E spektakulärt Experiment! Virun iwwer 90 Joer ass fir d’éischt Insulin erfollegräich aus enger Bauchspäicheldrüs vun engem Hond isoléiert ginn! 

Bis dohi war Zockerkrankheet en Doudesuerteel ! An déi genee Roll vun der Bauchspäicheldrüs an dem Insulin war nach net ganz verstan. An engem gewoten Experiment hunn de Banting a säin Assistent Best engem Hond, dem Marjorie, d’Bauchspäicheldrüs erausgeholl. Während si den Insulin doraus isoléiert hunn, ass d’Marjorie zockerkrank ginn, mee konnt awer duerno erfollegräich mat sengem eegenen Insulin behandelt ginn ! Déi éischt klinesch Tester ware grad esou spektakulär: an engem Spidolsraum war dee leschte vun enger dozen Patienten nach net behandelt, wéi deen éischte schonn aus dem Zockerkoma erwëscht ass!

Hautesdaags gëtt natierlech keen Hondinsulin méi benotzt, mee syntheteschen. Esou kann eng 100% déidlech Krankheet an der Tëschenzäit efficace a séier behandelt ginn!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch in dieser Rubrik

Stierwen an Doud Wat geschitt mam Kierper nom Doud?

Allerhellege steet virun der Dier. Vill Leit besichen deen Dag d’Griewer vun hire Verstuerwenen an denken un si. An deen een oder anere freet sech dobäi vläicht, wat mat eis nom Doud geschitt.

FNR
Buschtawenzalot Wat ass eigentlech Dyslexie?

Wärend vill Kanner spilles liesen, stolperen anerer iwwer Buschtawen. Wouru läit dat a wat kann een dogéint maachen?

FNR
Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR