D’Erfindung vum Dynamit, engem Sprengstoff dee méi sécher ze handhaben ass wéi de rengen, flëssegen Nitroglycerin, , aus dem en zu 75% besteet, ass nëmmen den Ufank vum Nobel senger Legend. Als geniale Geschäftsmann huet e ronn 80 Fabrike rondrëm seng 355 Patenter opgebaut an ass domat fuerchtbar räich ginn.

Mee wéi eng franséisch Zeitung  emol irrtëmlecherweis behaapt huet:  “ […]le marchant de la mort est mort”-an dobäi huet en nach gelieft - gouf den Här Nobel nodenklech. Als Pazifist war et him net geheier dass seng gréissten Erfindung zu enger vun de geféierlechste Krichswaffe ginn ass. Fir säin Numm erëm an d’richtegt Liicht ze bréngen, huet en a sengem Testament festgehal dass säi ganze Räichtum an d’Grënnung vun enger Fondatioun soll fléissen. An déi, mir kënnen eis et schonn denken, vergëtt bis haut den Nobelpräis!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch in dieser Rubrik

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR