(C) Shotshop

Kann d’Méisproochegkeet Kanner duerchernee maachen a souguer Sproochréckstänn verursaachen?

Kanner, déi méisproocheg opwuessen, mëschen d’Sproochen dacks. Si benotzen zum Beispill an engem Saz Wierder aus verschiddene Sproochen („ech si fatigué“) oder soen den Ufank vum Wuert an enger Sprooch, mee d’Endung an enger anerer („Wolkão“). D’Sprooche vermëschen ass awer ganz normal an heescht net, datt d’Kanner hir Sproochen dowéinst verwiesselen.

Och méisproocheg Erwuessener vermëschen hir Sproochen dacks a Kanner maachen dat genee esou.

D’Meilesteng vun der Sproochentwécklung si genee déi selwecht bei engem méisproochege wéi bei engem monolinguale Kand. Méisproocheg Kanner fänken net méi spéit u mat schwätzen an hir Sprooch entwéckelt sech och net méi lues wéi déi vu Kanner, déi just eng Sprooch schwätzen.

Et ass allerdéngs wouer, datt méisproocheg Kanner dacks liicht méi schwaach Sproochresultater weise wéi Kanner, déi nëmmen eng Sprooch schwätzen, wann si a just enger vun hire Sprooche getest ginn. Dat ass awer ganz normal an ass och keng Indikatioun fir ee Sproochréckstand. Méisproocheg Kanner muss een an all hire Sproochen testen, fir eng richteg Iddi vun hire Sproochfäegkeeten ze kréien.

Auteuren/Kontakt: LEARN

Photo © Shotshop.com

Infobox

Geet d’Léiere vun enger Sprooch op d’Käschte vun enger anerer?

Et gëtt heiansdo gemengt, de Sproochesystem géing funktionéiere wéi een „Hard Disk“ bei engem Computer, op deem – wa bis voll mat enger Sprooch – keng Plaz méi ass fir eng zweet oder drëtt Sprooch. Dëst ass awer net esou. De Sproochesystem ass ganz flexibel an eist Gehir kann, ënnert de richtege Bedéngungen, ouni Problem eng ganz Unzuel vu Sprooche gutt léieren.

Wat ass LEARN?

LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.

Mir wäerte mir Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete virstellen, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.

Matarbeschter 

Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei ECCS

Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei LUCET

Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychologin, Léierin a Fuerscherin bei LUCET

Prof. Dr Romain Martin: Vice-Recteur vun der Uni.lu a Fuerscher/Professeur bei LUCET

Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Fuerscherin/Professeur bei LUCET

Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei ECCS

Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin/Fuerscherin bei LUCET

Waat ass ECCS ?

ECCS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden

Fir weider Informatiounen

Aussi intéréssant

Famille et enfants Avantages et inconvénients de la garde d'enfants universelle au Luxembourg

Comment se présentent les services de garde d'enfants au Luxembourg et comment se positionnent-ils par rapport à d’autre...

Vie familiale et activité professionnelle L'évolution du congé parental au Luxembourg du point de vue d’une chercheuse

Quelles ont été les répercussions des changements apportés au régime de congé parental ? Et comment se présente le congé...

Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi v...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Famille et enfants Avantages et inconvénients de la garde d'enfants universelle au Luxembourg

Comment se présentent les services de garde d'enfants au Luxembourg et comment se positionnent-ils par rapport à d’autres pays ? La chercheuse Audrey Bousselin du LISER nous livre son point de vue.

L’IA DANS L'ÉDUCATION Impact de l'intelligence artificielle sur le monde de l'éducation

ChatGPT a fait l'effet d'une bombe dans les écoles du Luxembourg. D’aucuns se sentent pris au dépourvu par l'intelligence artificielle (AIet craignent pour la qualité de l'enseignement. A juste?

Gratuité des maisons relais au Luxembourg Comment se portent les enfants dans les maisons relais ?

Depuis cette rentrée, les structures d'accueil d'enfants sont gratuites au Luxembourg. Les enfants s’y sentent-ils à l’aise ? Et quel est l’impact de ces structures sur leur développement ?

Santé mentale Impact de l'adversité en début de vie sur la santé mentale plus tard dans la vie

De nouvelles connaissances sur les effets à long terme d’une séparation des parents ou d’une adoption sur la santé mentale soulignent qu'il faut offrir un soutien aux enfants concernés.