stimmenklang

shotshop.com

Mikroen si meeschtens genee esou sensibel wéi e mënschlecht Ouer.

Pass op, mir maachen elo en Test: Hal dir emol fest d’Oueren zou an ech soen eppes. Bass de prett?

Jo.

Ok, dat, wat ech elo soen, bleift fir dech e Geheimnis.

Ech hunn näischt héieren.

Tipptopp. Elo hal dir d’Oueren nach eng Kéier zou a so selwer eppes.

Ok, meng Oueren si fest zou – an ech ka mech nach ëmmer héieren!

Dat hänkt domat zesummen, dass deng Schanke vum Kapp de Schall weiderleeden, den deng Stëmmbänner kreéieren. Sou kanns du dech héieren, souguer wann däin Ouer vu bausse géint Geräischer ofgeschiermt ass.

An wat huet dat elo mam Klang vu menger Stëmm ze dinn?

D’Matière an dengem Kapp, wéi zum Beispill d’Gesiichtsmuskelen, absorbéieren deelweis d’Schallwellen am Kapp. D’Schanke vum Kapp iwwerdroen dowéinst een anert Frequenzmuster wéi d’Loft. An dat bedeit, dass du ëmmer een aneren Androck vun denger Stëmm hues, wéi d’Mënsche ronderëm dech. Déi héiere jo nëmmen d’Schallwelle vun denger Stëmm, déi d’Loft iwwerdréit.

An d’Opnamen?

Mikroen si meeschtens genee esou sensibel wéi e mënschlecht Ouer. Mee si huelen natierlech deng Stëmm esou ob, wéi si sech ouni d’Verzerrungen, déi vun dengem Kapp gemaach ginn, unhéiert. Op der Opnam héiers du dech esou, wéi ech dech ëmmer héieren. Dat ass fir dech natierlech ongewéinlech.

Dat brauch dech awer net ze bekëmmeren: ech hunn deng Stëmm genee esou gär, wéi ech se héieren!

Nach e puer zousätzlech Froen...

Firwat klénge Stëmmen um Repondeur anescht wéi an der Realitéit?

An deene meeschte Repondeuren oder a gënschtegen Telefonen si ganz einfach Mikroen agebaut. Si kënnen net dee ganze Frequenzspektrum vun der Stëmm iwwerdroen, verzerren d’Téin oder maache selwer Geräischer, wéi zum Beispill een Dauschen. Beim Lauschtere vun der Opnahm kléngt d’Stëmm dann huel – wéi wann een an eng Bécks geschwat hätt.

Wéi kënnt den Toun an d’Gehir?

Fir dass mir héiere kënnen, gi Schallwelle vum Ouer opgefaangen an an Nervenreizer ëmgewandelt. D’Ouermuschel leet de Schall un d’Trommelfell weider, dat a Schwéngunge versat gëtt. Dës reng Beweegunge ginn dann op déi klengste Schanke vum mënschleche Kierper iwwerdroe – Hummer, Amboss a Bigel. Dës reizen dann d’Héiernerven: Am Kapp entsti Stëmmen.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Melanie Reuter (FNR)
Foto: shotshop.com

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 26.09.2018 beäntwert.

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR