(c) Fiischen

D'Rout Bréck ass ganz aus Stol gebaut, a wann d’Sonn am Summer drop dréckt, dann dehnt de Stol sech aus an d’Bréck gëtt bis zu 25 cm méi laang!

Heescht dat elo dass ech am Wanter manner wäit lafe muss wann ech vum Kierchbierg an d’Stad wëll?!

Nee, eigentlech net. Well d’ Bréck esou eppes lieweges an dynamesches ass, hunn d’Bréckeningénieure virgesuergt. An der Strooss selwer sinn Dehnungsfugen. Déi sinn elastesch a ginn einfach zesummegequëtscht wann d’Strooss sech mat der Bréck ausdehnt. D’Bréck selwer gëtt zwar méi laang, mee si däerf jo näischt op den zwou Säiten auserneen drécken! Dofir sinn 4 grouss Rullen tëscht dem Sockel an der Bréck. D’Bréck rullt also hin an hier wann se sech ausdehnt oder zesummenzitt!

Ok, eng Bréck ass jo dann nach laang net esou fest wéi ee géif mengen. Mee de Wee vum Kierchbierg an d’Stad bleift op alle Fall dee selwechten, Summer wéi Wanter!

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto © Fiischen 

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

 

Auch in dieser Rubrik

Psychologie Wéi bréngt de Marketing eis dozou, eppes ze kafen?

Remisen, Zäitdrock an Artikelen, déi bal ausverkaaft sinn. Beim Black Friday ginn dacks geziilt Verkafsstrategien agesat. Wat passéiert dobäi eigentlech am Kapp?

FNR
Verkéiersfuerschung Hëllefen automatiséiert Autoe Phantomstauen z’evitéieren?

En Auto bremst kuerz, a méi wäit hanne steet op eemol alles. Fuerassistenzsystemer an automatiséiert oder autonom Autoe kënnen esou Phantomstauen ofschwächen. Entscheedend ass, wéi se reagéieren.

FNR
Killwaasser Benotzen oder verbrauche Rechenzentre Waasser?

Fir net ze iwwerhëtzen, brauche Rechenzentre Waasser. Wat passéiert eigentlech domat? Dat hänkt virun allem vun der Killtechnik an dem Stroummix, deen agesat gëtt, of.

FNR