© shotshop.com

Frae gi méi liicht voll wei Männer.

Ze vill Alkohol mécht voll. Mee dat geet nach vill méi séier wann een op niichtere Mo drénkt. Firwat?

Well den Alkohol da méi séier an d’Blutt geet an net vu Fetter an anere Bestanddeeler vun eisem Iessen opgehale gëtt.
D’Voll si spillt sech am Gehir of, wou den Alkohol d’Aktivitéit vun den Nervenzelle steiert. Vir dohinner ze komme muss en als éischt an eist Blutt. Dat geschitt, andeems den Alkohol duerch d‘Schläimhait an eis Zelle wandert. Zu engem klengen Deel geschitt dat direkt nom drénke – per Diffusioun duerch eis Schläimhaut am Mond. Ronn 20 Prozent vum Alkohol kommen am Mo an d‘Blutt, de gréissten Deel awer an eisem Dënndaarm. An wei séier dat geet, hänkt ënner anerem vum Fëllstand vun eise Verdauungsorganer of. Wann se eidel sinn, fënnt den Alkohol méi séier de Wee duerch eis Mo- an Daarmwand.

Drénkt een awer Béier oder Wäin wärend dem Iessen, dann entsti bei zersetze vum Iesse Stoffer déi den Alkohol fir eng kuerz Zäit un sech bannen.

Kann een dann duerch Iessen verhënneren datt ee voll gëtt?

Kaum. Et kann een awer retardéieren, wéini den Alkohol wierkt. Mee den Effet hänkt dovunner of, wéi eng Saachen een ësst. Virun allem fettegt Iesse mécht d'Resorptioun méi lues- dat ass d’Opnam vum Alkohol an eise Kierper. Eng Botter Schmier, eng fetteg Vinaigrette fir t’Zalot oder eng deck Kotlett kann d’Voll gi bremsen. Mee et léisst sech net verhënneren. Spéitstens no zwou Stonnen ass den Alkohol op allen Fall am Blutt ukomm.

Spillen nach weider Faktoren eng Roll?

Alkoholesch Gedrénks mat Kuelesaier wéi Cremant oder een extra spruddelege Béier wierken extra séier. Well déi kleng CO2 Bliesecher d’Duerchbluddung an der Schläimhaut vun eisem Mo an dem Daarm stimuléiert.  Fëmmen dogéint bremst d‘Alkoholopnam.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Joseph Rodesch(FNR), Jan Bidinger
Foto: shotshop.com

D’Geschlecht ass entscheedend?

Frae gi méi liicht voll wei Männer. Dat läit dorunner dass sech Waasser a Fettundeeler am Kierper bei béide Geschlechter ënnerscheeden. Wärend déi männlech Zellen am Schnëtt aus 60 bis 70 Prozent Waasser bestinn, sinn et bei Fraen nëmme 50 bis 60 Prozent. Ëmgedréint ass de Fettundeel bei Frae méi héich. Well sech Alkohol gutt an Waasser mee bal net a Fett léisst, kann en sech am Männleche Kierper besser verdeelen. D’Konzentratioun vum Alkohol am Gehir klemmt bei Frae méi séier an t'Luucht.

Sou gëtt den Alkohol ofgebaut

E klengen Deel vum Alkohol dee ophuelen, evakuéiert eise Kierper onverännert duerch eis Otemloft – dat nennt een dann de „Fändel“. Een Deel vum Alkohol gëtt och eraus geschweesst oder duerch den Urin aus dem Kierper geleet. Dee gréissten Deel gëtt vun eiser Verdauung verschafft, dat heescht: chemesch an aner Substanzen zerluecht. Dat geschitt virun allem an eiser Liewer, an déi den Alkohol duerch eist Blutt kennt. Chemesch gesi leeft an eisem Blutt eng Oxidatioun of, bei där ënner anerem Acetaldahyd produzéiert gëtt- ee gëftege Stoff a mat verantwortlech den décke Kapp den Daach dono. Enzymer transforméieren dee Stoff an aner Substanzen, déi iwwert Long an Nieren ausgescheet ginn.

Infobox

Mr Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op ELDORADIO eng Fro.

Quellen

https://www.ernaehrungs-umschau.de/fileadmin/Ernaehrungs-Umschau/pdfs/pdf_2007/02_07/EU02_90_93.pdf

https://fet-ev.eu/alkohol-chemie-stoffwechsel/

http://www.suchtschweiz.ch/fileadmin/user_upload/DocUpload/alkohol_koerper.pdf

https://www.bads.de/informieren/alkohol/alkoholwissen/alkohol-stoffwechsel/alkohol-stoffwechsel/