Sternzeichen

Adobe Stock

Grad am Ufank vum neie Joer wëlle vill Leit hiert Horoskop liesen. Si hoffen, eppes iwwert hir perséinlech Zukunft gewuer ze ginn. Mä d'Stäre sollen och Informatiounen iwwer mënschlech Charakteristike ginn an d'Fro beäntweren: Wéi e Partner passt bei mech? Hunn d'Stäre wierklech en Afloss op eist Liewen? Ginn et dofir wëssenschaftlech Beweiser?

Nee. Och wa vill Leit vun der Muecht vun de Stären an de Stärenzeechen iwwerzeegt sinn: Et gëtt keng schlësseg wëssenschaftlech Erklärung, wéi d'Konstellatioun vun de Stären d'Liewen op der Äerd beaflosse kéint. Et ginn och keng wëssenschaftlech Beweiser dofir, dass d'Aussoe vun der Astrologie stëmmen: D'Prognosen an den Horoskoper hunn eng änlech Trefferquot, wéi wann ee probéiert, d'Zukunft z'erroden. An obwuel d'Fuerschung scho laang probéiert, pertinent Unhaltspunkte fir eng Verbindung tëschent dem Stärenzeechen an dem Charakter ze fannen – bis elo ass hinnen dat net gelongen.

Wéi wëll d'Fuerschung dat Rätsel da léisen?

Wëssenschaftler aus Dänemark an Däitschland hunn eng apaart ëmfaassend Studie gemaach. Si hunn d'Gebuertshoroskoper vun iwwer 15.000 Mënschen ënnert d'Lupp geholl an no engem statisteschen Zesummenhang tëschent dem Gebuertshoroskop a Charakteristike vun der Perséinlechkeet gesicht. Si hunn awer keen Zesummenhang fonnt. Spannend ass och de Bléck op sougenannten astrologesch Zwillingen.

Wat ass dat?

Dat si Leit, déi NET matenee Famill sinn, mä zur selwechter Zäit op d'Welt komm sinn. Hinne missten also der Astrologie no d'Stären änlech Charakterzich a vläicht esouguer e vergläichbaart Schicksal an d'Wéi geluecht hunn. Och dat hu Fuerscher ënnersicht – ouni pertinent Hiweiser dofir ze fannen. Astrologesch Zwillingen hunn net méi Gemeinsamkeeten ewéi aner Leit. Och beim Choix vum Partner sinn d'Stärenzeechen anscheinend keng grouss Hëllef.

Wat mengs du domat?

Wann een den Astrologe gleewe kann, da passe Persoune mat bestëmmte Stärenzeeche besonnesch gutt oder schlecht beieneen. Zum Beispill solle Fësch a Skorpioun gutt mateneen harmonéieren, Widder a Steebock allerdéngs net. Dat huet d'Fuerscher dozou beweegt, a Bestietnis- a Scheedungstabellen no esou engem „Liebes-Schema“ ze sichen. Mä och hei: Feelschlag. Ob zwou Persoune beienee fannen an als Koppel glécklech ginn, schéngt keng Fro vum Gebuertsdag ze sinn.

Wéi kënnt et dann, dass esou vill Leit awer dru gleewen?

Dat huet warscheinlech psychologesch Grënn. Mënschen tendéieren dozou, sech selwer gäer ze bestätegen: Aussoen iwwer hir Eegenschaften, déi zoutreffen, mierke si sech – wat net stëmmt, gëtt séier vergiess. Och verhale sech Leit, déi vill iwwer Astrologie wëssen an un Horoskoper gleewen, anscheinend effektiv onbewosst oft esou, wéi d'Stären et hinnen zouschreiwen. An et gëtt e weideren Effet: Vill Horoskoper an astrologesch Beschreiwunge vun de Charakterzich si relativ allgemeng formuléiert. A si enthale widderspréchlech Aussoen nom Muster: „Dir sidd zwar e Stuerkapp, loosst Iech awer trotzdeem oft vun aneren erweechen.“ Dora ka sech jiddereen iergendwéi erëmfannen. Ganz beandrockend huet dat iwweregens en Experiment am Kader vun enger Fernseesendung gewisen.

Wat gouf do gemaach?

E Fuerscher vun Heidelberg huet Charakteranalysen, déi angeeblech no hirem Horoskop erstallt gi waren, un eng Partie Testpersounen am Studio verdeelt. D'Probanden hu fonnt, dass si selwer doranner gutt beschriwwe wieren. Allerdéngs: All d'Participante vum Test krute genee déi selwecht Beschreiwung – an déi huet op de Gebuertsdate vum belsche Massemäerder Marc Dutroux baséiert.

Infobox

Firwat d'Stärenzeechen net méi stëmmen

D'Äerd eeërt ewéi en Dillendapp duerch de Weltall. Well hir Rotatiounsachs net genee senkrecht zum Niveau steet, an deem si sech ronderëm d'Sonn beweegt, zéien d'Kräfte vun den Tiden – verursaacht vun der Sonn, dem Mound an den anere Planéiten – permanent un hir. D'Folleg heivun ass eng sougenannte Precessioun: D'Orientéierung vun der Äerdachs beschreift all 25.700 Joer e Krees um Himmel. D'Astronomen nennen dësen Zäitraum e platonescht Joer. Fir d'Astrologie huet d'Äerdprecessioun eng grav Auswierkung: D'Stärenzeeche verrréckele sech a wanderen no an no duerch den Déierekrees. Säit d'Astrologie viru ronn 2500 Joer entwéckelt ginn ass, ass d'Konstellatioun vun de Stären op engem bestëmmten Datum op dës Manéier scho méi ewéi e ganzt Stärenzeechen no hanne geréckelt. Deemno ass eng Persoun, déi Ufank Juli gebuer ass, net Kriibs – wéi et am astrologesche Kalenner steet –, mä eigentlech Zwilling. Allerdéngs: D'Astrologie berécksiichtegt dës Verännerung beim Berechne vun engem Horoskop net.

Auteur: scienceRELATIONS/Ralf Butscher
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle di Cato (why vanilla?)

Infobox

Quellen
  • Peter Hartmann (Universität von Aarhus) u. a.: „The relationship between date of birth and individual differences in personality and general intelligence: A large-scale study. In: Personality and Individual Differences“. Mai 2006, Bd. 40, S. 1349–1362. 
    doi:10.1016/j.paid.2005.11.017
  • D. Voas (2008): „Ten million marriages: An astrological detective story“. in: Skeptical Inquirer. 32 (2), 2008
  • I. W. Kelly: „Why astrology doesn’t work“ in: Psychological Reports. 1998, Bd. 82, S. 527–546.
    https://www.wissenschaft.de/astronomie-physik/warum-die-sterne-luegen/

 

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/