Gummibärchen

© shotshop.com

Et kléngt wéi eng urban Legend – e Gerücht, dat geheimnisvoll gezielt gëtt an net aus dëser Welt ze kréien ass: Rout Gummibierercher kréien hir Faarf vu Lausblutt.

Ass dat wierklech wouer, Mister Science?

Et ass mindestens eppes Woueres drun: Tatsächlech kann een aus Lais e roude Liewensmëttelfaarfstoff maachen: Den déifroude Karmin. Allerdéngs hëlt e dofir net iergendwellech Lais, scho guer keng Kapplais, an och kee Blutt. D’Karminroud gëtt vun der Schildlaus produzéiert, ënner anerem vun deene sougenannte Conchenille-Schildlais

Wou gëtt et déi dann?

Conchenille-Schildlais hunn hir Origine a Südamerika. Si ernären sech vum Planzejus vun de Figen Kaktussen. Deen roude Faarfstoff gëtt vun de weibleche Lais gebilt- wahrscheinlech fir sech viru Feinden ze schützen. Fir de roude Faarfstoff ze kréien ginn d’Lais manuell vun de Kaktusse gesammelt, gedréchent an duerno pulveriséiert.

Bäääh, et gëtt jo ëmmer méi eekleg- Lauspolver an den Gummibierchen!

Lues, Lues! Engersäits gëtt de Faarfstoff als éischt nach gerengegt, an e Polver draus gemaach. Do bleift da just de Karminroud iwwreg an dat ass eng natierlech chemesch Substanz, déi an der Liewensmëttelindustrie ënnert der Bezeechnung E120 benotzt gëtt.

Da kucken ech duerno direkt op den E120 op de Gummibierercher drop steet.

Dee wäers de net fannen. De Karminroud ass ee natierleche Produit a vill ze deier, denk nëmmen un all déi vill Aarbescht fir en hierzestellen. E gëtt mol a Luxusartikel agesat wéi a Lëppestëft, an Aperitiffer, an deiere Séissegkeeten oder fir Salami ze fierwen. Gummibierercher sinn ee Masseprodukt. Déi gi mat Jus aus Friichte gefierft, dat ass och schéin, vill méi bëlleg- a virun allem net sou batter wéi de Karminroud.

Nach e puer weider Informatiounen...

Rout als Luxusartikel?

Rout war fréier d’Faarf vun der Muecht- dowéinst si Mäntel vu Kinneken oder och Kardinole rout gewiescht. Dat louch och dodrun, dass roude Faarfstoff, deen net bleecht, schwéier ze produzéieren war. Net nëmmen an Südamerika, och an Europa an an Asien huet e Schildlais benotzt, fir liichtend Rout Faarf ze maachen. An Europa war et t’Kermes- Schildlaus, di op Eeche lieft. Hire Faarfstoff heescht dofir och Kermes. An Asien huet e t’Armenesch Schildlaus benotzt. Am rentabelste fir déi natierlech Faarfstoffproduktioun ass awer d’Conchenille Schildlaus. Si liwwert deen eenzege Liewensmëttelfaarfstoff wou aus Deiere gewonne ka ginn. Allerdéngs: Haut hunn kënstlech Faarfstoffer den natierleche Karmin bal komplett verdrängt. Si si vill méi einfach a bëlleg an der Produktioun.

Karmin-Produktioun ass Handaarbecht

Ursprénglech ass den d’Cochenille-Schildlaus (Dactylopius coccus) an Südamerika doheem. Do ass se scho säit dem 10. Joerhonnert fir d’Produktioun vun Karminrout benotzt gi. Mat der Eruewerung vun Südamerika duerch t’Spuenier koum d’Conchenille-Schildlaus bis an Europa. Ab Mëtt vum 19. Joerhonnert gouf se op de kanareschen Inselen kultivéiert an huet den Inselen een Export Boom fir Karminrout abruecht. D’Hierstellung vum Karminrout ass awer zimlech opwenneg. D’Schildlais mussen op den Kaktusfiigen ausgesat ginn, do reproduzéieren se sech an mussen dann vun Hand agesammelt ginn. Ongeféier 100.000 gedréchent  Schildlais weien 1 Kilo- an erginn ongeféier 50 Gramm Karminrout.

Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Joseph Rodesch (FNR), Bidinger Jan
Foto: shotshop.com

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 05.12.2018 beäntwert.