FNR & RTL

Fir e richtegen autonomen Auto brauch een virun allem intelligent Softwaren.

Aus dem dichte Stadverkéier kennt een et: Als Autofuerer muss een dacks Manövere maachen, déi vill Fangerspëtzegefill erfuerderen a visuelle Kontakt mat aner Chauffeuren ophuelen. Vue datt all dës Situatiounen immens verschidden a komplex sinn,  ass et komplizéiert fir engem Computerprogramm ze soen (also en ze programméieren) wéi en a sou Situatioune reagéiere soll. Et fänkt schonn un mam Erkenne vun Alldagssituatiounen: Wéi bréngt een enger Software an engem autonomen Auto bäi, déi sech just op Biller berifft, wat den Ënnerscheed vun enger Plastikstut an engem Ball deen op d’Strooss leeft ass?

D’Beispill, wat de Mr Science a sengem Reportage weist, ass dat vun der automatescher  Bilderkennung.  Eng Kamera analyséiert permanent d’Biller vun der Frontkamera a versicht souvill wéi méiglech ze erkennen. Dëst kann d’Software awer nëmmen, well se virdru mat dausende vu Biller konfrontéiert gouf wou se z.B.  gesot krut: hei ass e Stoppschëld drop. D’Software bréngt et no vill „Training“ da selwer fäerdeg e Schëld an enger ähnlecher Situatioun ze erkennen. Wéi dës Software dat awer erkennt, ass de Wëssenschaftler an deene meeschte Fäll e Rätsel. D’Programmer hunn sech an der Vergaangenheet liicht täusche gelooss, wéi een am Reportage gesäit. Den Test vum Mr Science ass e Beispill vu sougenannten “Adversarial Stimuli” – d.h. enger bewosster Täuschung vun automatesche Bilderkennungsprogrammer. D‘Software ginn awer ëmmer besser am Erkennen, och wann se ausgetrickst ginn, an dat och well jidderee vun eis hëlleft dës Programmer ze trainéieren.

ReCAPTCHA si Programmer fir kënschtlech Intelligenzen ze trainéieren

Déi meescht vun eis si schonn op Biller gestouss, wou e schwéier liesbaren Text drop stoung, deen een huet missen oftippen, oder onschaarf Biller op deenen een eppes erkenne misst. Dës Programmer, déi anscheinend solle feststellen ob mir e Mënsch oder eng Maschinn sinn, hunn als zweeten Zweck intelligent Softwaren ze verrode wat mir gesinn. Sou gi Millioune vu Fotoen vun Internetbenotzer beschrëft, déi da benotzt ginn, fir kënschtlech Intelligenzen ze fidderen.

Wéini kommen déi total autonom Autoen?

Den Junior, sou nennt sech den autonome Fuerschungsauto vun der Uni Lëtzebuerg, gëtt ënner anerem benotzt fir d’Bilderkennung och bei schlechte Wiederkonditioune besser ze maachen.

Déi automatesch Bilderkennung ass just ee Volet vum autonome fueren, deen d’Ingenieure viru grouss Challengë setzt. Progressiv wäerten d’Autoe vun der Zukunft awer ëmmer méi autonom ginn. Am Stadverkéier autonom fuere wäert awer eréischt da méiglech ginn, wann e Groussdeel vun den Autoen autonom fuere kann, wann d’Autoen ënnertenee kommunizéiere kënnen a wann d‘Stroosseninfrastruktur op autonom Autoen adaptéiert ass. Doriwwer eraus ginn et nach vill ethesch a gesetzlech Hürden déi mussen diskutéiert ginn.

Zu Lëtzebuerg am Pafendall an zu Contern fuere mëttlerweil 2 autonom Bussen. Dës kënne selwer fueren an Hindernisser erkennen, awer d’Streck déi se fueren ass genee programméiert. Et handelt sech also net ëm e Gefier wat iwwerall an den Asaz komme kéint.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Fuerscher: Raphaël Frank & Georgios Varisteas vum SnT (University of Luxembourg)
Merci: Mathieu Lebrun
Produktioun: RTL