Hochspannungsleitungen

© shotshop.com

D’Knistere kënnt duerch elektresch mini-Entluedungen an d’Loft ronderëm d’Héichspannungsleitungen.

Mr.Science; Ënnert fräie Leitunge wou Stroum leeft héieren ech et bei fiichtem Wieder oft komesch knisteren. Heiansdo kënnt och een dompege brummenden Toun aus der Leitung.

Wat verursaacht dës Geräischer?

Et handelt sech hei em zwee verschidde Phänomener. D’Knistere kënnt duerch elektresch mini-Entluedungen an d’Loft ronderëm d’Héichspannungsleitungen. Leit aus dem Fach schwätze vu Koronaentluedungen. Si sinn sou schwaach, dass et net duer geet fir ee Fonkenschlaag auszeléisen. Mee et kann een se héieren. D’Rätsel em Ursaach vum Brummen hunn Fuerscher vun der ETH Zürech an Experimenter am Laboratoire geléist: Waasserdrëpsen, déi un der Leitung hänken, ginn duerch deen doranner fléissende Wiesselstroum a Vibratioun bruecht. Mat all Richtungswiessel vum Stroum ginn och dës Drëpsen am Takt verformt. An deem Fall wierken si wéi winzeg Haut-parleuren, déi Schallwellen an der Loft verursaachen.

Wou tauchen déi Geräischer op?

Déi knisterend Koronaentluedunge brauchen elektresch gelueden Deelercher, sougenannt Ionen. Déi bilden sech an der Loft, wann eng gewëss elektresch Spannung iwwerschratt gëtt. Dat geschitt virun allem un Ecken a Kanten, wei zum Beispill u futtisse Platze vun der Leitung oder un de Stroummaste selwer. Fiichtegkeet a niddrege Loftdrock begënschtegen dësen Effet. Och d’Brummen trëtt virun allem bei Reen, Niwwel oder bei Schnéi op, wann sech Waasserdrëpsen um Kabel bilden.

Kann een eppes dogéint mann?

Beschichtungen op der Leitung kenne verhënneren, dass sech gréisser Drëpse bilden. Doduerch gëtt de Brummtoun méi schwach.

D’Geräischer kënnen op jiddefall nerven. Hunn se nach en Nodeel?

D’Entluedunge feieren zu engem Energieverloscht an der Stroumiwwerdroung. Vir dësen awer méiglechst kleng ze halen, besti verschidde Leitungen aus Bëndel vu ville Seeler.

Nach e puer weider Informatiounen...

Elmsfeier – Glousen u Bord

Koronaentluedungen trieden net nëmmen u Stroumleitungen op. Ee Beispill aus der Natur ass D’Elmsfeier: ee blo-violett Liichten, dat duerch eng undauernd elektresch Entluedung provozéiert gëtt. Déi Erscheinung léist sech munchmol bei engem Donnerwieder beobachten- un spëtzen Objeten wei Kierchtierm, Gipfelkreizer oder Maste vu Schëffer. Dat huet dem Elmsfeier och säin Numm ginn: Et léisst sech vum Erasmus vu Antiochia ofleeden. De Bëschof a kathouleschen Hellegen, deen op italienesch Elmo geheescht huet, huet am 3. Joerhonnert gelieft an huet als Schutzpatréiner vu Séileit géint Feier u Bord gegëllt.

Koronakamera - D’Knistere gesinn

Mat enger spezieller Kamera loossen sech déi schwaach elektresch Entluedungen an enger Héichspannungsleitung siichtbar maachen. Déi Videokamera enthält niewen engem normale Sensor ee Fühler fir ultraviolett Luucht. Domadder hellt se kuerzweileg a fir mënschlech Aen net siichtbar Strahlung op, déi bei de Koronaluedungen entstoen. Koronakamerae loossen sech benotzen, fir Héichspannungsleitungen op Schueden ze kontrolléieren.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Joseph Rodesch (FNR), Jan Bidinger
Foto: shotshop.com

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 21.11.2018 beäntwert.