Adobe Stock

Tjo, dat ass eng gutt Fro, op déi et keng einfach Äntwert gëtt. Eng Etüd huet gewisen, dass mir an der Adventszäit méi positiv op d'typesch Chrëschtdagsgewierzer reagéieren ewéi am Summer. Mä dat kann einfach just dodru leien, well mir vu Klengem un dru gewinnt sinn, dass et ebe „Chrëschtdagsgewierzer“ sinn. Historiker mengen, dass si e Relikt vun der mëttelalterlecher Kachkonscht sinn, an där vill méi staark a vilfälteg gewierzt ginn ass ewéi haut. Firwat sech awer virun allem an der Chrëschtdagsbäckerei Gewierzer ewéi zum Beispill Kanéil, Neelcheskäpp a Kardamom hale konnten, ass net gekläert. Vläicht well si als eedel, deier oder exotesch ugesi ginn an ee sech an der Adventszäit gär eppes gënnt. Vläicht läit et awer och dorun, dass si un arabesch Delikatessen erënneren, déi d'Helleg Dräi Kinneken niewent Gold, Weirauch a Myrrhe méiglecherweis am Gepäck haten.

Wouhier wësse mir dann, wéi eng Gewierzer d'Leit am Mëttelalter giess hunn?

Heifir ginn et méi Quellen: zum Beispill d'Opzeechnunge vu Commerçanten, déi zu Venedeg mat grousse Quantitéiten u Gewierzer aus dem arabesche Raum gehandelt hunn. Vereenzelt konnte Fuerscher och Gewierzreschter a mëttelalterlechen Toiletten Latrinne fannen2. Mä besonnesch wäertvoll Hiweiser kommen aus historesche Kachbicher, well an hinne steet, a wéi enge Platen d'Gewierzer wierklech verschafft gi sinn3. Esou recommandéiert beispillsweis e Kachbuch aus dem mëttelalterleche Frankräich Kanéil, Neelcheskäpp a Muskotnoss fir Fleesch-, Fësch- a Gefligelplaten. An an engem ale katalanesche Kachbuch gi vun am Ganzen 200 Platen der 125 mat Kanéil gewierzt. Am 17. Joerhonnert huet sech d'franséisch Kichen awer nei erfonnt a gëtt zanterhier den Toun u fir räich Leit oder Gesellschaftsschichten, déi eng besser sozial Positioun ustriewen.

A wat war den neie gastronomeschen Ideal?

De Goût vun den Ingrediente sollt een nach erkennen an e gouf duerch duuss Zosen op Basis vu Botter, Eegiel oder enger Mehlschwitze ënnerstrach. Ze staark ze wierze war schlecht ugesinn – kannereg oder esouguer „arabesch“. Mä déi nei franséisch Kachkonscht huet sech net iwwerall komplett duerchgesat. Wärend an der haiteger franséischer Kiche Gewierzer an Desserte just nach ganz dezent agesat ginn, hu sech staark gewierzte Kuchen, Kichelcher an aner séiss Plate virun allem an de méi nërdleche Länner gehalen. An dozou gehéiert typescht Chrëschtdagsgebäck ewéi Liefkuch, Spekulatius oder Zimtstären.

Infobox

Wéi huet d'mëttelalterlech Kiche geschmaacht?

Et kann ee se e bësse mat der haiteger asiatescher Kiche vergläichen: Séiss a sauer goufe gär kombinéiert, amplaz Botter gouf Mandelmëllech benotzt an d'Zose ware staark gewierzt. Am Mëttelalter goufe virun allem Peffer, Ingwer, Zocker a Kanéil aus dem arabesche Raum importéiert. Richteg räich Leit hunn ausserdeem och mat den deierste Gewierzer ewéi Neelcheskäpp, Safran, Muskotnoss a Guineapeffer wierze gelooss. Guineapeffer schmaacht schaarf, mä gläichzäiteg och aromatesch a liicht no Zitrusfriichten. En ass eent vun de ville Gewierzer, déi am Mëttelalter benotzt goufen, ewéi Thai-Ingwer – och Galangal genannt –, déi mir haut just nach an exotesche Kiche fannen.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Quellen