person sitting on bed with head on knees

AdobeStock

De Begrëff Depressioun kënnt aus dem Laténgeschen a bedeit „erofdrécken“ an esou fillt et sech och un.

Eng Depressioun ka jiddereen treffen, a si sinn tatsächlech wärend der Pandemie méi heefeg ginn1. Wat si ganz konkret ausléist, ass nach net ofschléissend gekläert. Momentan si verschidde Facteuren als Ausléiser bekannt: eng genetesch Dispositioun, Verännerunge bei den Hormoner – zum Beispill wärend enger Schwangerschaft –, Stoffwiesselverännerungen am Gehier oder psychosoziale Stress2. Medezinner hunn och eng Rei Risikofacteuren3 identifizéiert an domat Moyene fir d'Preventioun4.

Wéi kann een dann eng Depressioun evitéieren?

Sech reegelméisseg un der frëscher Loft beweegen, sech gesond ernären, mat Alkohol a Koffein spuersam ëmgoen an op Nikotin verzichten – dat hëlleft net just als Preventioun géint Depressiounen. Och bewosst Entspanen – zum Beispill mat Meditatioun an Achtsamkeetsübungen – kann de Risiko vun enger Depressioun reduzéieren. Wichteg sinn och sozial Kontakter, besonnesch mat Mënschen, déi engem e gutt Gefill ginn.

Wéi mierken ech iwwerhaapt, dass ech depressiv sinn?

De Begrëff Depressioun kënnt aus dem Laténgeschen a bedeit „erofdrécken“ an esou fillt et sech och un. D'Stëmmung ass um Buedem5; den Driff geet géint null; Freed, Loscht an och d'Hoffnung verschwannen aus dem Liewen; an d'Selbstwäertgefill geet verluer. Dës Gefiller entstinn zwar och bei Trauer, hale bei enger Depressioun awer vill méi laang un.

Wat kann ech maachen, wann et esou wäit komm ass?

Eng Depressioun ass eng Krankheet an et brauch een onbedéngt medezinesch Hëllef. Mat Psychotherapie, Antidepresseuren an enger Panoplie vun ënnerstëtzende Behandlungen ewéi Luucht- oder Schlofentzuch-Therapie kënnen Depressiounen an de meeschte Fäll gutt behandelt ginn.

Zuelen, wannechgelift!

  • Et gëtt geschat, dass 16 bis 20 Prozent vun all de Mënsche mindestens eemol an hirem Liewen un enger Depressioun oder enger chronesch depressiver Verstëmmung erkranken6.
  • Aktuell leide weltwäit zirka 280 Millioune Mënschen un Depressiounen7,8.
  • Bei Erwuessene läit den Taux vun de betraffene Persoune bei zirka 5 Prozent; bei Persounen iwwer 60 Joer läit e bei 5,7 Prozent.7,8
  • Eng Ënnersichung aus Däitschland seet: Vun den 10 Beruffer mat dem héchsten Depressiounstaux gehéiere 7 zum soziale Beräich ewéi Educateuren an Educatricen an d'Fleegepersonal an Altersheemer oder Klinicken9.
  • A schwéiere Fäll kann et bei enger Depressioun zum Suicide kommen. All Joer stierwe weltwäit iwwer 700.000 Mënschen duerch d'eegen Hand7,8.
  • Bei jonke Leit tëschent 15 an 29 Joer ass Selbstmord déi véiertheefegst Doudesursaach7,8.
  • De Behandlungstaux schwankt jee no Land tëschent 50 an 10 Prozent. Dat heescht, manner ewéi d'Hallschent vun de betraffene Persoune kritt eng Therapie. Dat läit engersäits un der ageschränkter Effikassitéit vum jeeweilege Gesondheetssystem, wat dës Krankheet ugeet; anerersäits awer och dodrun, dass psychesch Krankheeten nach ëmmer op der ganzer Welt staark stigmatiséiert sinn10.

Denks du heiansdo u Suicide oder kenns du een, deen esou Gedanken äussert? Hëllef an Informatiounen zu Lëtzebuerg kritt een op der Internetsäit https://www.prevention-suicide.lu/

Diagnos Depressioun

Et gi klassesch an „ontypesch“ Depressiounen, an d'Symptomer kënnen esouwuel de Kierper ewéi och de Geescht betreffen. Op dëser Internetsäit vum Service Information et Prévention de la Ligue ginn d'Unzeechen an d'Symptomer vun enger Depressioun beschriwwen. Hei kanns du och e Selbsttest maache mat entspriechende Recommandatiounen an Tipps.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur: Michèle Weber (FNR)

Iwwersetzung: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

Auch in dieser Rubrik

Naturschutz am Gaart Ass en Insektenhotel gutt oder schlecht?

Mr Science, iwwerall stinn dës Insektenhoteller mat Äscht a Bambusréiercher, an deenen Insekten niste sollen. Sinn déi eigentlech wierklech sënnvoll fir den Insekteschutz?

FNR
Examen Stress
En eidele Kapp Wat maache bei engem mentale Blackout?

D'Virbereedung op eng Prüfung kann nach esou gutt sinn. Wann et drop ukënnt, dann ass de Kapp heiansdo komplett eidel. Wat kann ee géint esou e Blackout maachen? A firwat geschitt dat iwwerhaapt?

FNR
Gediechtnes Firwat léiert ee Songtexter méi einfach ewéi Physiksformelen?

Mr Science, wann ech e Lidd eng Kéier héieren, kennen ech de Refrain direkt auswenneg. Firwat verhalen ech d'Songtexter esou einfach, woubäi ech mat thermodynamesche Formelen ëmmer hu misse kämpfen?

FNR