Ech benotzen e bal all Dag, mee ech hu mer am Fong nach ni vill Gedanken driwwer gemaach. Mee wéi funktionéiert eigentlech e Gummi? Also e Radéiergummi!

Dat hängt e bësse vum Material vum Gummi of! Mee et ass meeschtens eng Mëschung tëscht Adhäsiounskraaft a Reiwung.

Wat huet d’Material dann domat ze dinn?

Ma däi Bläistëft besteet jo aus Graphit. A wann’s de schreifs oder mools, bleiwe kleng Partikelen dovun tëscht de Pabeierfiberen hänken, an déi soll de Gummi wa méiglech do eraus kréien. Am Idealfall geet Adhäsiounskraaft eleng dofir duer, well d’Graphitpartikelen besser um Gummi peche bleiwe wéi tëscht de Pabeierfiberen.

Wann’s de awer wéi e Päerd op däi Bläistëft drécks, oder wann d‘ Pabeierfiberen ganz enk beienee léien, da geet d’Adhäsiounskraaft net duer. Dofir gëtt da Glas, Bimssteen oder Quarz mat an de Gummi gemëscht fir e rau ze man. Beim reiwe gëtt dann déi iewescht Schicht Pabeier mat eroofgeschrubbt well d’Graphitpartikelen net vum selwen um Gummi hänke bleiwen.

Ah, sou wéi bei deem roud-bloe Pelikan Gummi do? Déi blo Säit mécht de Papéier och méi futti!

Genee. Déi rau Partikelen hunn awer och nach eng aner Aufgab! Duerch d’Reiwung gëtt de Gummi  näämlech e bësse waarm, an doduerch gëtt seng Adhäsiounskraaft méi grouss. D‘Graphitpartikele bleiwen also nach besser drun hänken!

Ok, dat ass gutt ze wëssen! Wann ech mäi Pabeier net zevill futti well man, kann ech de Gummi virdrun e bësse waarm man, da geet e besser a scho si meng Feeler all fort! Sou einfach ass dat!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
 

Schéck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Radéiergummi versus Radéierschwamm

E Kannerkonschtwierk um Pabeier ass jo schéin a gutt, mee op der Tapéit ginn se dack manner appréciéiert! Mee dofir gëtt et säit enger Zäitchen „magic erasers“ fir Faarf a Spuere vun allméiglechen Uewerflächen ewech ze man. A funktionéieren dinn des Radéierschwämm ähnlech wéi e Gummi! Si bestinn aus engem Schaum deem seng kleng Loftblosen an engem immens feste Gitter vu Melamine gefaang sinn. Des Gitterpartikelen komme bis an déi kleng Pore vun der Tapéit a schruppen d’Faarfpartikele lass. E bëssen nom Prinzip wéi déi blo Säit vum Pelikan Gummi! D’Schwämm hunn zwar keng Adhäsiounskraaft wéi de Gummi, mee déi kleng Loftblose kennen den Dreck ophuelen.

Eng Broutgrimmel als Gummi

Ganz fréier, ier de Gummi erfonnt war, hunn d’Leit Broutgrimmele benotzt. Wann’s de e Stéck vum wäisse vum Brout hëls, an der Hand rulls bis et eng fest Bull ass, an domat op de Pabeier drécks, bleift de Graphit och e bëssen dru pechen. Mee natierlech net esou gutt wéi um Gummi! Dat heescht wann’s de eng Kéier an der Prüfung däi Gummi vergiess hues, da kanns de am Noutfall e Stéck vun dengem Sandwich benotzen. Pass just op dass keng Mayonnaise méi drun ass, soss gëtt et Sauerei!

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Radéierschaum ass just eng Uwennung vu Schaum, mee de Gebrauch vu Schaum ass eigentlech fuerchtbar heefeg. Sief et als Läschschaum, als Isolatioun fir Temperatur a Kaméidi oder als Komponent fir Energie mat Wellen hirzestellen.

D’Esa zum Beispill erfuerscht d’Stabilitéit vu Schaum fir e besser am Weltall kennen unzewennen an ze benotzen. D’Loftblosen am Schaum (op flësseg oder fest) falen näämlech zesummen soubal keng Schwéierkraaft méi do ass. Si entwéckelen dofir Schaumstrukturen déi op Microschwéierkraaft opgebaut sinn.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

De „Goodyear Innovation Center Luxembourg“ vun der Firma Goodyear ass ënnert der Leedung vum Jean-Pierre Jeusette fir d’Entwécklung an d’Hirstellung vun neie Pneuen zoustänneg. Hier Fuerschungsaarbechte konzentréiere sech rondrëm d‘Material, de Profil an d‘Qualitéit vum Gummi. Ouni d’Sécherheet vun den Autosfuerer ze beaflosse probéieren se méi ökologesch Pneuen hirzestellen an zécken net op Nanotechnologien, mee awer och recycléiert oder biologesch ofbaubart Material zréckzegräifen.

Aussi intéréssant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Rätsel aus dem Alldag Wou kënnt metallesche Geroch hier?

Firwat richen eigentlech eng Mënz oder aner metallesch Géigestänn wéi zum Beispill e Schrauweschlëssel oder Dierklensche...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR