Bic

Bicker sinn immens praktesch, nëmmen eppes hunn se net gären: Nätzt. Wann de Notizblock ee mol e puer Reendrëpsen ofkritt huet, kapituléieren se meeschtens. Firwat ass dat esou?

D’Minn vum Bic ass ee Réierche dat mat Tënt gefëllt ass, dat um ënneschten Enn mat enger klenger Kugel zou gemaach ass. Beim Schreiwen dréint d‘Kugel sech an hëllt dobäi Tënt mat, déi um Pabeier erofgerullt gëtt. Dee selwechte Prinzip fënnt een och bei engem Rulldeo. Anescht wie bei der Flëssegkeet aus dem Deo ass d’Tënt vum Bic eppes zimlech Déckflësseges. De Stëft däerf jo net drëpsen oder schmieren. Dowéinst muss t’Kugel gutt un der Ënnerlag pechen, fir sech géint de Widderstand vun der zéier Tënt ze dréinen. Wann de Pabeier naass ass, rutscht t’Kugel iwwert de Pabeier amplaz sech ze dréinen. T’Kugel kann da keng Tënt méi ophuelen an op dat naasst Blat iwwerdroen.

Reen mécht also de Pabeier méi glat, ech verstinn. Aus deem selwechte Grond kann ee mat engem Bic och nëmme schwéier eppes op Plastiks Folië schreiwen?

Jo, déi Uewerfläche sinn och ze glat. Et gëtt awer speziell Bicker, mat deenen ee souguer ënner Waasser schreiwe kann! Eigentlech sinn déi entwéckelt gi vir se am Weltraum ze benotzen.

Am Weltraum schreift een awer net ënner Waasser!

Nee. Dat ass nëmmen een nëtzlechen Nieweneffekt vun dee Weltraum-Bicker. Déi hu nämlech eng speziell Tëntepatroun, déi ënner Drock steet. Sou kann een och domadder schreiwen, wann t’Schwéierkraaft feelt, fiert Tënt an t'Spëtz ze drécken. Fir dass t’Tënt duerch den Drock awer net drëpst oder ausleeft gouf eng speziell Tënt entwéckelt. Déi ass mega déckflësseg a eréischt wann d‘Kugel ufänkt sech ze dréine gëtt se méi dënnflësseg wei di normal Tënt. T’Kugel dréint sech mat wéineg Widderstand an et kann een sou och op glaten oder naassen Uewerfläche schreiwen!

Auteur: scienceRELATIONS / Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Joseph Rodesch (FNR), Bidinger Jan
Foto: shotshop.com

Nach e puer aner Froen...

Ween huet de Bic erfonnt?

Obwuel de Prinzip einfach ass, hu vill kleng Problemer misste geléist ginn, ier de Bic zu engem Masseprodukt konnt ginn. Deen éischte Brevet fir de Bic ass aus dem Joer 1888. T’Kugel aus dësem Gerät war awer esou grouss, dass en net benotzt konnt ginn fir normal ze schreiwen. Den Erfinder huet probéiert et als Stëft ze kommerzialiséieren, deen ee benotzt fir Lieder an ähnlech Materialien ze markéieren. Domadder hat hien awer kee kommerziellen Erfolleg. Weider Erfinder hunn dono Joerzéngte laang un der Tënt experimentéiert an hunn t’Kugel an hire Support ëmmer méi präzise hiergestallt. Réischt nom zweete Weltkrich war de Bic um Wee Richtung Erfolleg.

Wat maachen, wann de Bic streikt?

Oft hëlleft et, de Bic op enger rauer Uewerfläch ofzerullen, wéi zum Beispill op engem Gummi. Dann pecht t’Kugel gutt op der Ënnerlag a kann dann erëm un dréie kommen. Een aneren Trick ass de Bic ganz séier ze dréinen. Da kann d‘Fliehkraaft d’Tënt erëm an t'Richtung vun der Spëtz drécken. Wann dat alles net hëlleft kann ee probéieren fir d’Minn virsiichteg ze erhëtzen, fir dass d’Tënt méi Dënnflësseg gëtt. Dofir kann een de Bic op eng Heizung leen.  Couragéierter benotzen dofir souguer ee Briquet. Dobäi soll een awer gutt oppassen, dass de Stëft net schmëlzt oder ufänkt ze brennen…

Infobox

Mr Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op ELDORADIO eng Fro.

Auch in dieser Rubrik

Kierperhygiene Wierken Deoe wierklech géint Schweessgeroch?

Grad am Summer gräifen der vill ganz selbstverständlech zum Deo. Awer hëlleft dee wierklech? A brauch iwwerhaapt jiddereen en Deo?

FNR
Konflikter tëschent Generatiounen Gen Z vs. Babyboomer: Wien ass méi faul?

Iwwer d'Gen Z soe munch Leit, se wier méi faul ewéi eeler Generatiounen, z. B. d'Babyboomer. Wat stécht dohannert? Huet d'Wëssenschaft tatsächlech Beleeg dofir? Oder ginn hei nëmme Klischeeë bedéngt?

FNR
Stoffwiessel Firwat ass Kacka brong?

Iwwer dat, wat mir op der Toilette ausscheeden, schwätze mer net oft, obwuel et vill iwwer eis Gesondheet verréit. Firwat ass Stull eigentlech brong? A firwat ass Urin giel?

FNR