Dat schéngt jo dann awer net esou den Dramberuff ze sinn...

Jo, mee si drénken den Urin jo net direkt, dee gëtt fir d’éischt nach traitéiert! D’ internationaler Raumstatioun ass einfach net grouss genuch fir dass jidderengem seng eege Waasserreserve matbréngt. Dofir hu si eng aner, vill méi ëmweltfrëndlech Léisung fonnt: si recycléieren all hiert Waasser, esouguer hiren Urin!

Boah! Urin ass jo zwar net gëfteg, mee trotzdem! Kanns de deenen dat wierklech zoumudden?

De Frank Dewinne, e belschen Astronaut deem ech op enger Konferenz begéint war, seet dass et zwar am Ufank e bësse komesch ass, mee dass de dech awer mat der Zäit dru gewinns. Schliisslech gëtt den Urin jo traitéiert, an d’Drénkwaasser op der Raumstatioun huet duerno esou guer eng besser Qualitéit wéi sou munch Waasser wat bei eis aus dem Krunn kennt!

Wow! Wéi maachen se dat dann?

Den Urin an d’Wäschwaasser gi verdämpe gelooss, fir d’Waasser vun de Salzer, a wat soss nach sou do dran ass, ze trennen. Dee Waasserdamp an d’Fiichtegkeet aus der Loft, déi vum Schweess staamt, gi gesammelt an da kondenséiere gelooss. Da kommen nach e puer Mineralien dran, a scho kann ee et erëm drénken!

A schonn huet een aus dem Urin, Wäschwaasser a Schweess proppert Drénkwaasser gemaach! Wéi einfach et dach ass!

Auteur: Corinne Kroemmer
 

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     

Auch in dieser Rubrik

Gebuertsdag A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?

All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

FNR
Musik und Psyche
Musek a Psyche Firwat wierkt Musek sou staark op eis Stëmmung?

Musek a Sprooch, dat hu just mir Mënschen. Musek wierkt op eise Kierper an op eis Séil, seet de Mr Science.

FNR
Naturschutz am Gaart Ass en Insektenhotel gutt oder schlecht?

Mr Science, iwwerall stinn dës Insektenhoteller mat Äscht a Bambusréiercher, an deenen Insekten niste sollen. Sinn déi eigentlech wierklech sënnvoll fir den Insekteschutz?

FNR