© RTL

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

Et kann een en Eemer Waasser op d’Kopp halen ouni datt d’Waasser erausleeft, just andeems een et séier genuch dréint. D’Waasser ass dobäi allerdéngs just maximal ¼ Sekonn op der Kopp. Des Zäit wollt de Mr Science a sengem Experiment steigeren, an huet probéiert ob en Eemer Waasser an engem Fliger och während engem Looping net ausleeft.

Firwat kann d’Waasser am Eemer bleiwen?

Als Erkläerung gëtt dacks vun der sougenannter Zentrifugalkraaft geschwat. Ma méi korrekt ass, dass et sech em d'Auswierkung vun der Trägheet (Inertie) handelt.

D’Waasser ass eng Mass, an eng Mass déi a Beweegung kënnt, wëll dës Bewegung bäibehalen. Z.B. eng schwéier Eisekugel déi op engem ganz glate Buedem emol rullt, rullt esou laang weider bis se vun iergend eppes gebremst gëtt. Dëse Phänomen nennt sech Trägheet oder Inertie.

D’Waasser am Eemer beweegt sech an huet, wéi alles wat sech beweegt, Tendenz riicht aus ze goen, mee et gëtt vum Eemer an eng Kreesbeweegung forcéiert an ännert also permanent d’Richtung vu senger Bewegung, an zwar no där Säit wou den Zentrum läit. Den Eemer dréckt d’Waasser also dohin, an als Reaktioun dréckt d’Waasser widder den Eemer. Well dat an déi aner Richtung geschitt, also vum Zentrum ewech, gëtt dacks vun enger sougenannten Zentrifugalkraaft geschwat. Mee opgepasst, a Wierklechkeet ass et keng Kraaft. Et ass just d'Auswierkung vun der Trägheet!

D‘selwecht ass dat, wa mir op engem Karussell sinn. Mir fillen eis sou, wéi wa mer no bausse géife gezu ginn, mee a Wierklechkeet gi mer vum de Ketten oder de Staange vum Karussell zu der Mëtt vum Karussell hi gezunn. Ouni des tatsächlech existéierend Kraaft géing eise Kierper wéinst senger Trägheet riicht aus goen.

Klappt d'Experiment och mam Looping am Fliger?

Wat den Eemer méi séier op der Kreesbunn ass, wat d’Waasser méi fest an den Eemer "gedréckt" gëtt. Fir datt d’Experiment mam Looping am Fliger klappt, ass also d’Vitess mat där een de Looping flitt ganz entscheedend. An der Theorie klengt et machbar, mee op dat dann och a Wierklechkeet geklappt huet, dat gesitt dir am Video.

D’Experiment gouf mat Hëllef vun der LFTA realiséiert.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Editeur : André Mousset
Produktioun: RTL

Aussi intéréssant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Rätsel aus dem Alldag Wou kënnt metallesche Geroch hier?

Firwat richen eigentlech eng Mënz oder aner metallesch Géigestänn wéi zum Beispill e Schrauweschlëssel oder Dierklensche...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR