Kompass

Adobe Stock

Dat ass nach net eendeiteg gekläert. Éischt Indicen dofir, datt mir tatsächlech Magnéitfelder wouerhuele kënnen, gouf et an den 1980er Joren. Deemools huet en englesche Wëssenschaftler an enger Studie seng Participante mat verbonnenen Aen duerch d'Stad kutschéiert a wollt wëssen, wéi si erëm zréckfanne géifen. Engem Deel vun de Leit huet hie virdrun e Stabmagnéit um Kapp befestegt. Des Leit hu spéider déi richteg Richtung méi seelen fonnt. D'Fuerscher hunn ugeholl, datt d'Stabmagnéiten e méigleche Magnéitsënn vum Mënsch stéieren. Aner Fuerschungsequippen konnten des Resultater allerdéngs net confirméieren.

Kéint een dann net einfach an eise Käpp nokucken, ob do e Kompass sëtzt? 

Eng Fuerschungsequipe vu München huet tatsächlech d'Gehierer vu Verstuerwenen ënnersicht an hunn dodra magnéitesch Kristaller fonnt. Fuerscher hunn ausserdeem festgestallt, datt esou Kristaller bei Déiere sech wéi d'Nol vun engem Kompass um Magnéitfeld vun der Äerd ausriichten. Wéi des Informatiounen dann un d'Nerve weider gi ginn an esou d'Orientéierung verbessert gëtt, ass awer nach net komplett verstanen.

An de Gehierer vu liewege Persounen hu Fuerscher aus Kalifornien gekuckt. Ofgeschiermt vun der Welt dobaussen hu si hier Versuchspersoune verschiddene Magnéitfelder ausgesat an de Leit hier Gehierstréim gemooss. D'Fuerscher hu gesinn, datt speziell Gehierwellen op d'Richtung vun de Magnéitfelder reagéiert hunn. Mir kéinten also tatsächlech esou eppes wéi e Magnéitsensor am Kapp hunn.

An dofir sou wéi eng Bréifdauf ëmmer erëm de Wee heem fannen?

Éischter net. D'Fuerscher vu München ginn zum Beispill dovun aus, datt eise "Sensor" fir en eegene Magnéitsënn net staark genuch ass. Och aner Wëssenschaftler halen sech do éischter zréck. Et musse wuel nach eng Rëtsch Experimenter gemaach ginn, fir de "sechste Sënn" vum Mënsch ze confirméieren – oder eben net. Dofir bleift d'Fuerschung ëmmer spannend.

Infobox

De sechste Sënn

Gesinn, héieren, richen, schmaachen, fillen - dat sinn déi klassesch fënnef Sënn, mat deene mir Mënschen d'Welt ronderëm eis erkennen. Natierlech kënne mir och Temperature wouer huelen, Péng fillen, mir hunn e Sënn fir Gläichgewiicht an empfannen eisen eegene Kierper. Ob mir och e Magnéitsënn besëtzen, ass nach net komplett erfuerscht. Bei Déieren dogéint kenne mer sou Eegenschafte scho laang.

Bréifdauwen zum Beispill, déi ëmmer erëm an hir Haischen zréck fannen; oder Zuchvigel, déi all Joer dausende vu Kilometer zeréck leeë mussen, orientéieren sech ënner anerem um Äerdmagnéitfeld. Si notzen hire Magnéitsënn dobäi net just als Kompass, deen hinnen de Wee no Norden oder Süde weist. Well d'Magnéitfeld vun der Äerd net gläichméisseg geformt ass, léist et sech villäicht als eng Zort "magnéitesch Landkaart" notzen. Och wann et nach net komplett ënnersicht ass, huelen d'Fuerscher awer hunn, datt Mieresschildkröten, Langusten, Molchen oder Vigel eng Zort natierleche GPS-System hunn.

Och Bakterie sollen esou ee Magnéitsënn hunn. A souguer ënnert de Mamendéiere schéngt d'Capacitéit Magnéitfelder wouer ze huelen net komplett exotesch ze sinn. Scho Mëtt vun den 30er Jore vum leschte Joerhonnert hu Wëssenschaftler ënnersicht, wéi Bëschmais an hir Stammlager zeréck fannen. Dat geléngt den Déieren zu 100 Prozent. Des Leeschtung konnten d'Wëssenschaftler mat deenen deemools bekannte Sënner net erklären. Dat ass hinne réischt gutt 45 Joer méi spéit gelongen, wéi Fuerscher entdeckt hunn, datt d'Mais op ee Magnéitsënn zréckgräife konnten. Haut gëllen och Wëllschwäin, Fiiss an Hënn als Kandidate fir de sechste Sënn.

