Depositphotos

Eng Impfung ass "Training" fir eisen Immunsystem

Einfach gesot entwéckelt de Kierper beim Impfe Waffe géint Krankheetserreeger, also zum Beispill géint Bakterien a Viren. Sollten des Krankheetserreeger spéider eng Kéier an de Kierper kommen, kann en sech domat effizient verteidegen.

A wéi geet dat genee?

Beim Impfe gi Virgäng ausgeléist, déi och op natierlech Aart a Weis oflafen, wann Krankheetserreeger an däi Kierper kommen. Soubal Bakterien oder Viren eis krank maache wëllen, reagéiert eis Ofwiersystem direkt: Ofwierstoffer - d’Antikierper – gräifen déi ongebiede Gäscht un, fir se onschiedlech ze maachen. Gediechtneszelle suergen dofir, dass eise Kierper d’Erreeger net esou schnell vergësst. Ginn mer eng zweete Kéier vun deene selwechten Erreeger ugegraff, produzéieren des Gediechtneszelle blëtzschnell déi passend Antikierper.

Beim Impfe gi gezielt ofgeschwächten Erreeger an de Kierper bruecht, fir genee des Ofwierreaktiounen auszeléisen. Sou gëtt eisen Immunsystem trainéiert! 

Kann en Impfstoff krank maachen?

An den Impfstoffer sinn ofgestuerwen oder ofgeschwächte Krankheetserreeger. Muenchmol ginn och nëmme Stécker vun engem Erreeger administréiert. Dat geet duer fir dass Ofwierstoffer a Gediechtneszelle produzéiert ginn, mécht awer net krank.

A wisou refuséieren dann sou vill Léit eng Impfung?

Et courséiere vill Meenungen a Gerüchter. Oft sinn se falsch, veraalt oder et ass nëmmen en Deel vun der Wourecht. Fuerscher betounen ëmmer erëm, wie wichteg eng Impfung ass an dat net nëmme fir eng eenzel Persoun – duerch Impfunge konnte schonn e puer geféierlech Krankheete bal oder ganz ausgerott ginn. Weltwäit zum Beispill d’Pocken, an Europa d’Kannerlähmung. Natierlech kënne wéi bei all aner Medikament och Niewewierkungen optrieden. Déi meeschte Reaktioune sinn awer harmlos – Impfstoffer ginn immens streng kontrolléiert.

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Depositphotos

Infobox

Firwat muss een sech all Joer nei géint d'Gripp impfe loossen?

 

D'Viren déi d'Gripp verursaachen (Influenza-Viren) änneren andauernd hir Struktur. Doduerch kënnen si eisen Immunsystem ëmmer erëm iwwerraschen, an eis op en neits krank maachen. D'Wëssenschaftler probéieren deem entgéint ze wierken, andeems se all Joer nei Impfstoffer géint d'Gripp entwéckelen. Si kucken einfach wéi eng Variante vum Grippevirus aktuell zirkuléieren a produzéieren dann en Impfstoff, deen op enger Mëschung vun dëse baséiert. 

 

Mr Science op Eldo Radio

 

 

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Emissioun koum den 26.Oktober 2016