(c) leonardo medicalShotshop

D’Fuerscher beschäftege sech eréischt säit de 60er Jore mat der Liewenserwaardung vun eise Kierperzellen. 50-70 Milliarden Zelle stierwen näämlech all Dag an eisem Kierper a ginn ersat. Dat ass wéi wann d’ganz Weltbevëlkerung 10 mol den Dag giff ausstierwen!

Verschidden Zelle liewen näämlech geféierlech. Wéi zum Beispill d’Zellen an eisen Otemweeër , Mo oder Daarm. Déi si regelméisseg geféierlechen oder gëftege Substanzen ausgesat a mussen dofir aus Sécherheetsgrënn regelméisseg vun eisem Kierper ersat ginn. Grad esou Imunzellen, déi sech all béisen Ugrëffer stellen. 

Dofir sinn déi Zelle genetesch virprogramméiert fir no kuerzer Zäit schonn ersat ze ginn an ze stierwen.

Fir aner Zellen ass méi eng laang Liewensdauer virgesinn, well se méi e gemittlecht Liewe féieren. Zum Beispill Nervenzellen! Mee och déi kenne virzäiteg “Selbstmord” man, falls se krank sinn oder iergendeppes net méi ronn leeft!

Op des Manéier ersetzt eise Kierper seng Zellen all 7 Joer eng Kéier.

Trotzdem gëtt ee méi al, dat ass näämlech just en Duerchschnëtt! Wäiss Bluttkierpercher zum Beispill ginn all puer Stonnen ersat, Hautzellen all puer Wochen a ganz spezialiséiert Gehirzellen just all puer Jorzéngten oder guer net. Déi alteren also ganz normal. An och déi, déi regelméisseg ersat ginn, alteren! Well bei all Zelldeelung kenne Feeler a Problemer optauchen, déi zur Alterung bäidroen! Dat Ganzt  ass also eng kleng Verjéngungskuer fir eise Kierper, mee trotzdem kee Wonnermëttel géint Falen!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto: ©leonardo medicalShotshop
 

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

Auch in dieser Rubrik

Stierwen an Doud Wat geschitt mam Kierper nom Doud?

Allerhellege steet virun der Dier. Vill Leit besichen deen Dag d’Griewer vun hire Verstuerwenen an denken un si. An deen een oder anere freet sech dobäi vläicht, wat mat eis nom Doud geschitt.

FNR
Buschtawenzalot Wat ass eigentlech Dyslexie?

Wärend vill Kanner spilles liesen, stolperen anerer iwwer Buschtawen. Wouru läit dat a wat kann een dogéint maachen?

FNR
Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR