Motoren Wéi funktionéiert e V8-Motor?

E Bléck op verschidde Verbrennermotoren, wéi se gebaut sinn a firwat elektresch Autoen op eemol e kënschtleche Sound brauchen.

FNR
Fettzellen
Éiwegt Fett Verschwanne Fettzellen, déi sech eemol gebilt hunn, ni méi?

Fettzelle solle ganz schéin zéi sinn. Stëmmt et, datt si ni méi fortginn, nodeems se sech eemol am Kierper gebilt hunn, mee héchstens méi kleng ginn?

FNR
Eng Paus mam Iessen Ass Intervallfaaschte gesond?

Intervallfaaschte soll gesond sinn a schlank maachen. Awer lount et sech wierklech z. B. op d'Iessen owes ze verzichten? Fir verschidde Leit schonn, seet de Mr. Science.

FNR