Inox Seife

Th145, CC BY-SA 2.0 DE by Wikimedia Commons

Inox-Seef soll haartnäckeg Gerécher vun den Hänn neutraliséieren, an als Deo géint den Schweessgeroch hëllefen - stëmmt dat?

Et gëtt et wierklech- Inox- Seef (an souguer Deo). Bei enger Inox-Seef handelt et sech em eefërmeg Inox-Stécker, déi schéin ausgesinn an anscheinend haartnäckeg Gerécher besser sollen wech huelen wéi normal Seef. Fir dëst Verspriechen feelt et awer u Beweiser. Ech hunn heiriwwer just Temoignagen fonnt awer keng eenzeg wëssenschaftlech Etude.

Wat soen dann d’Produzenten, wei hier Inox-Seef funktionéieren soll?

D'Uewerfläch soll d’Gerochsdeelercher bannen oder wéi e Katalysator wierken an se ofbauen. Mee fir d’éischt soll dat Thema an enger seriöer wëssenschaftlecher Etude ënnersicht ginn, réischt da wier ech mer sécher. Ech hat och laang esou eng Inox-Seef mee ech konnt keen Ënnerscheed zur normalem Hännwäschen mat Waasser feststellen.

Mol ugeholl d’Inox-Seef géif funktionéieren, da misst dach d’Inoxdëppen jo och d’Aromen vum Iessen zerstéieren...

Eigentlech schonn...  me dat ass éischter net de Fall, mee och dozou ass d’Studielag ganz dënn. Aus enger Etude kann een mëttlerweil ëmmerhin op dëst Resultat schléissen.

Wat huet déi Studie dann genau rausfonnt?

D’Fuerscher wollten rausfannen wei verschidden Metaller den Geschmaach vu Iessen beaflossen. Dofir hu si Testpersounen entweder séiss, sauer, salzeg, batter oder neutral Crèmen zerwéiert, an dees hunn si mat verschiddene Läffelen misse schmaachen. Läffelen, déi mat Zénk an Koffer beschicht sinn, beaflossen den Geschmaach däitlech: d’Schlagsan schaach an deem Fall méi metallesch oder méi batter. Erstaunlecherweis huet dat d’Testpersounen awer net gestéiert. Gold an Inox hunn de Geschmaach net beaflosst. Dëst ass also éischter eng Entwarnung vir d’Inoxdëppen.

Gerochselimineierung wéinst dem Placebo-Effekt?

Inox-Seef soll net nëmmen haartnäckeg Gerécher vun den Hänn neutraliséieren, an als Deo géint den Schweessgeroch benotzt ginn, mee och vill desagreabel Geréch aus der Raumloft, am Frigo oder an der Toilettëschossel neutraliséieren. Mee villäicht ass et hei den Placebo-Effekt den zouschléit. Wann en un déi Anti-Gerochswirkung gleeft, da mengt een datt se och wierklech do ass. Fir hei Liicht an d’Donkel ze kreien, misst een eng Studie mat Persounen maachen déi net wëssen, ob en Inoxstéck am Raum, Frigo oder an der Toilettëschossel verstoppt ass oder net. An optimalerweis dierften souguer d’Wëssenschaftler déi d’Gerochsbewertung vun den Testpersounen notéieren och réischt no der Auswäertung gesot kréien, wou a wéini en Inoxstéck verstoppt war a wéini net, well souguer hir Erwardung wéi d’Resultat kéint ginn kann eng Etude verfälschen.

Auteur: Ingo Knopf
Editeur & Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Quellen
Mister Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch in dieser Rubrik

Tokyo 2021
Olympesch Summerspiller zu Tokio Wéi vill Sport ass gutt fir eise Kierper?

Den 23. Juli fänken d'Olympesch Spiller a Japan un. Fir eng Medail ginn d'Athleten un hir Grenzen. Wat bedeit dat fir de Kierper?

FNR
Muschel rauschen
Mier a Plage to go Firwat héiert een a verschiddene Muschelen d'Mier dauschen?

Hält een eng Muschel un d'Ouer, da mengt een, et géif een d'Mier dauschen héieren. Mä wou kommen dës Geräischer a Wierklechkeet hier?

FNR
Mr Science PISA Kënne mir eis Gene beaflossen?

De Mr Science an d'Michèle vu science.lu probéieren, ob si duerch Sport oder Meditatioun Genen un- oder ausschalte kënnen – an doduerch e puer Joer méi jonk kënne ginn.

FNR, RTL, LIH