Wikimedia

Pech muss ëmmer mat Loft a Verbindung komme fir ze pechen.

E pecht jo iwwerall, souguer un de Fanger! A baussen um Tube pecht en och, den Tube ass also net aus engem spezielle Material! Mee firwat pecht en net bannen?

Dat läit tatsächlech net um Material vum Tube! Pech, op et Pritt oder Sekundenkleber ass, muss ëmmer mat Loft a Verbindung komme fir ze pechen. Sou laang en also an der Tube ass, mam Stopp drop, bleift e mëll a pecht net!

Wat huet d’Loft dann domat ze dinn?

Ma am Pritt zum Beispill ass e Léisungsmëttel dran. Soubal dat mat der Loft a Beréierung kennt, verflitt et. Déi eenzel Bausteng vum Pech gesinn aus wéi laang Fiedem! A wann déi dréchnen, da gi se haart a verhaaken sech aneneen.

Wéi, déi verhaaken sech just wann se dréche sinn!?

Bëssi sou wéi Spaghettien! Wann déi am Waasser sinn, da sinn déi eenzel Spaghettie jo beweglech. Mee soubal een se ofgeschott huet an e bëssen um Teller leie léisst, da ginn se fest a bleiwen anenee verhaakt!

Ah, OK! A firwat pecht Sekundenkleber da besser?

Ma deem seng Bausteng si keng laang Fiedem, mee einfach nëmme kleng Stécker. Hei verdämpt och kee Léisungsmëttel , mee et passéiert eng chemesch Reaktioun matt der Fiichtegkeet aus der Loft. An dobäi bilden sech réischt déi laang Fiedem, déi wéi d’Spaghettien sinn. A well déi ganz nei entstinn, kennen déi besser d’Form vun denge Schierbelen unhuelen, a sech besser an de klenge Ritze verkrauchen. Dofir halen deng Stécker da méi fest uneneen.

Ah! Dofir pechen d’Fanger sou gutt uneneen! Déi laang Fiedem verkrauche sech bestëmmt an de Rille vun eise Fangerofdréck a verhaaken sech do!

Super, alles verstan!

​Text: Corinne Kroemmer
Foto: Wikimedia

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Pech am Vietnam Krich

D’Erfindung vum Pech ass, wéi sou dacks, puren Zoufall gewiescht! Mee d’Fuerscher hu sech awer séier interessant Uwennungen afale gelooss.

Zum Beispill ass Sekundenkleber als Spray am Vietnam Krich benotzt ginn, fir séier Wonnen zouzepechen! De Sekundenkleber huet awer zu Hautirritatiounen gefouert, an ass dofir net vum normalen Hausdokter benotzt ginn. Mee an der Tëschenzäit hunn d’Fuerscher Pech entwéckelt, deen ouni Problem an der Chirurgie benotzt gëtt fir keng Bitznarben ze kréien.

Pech fir Fangerofdréck ze sichen

Och d’Police huet eng Uwennung fir Pech fonnt! Wann ee Sekundenkleber waarm mécht, dann entsteet en Damp, dee mat de Fangerofdréck reagéiert an se an e wäisst Polver verwandelt. An dofir sinn se da siichtbar.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Och an der Medezin kéint een e gudde Pech gebrauchen! Si hunn es zwar schonn, mee deen ass nach net optimal. E muss natierlech biokompatibel sinn (vum Kierper ugeholl ginn), an am beschte soll en och gutt funktionéiere wann et naass ass. Wann en zousätzlech och nach géing den natierlechen Heelungsprozess vum Kierper förderen an ouni Réckstänn nees kann erofgeholl ginn, da wieren d’Dokteren am 7ten Himmel! Also schaffen d’Fuerscher dorun!

Am Departement fir Polymeren am Max Planck Institut ze Mainz, schafft Dr Aranzazu del Campo mat senger Equipe vun engem Projet, dee sech un de Mullen inspiréiert! Déi stellen nämlech selwer e Pech hir fir sech un d’Fielsen  ze pechen. En ass extrem resistent, pecht och am Waasser, ass fir d’Mull op laang Dauer net schiedlech, a ka lass gemaach ginn, ouni Réckstänn ze hannerloossen! Hire Pech wier also perfekt fir an der Medezin benotzt ze ginn! Elo mussen d’Fuerscher just nach genee rausfannen aus wat de Päsch besteet a wéi d’Mull en hierstellt!

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Mir brauchen net nëmme Pech fir eis futtis Kaffistas ze flicken. Och an der Industrie gëtt e vill benotzt. Autoen a Fligere ginn hautdesdaags net méi zesumme geschweest, mee zesumme gepecht! Fir een Auto ze bauen, ginn em déi 30 kg Päsch verschafft.

D’Martine Philipp huet während senger Dokteraarbecht op der Uni Lëtzebuerg (2008, Departement fir Physik) d’Belaaschtbarkeet vun 2-Komponente Päsch getest an optimiséiert. Esou kann een och Saachen aus Plastik a Metall zesumme pechen, eppes wat mat normalem Pech net méiglech ass. Fir d’Industrie ass dat natierlech immens wichteg a kann a ville Beräicher agesat ginn.

Auch interessant

Forschung am LIST: Wie sieht die Zukunft aus? Ein Lungenmodell ersetzt den Einsatz von Tieren für Experimente

Tierversuche in der Forschung sind äußerst umstritten. LIST-Wissenschaftler Arno Gutleb arbeitet mit seinem Team an eine...

Smartphone-App Gefährliche Substanzen in unserem Alltag

In den meisten Konsumgütern stecken Chemikalien. Doch welche davon sind gefährlich? Wer es herausfinden will, kann die A...

Chemisches Analyseverfahren Wie funktioniert Titration?

Um zu bestimmen, wie viel Säure oder Vitamin C in einer Flüssigkeit enthalten ist, wendet ein(e) ChemikerIn das Verfahre...

FNR