Wou genee dëse Magnéitsënn bei Déiere sëtzt, ass bis haut nach net ofschléissend gekläert. Bei Zuchvigel gëtt et Indicen, datt en am An oder am ieweschten Deel vum Schniewel sëtzt.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Éditeur an Iwwersetzer : Michèle Weber (FNR)

Infobox

Mister Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Quellen
  • Baker, R. R. (1980): Goal orientation by blindfolded humans after long-distance displacement: possible involvement of a magnetic sense. In: Science (New York, N.Y.) 210 (4469), S. 555–557. DOI: 10.1126/science.7423208.
  • Baker, R. Robin (1987): Human navigation and magnetoreception: the Manchester experiments do replicate. In: Animal Behaviour 35 (3), S. 691–704. DOI: 10.1016/S0003-3472(87)80105-7.
  • Gould, J. S.; Able, K. P. (1981): Human homing: an elusive phenomenon. In: Science (New York, N.Y.) 212 (4498), S. 1061–1063. DOI: 10.1126/science.7233200.
  • Gilder, Stuart A.; Wack, Michael; Kaub, Leon; Roud, Sophie C.; Petersen, Nikolai; Heinsen, Helmut et al. (2018): Distribution of magnetic remanence carriers in the human brain. In: Scientific reports 8 (1), S. 11363. DOI: 10.1038/s41598-018-29766-z.
  • Wang, Connie X.; Hilburn, Isaac A.; Wu, Daw-An; Mizuhara, Yuki; Cousté, Christopher P.; Abrahams, Jacob N. H. et al. (2019): Transduction of the Geomagnetic Field as Evidenced from alpha-Band Activity in the Human Brain. In: eNeuro 6 (2). DOI: 10.1523/ENEURO.0483-18.2019.
  • Wiltschko, R.; Wiltschko, W. (1995): Magnetic orientation in animals. Berlin Heidelberg: Springer (Zoophysiology, 33). S. 73
  • Putman, Nathan F. (2020): Animal Navigation: Seabirds Home to a Moving Magnetic Target. In: Current biology : CB 30 (14), R802-R804. DOI: 10.1016/j.cub.2020.05.061.
  • Lohmann, Kenneth J.; Lohmann, Catherine M. F.; Putman, Nathan F. (2007): Magnetic maps in animals: nature's GPS. In: The Journal of experimental biology 210 (Pt 21), S. 3697–3705. DOI: 10.1242/jeb.001313.
  • Blakemore, R. (1975): Magnetotactic bacteria. In: Science (New York, N.Y.) 190 (4212), S. 377–379. DOI: 10.1126/science.170679.
  • Blakemore, R. P.; Frankel, R. B.; Kalmijn, Ad. J. (1980): South-seeking magnetotactic bacteria in the Southern Hemisphere. In: Nature 286 (5771), S. 384–385. DOI: 10.1038/286384a0.
  • Schmid, Bastian (1936): Über die Heimkehrfähigkeit von Waldmäusen (Mus sylvaticus L.). In: Z. f. vergl. Physiologie (Zeitschrift für Vergleichende Physiologie) 23 (4), S. 592–604. DOI: 10.1007/BF00340924.
  • Mather, Janice G.; Baker, R. Robin (1981): Magnetic sense of direction in woodmice for route-based navigation. In: Nature 291 (5811), S. 152–155. DOI: 10.1038/291152a0.
  • Červený, J., H. Burda, M. Ježek, T. Kušta, V. Husinec, P. Nováková, V. Hart, V. Hartová, S. Begall, E.P. Malkemper. Magnetic alignment in warthogs Phacochoerus africanus and wild boars Sus scrofa. 2017. Mammal Review 47:1-5. DOI: 10.1111/mam.12077.
  • Červený, Jaroslav; Begall, Sabine; Koubek, Petr; Nováková, Petra; Burda, Hynek (2011): Directional preference may enhance hunting accuracy in foraging foxes. In: Biology letters 7 (3), S. 355–357. DOI: 10.1098/rsbl.2010.1145.
  • Hart, Vlastimil; Nováková, Petra; Malkemper, Erich Pascal; Begall, Sabine; Hanzal, Vladimír; Ježek, Miloš et al. (2013): Dogs are sensitive to small variations of the Earth's magnetic field. In: Frontiers in zoology 10 (1), S. 80. DOI: 10.1186/1742-9994-10-80.
  • scinexx (2011): Der Magnetsinn zeigt den Weg. Rätsel um den „sechsten Sinn“ der Tiere. Online verfügbar unter https://www.scinexx.de/dossier/der-magnetsinn-zeigt-den-weg/, zuletzt aktualisiert am 01.04.2011, zuletzt geprüft am 13.02.2021.

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR