(C) RTL

RTL huet op der Plëss e bekannte psychologeschen Test nogemaach fir ze beweisen datt mir Mënschen nëmmen eng ganz selektiv Opmierksamkeet hunn.

Den éischten Test vun dëser Zort gouf 1998 vum Daniel Simons and Daniel  Levin duerchgefouert a war e vun deenen éischten Demonstatiounen dofir datt “change blindness” och ausserhalb vum Labo ka stattfannen.

En „Tourist“ freet e Passant nom Wee. Matten an der Diskussioun gi se ënnerbrach duerch Aarbechter déi matt engem Panneau duerch si duerch ginn. Dobäi gëtt den „Tourist“ ausgetosch. D’Passante kréien dësen Tosch meeschtens net matt – mee wéi wäit kann ee bei dësem Test goen? Kuckt iech de Video un – dir wäert staunen!

Infobox

Pisa Wëssensmagazin

 

Den Pisa Wëssensmagazin kënnt all zweeten Sonnden ab 18.30 op RTL Telé Lëtzebuerg