Mikrowelle

shotshop.com

Mr Science, een deen eppes Waarmes z’iesse wëll, huet et mat der Mikrowell einfach: Kaalt Iessen erastellen, Knäppchen drécke – an no e puer Minutten ass d’Moolzecht fäerdeg. Dobäi wierkt elektromagnéitesch Stralung. Kann dës Preparatiounstechnik schiedlech sinn?

Etlech Fuerscher hunn dës Fro ënnersicht, sou zum Beispill och een Team vun der Uni Graz an Éisträich. D’Wëssenschaftler hu Flëssegkeeten an der Mikrowell erwiermt – emol a Reagenzglieser, déi d’Stralung total ofhalen, an emol a normale Reagenzglieser. Wärenddeem hu si verschidde chemesch Reaktiounen ënnersicht. D’Resultat: ënner Afloss vu Mikrowelle sinn déi selwecht Reaktiounen ofgelaf wéi ouni.

D’Mikrowellen hëtzen also nëmmen. Stralen hu keen Afloss op d’Reaktiounen a léisen also keng schiedlech Prozesser aus. Mee: Een Afloss op d’Iessen huet d‘Kachen an der Mikrowell schonn - genee wéi dat klassescht Kachen. Hëtztempfindlech Vitaminne wéi C oder B1 ginn deels zersat. Fettléislech Vitaminnen, wéi A, D oder E dogéint profitéiere vun der Wiermt, well si sou an d‘Fett iwwerginn a fir de Kierper benotzbar ginn.

Ginn et also keng Ënnerscheeder tëschent Kachdëppen a Mikrowell?

Dach, mee si hänke vun de Liewensmëttel a séngen Inhaltsstoffer of. D’Kachen an der Mikrowell ass fir dat waasserléislecht Vitamin C vu Virdeel, well d’Vitaminnen dobäi net am Kachwaasser verluer ginn – wéi dat am Kachdëppe geschitt. Een Ënnerscheed vun der Mikrowell vis à vis vum traditionelle Kachen ass awer déi ongläichméisseg Erwiermung.

Dat kennt een.

Mikrowellen erhëtze just op punktuelle Plazen, meeschtens vu bannen no baussen. Wann d’Iessen banne scho waarm ass, wierkt et vu baussen dacks nach wootlech. Dofir sollt een alles virum Iesse verréieren. Méi blöd ass et, wann eventuell Krankheetserreeger op deene kille Plaze net komplett zerstéiert ginn. Dofir soll ee Gehacktes oder Iesse mat réihem Ee besser an der Pan oder am Schäffchen wiermen.

Desinfizéiere mat der Mikrowell

D’Mikrowell ass net nëmmen fir d’Opwierme vu Liewensmëttel nëtzlech, ma et kann een domat och Schwämm a Lompen desinfizéieren. Wëssenschaftlech Tester hunn beluecht, datt 2 Minutten um Maximum duerginn,  datt bal all Keimer ofstierwen. Entscheedend fir déi steriliséierent Wierkung ass d’Hëtzt, déi duerch d’Mikrowellen entstinn. Well D’Stralung virun allem op Waasser wierkt, musse Fatzen oder Schwämm fiicht sinn, wann een si der Desinfektiounskur ënnerzitt. Op Dëppercher wéi z.B: Gebeessglieser kann een op dës Manéier desinfizéieren. Dozou muss een si fir d‘éischt mat bësse Waasser fëllen, dat dann an der Mikrowell erhëtzt gëtt. No ronn enger Minutt Kachen ass d’Glas keimfräi.

Sou funktionéiert Kachen an der Mikrowell

D’Häerz vun enger Mikrowell ass ee sougenannte Magnetron: een Apparat, deen Elektronen acceleréiert an an enger spezieller technescher Reiefolleg am Krees ronderemféiert. Dobäi entstinn elektromagnéitesch Wellen. Fir Iessen domat ze erwiermen, gëtt Stralung mat enger Frequenz hiergestallt, déi sech gutt eegent, fir Waasser-Moleküller unzereegen. Si geroden a Beweegung, an doduerch erhëtzt sech d’Waasser. Wann d’Mikrowellen op waasserhaltegt Iesse wéi Geméis, Fleesch oder Zopp treffen, erwiermen se och dëst. Eng elektromagnéitesch Ofschiermung am Apparat suergt dofir, datt keng gesondheetsschiedlech Stralung no baussen kënnt.

Auteur: scienceRELATIONS (Ralf Butscher)
Editeur: Joseph RODESCH (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie REUTER (FNR)

Infobox

Mr Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.