AdobeStock/kazanma73

Diagram vun enger Sonnendäischtert, bei där de Mound genee tëscht Sonn an Äerd duerchwandert.

Bei enger Sonnendäischtert wandert de Mound genee tëschent eis an der Sonn duerch, a blockéiert eis doduerch d’Siicht op d’Sonn. Well d’Sonn awer grouss ass an de Mound kleng, werft de Mound just e Punktschied op d’Äerd.

Wisou kann de Mound dann d’ganz Sonn bedecken, obwuel en sou kleng ass?

Dat ass e komeschen Zoufall: de Mound ass zwar 400 mol méi kleng wéi d’Sonn awer och 400 mol méi no un der Äerd. Dofir passt dat genee.

Gëtt et däischter wann d’Sonn hannert dem Mound verschwënnt?

Nëmme bei enger totaler Sonnendäischtert. Lëtzebuerg wäert den 12. August net genee am Punktschied dra sinn, dofir bleift d’Sonn nach siichtbar. Mir hu keng total Sonnendäischtert wéi dat hei 1999 fir d'lescht de Fall war an den 12. August a Spuenie wäert de Fall sinn. 

Hei wäerten um Héichpunkt 90% vun der Sonn bedeckt sinn, also nach just 10% vun der Sonn siichtbar bleiwen. Do kéint ee mengen, datt et da méi däischter gëtt, awer och wa just nach 10% vun der Sonn ze gesi sinn, ass déi nach ëmmer ze staark fir do e groussen Ënnerscheed an der Hellegkeet ze maachen. 

Mee et lount sech awer trotzdeem an den Himmel ze kucken. 

Et soll een dann awer net an d‘Sonn kucken ouni sou en Spezialbrëll?

Jo, et soll een ni matt bloussem Aen an d’Sonn kucke well déi eis Netzhaut verbrenne kann. Bei der Sonnendäischtert ass de Problem datt d’Tentatioun vill méi grouss ass fir laang dran ze kucken. Dofir brauch een e Spezialbrëll matt enger Schutzfolie.

A wou kréien ech sou een?

Beim Optiker, am Science Center oder eventuell och um Solar Eclipse Day zu Ettelbréck. Awer op kee Fall en normale Sonnebrëll benotzen. Wann ee kee spezielle Schutzbrëll huet, kann een d'partiell d'Sonnefinsternis och duerch eng sougenannte Camera obscura beobachten. Hei gëss de gewuer, wéi ee sou eng baue kann:

D’Sonnendäischtert ass awer net deen eenzege Spektakel deen Owend

Effektiv. Méi spéit deen Owend, wann et däischter ass an den Himmel kloer, sinn dann nämlech och nach ganz vill Stäreschnäizen ze gesinn – theoretesch bis 60 Stéck an der Stonn. An dat well d’Äerd sech grad duerch eng Stëbswollek vum Koméit Swift-Tuttle beweegt.

An dëser Stëbswollek si kleng Stécker a Partikelen, déi vum Koméit ofgebréckelt sinn – sougenannte Meteoroiden. Déi triede mat immens héijer Vitesse an déi iewescht Atmosphäre vun der Äerd an a vergléien do. Dobäi hannerloossen se eng Liichtspuer, déi mir als Stäreschnäiz gesinn.

Déi Stäreschnäize gi Perseide genannt. Well wann een hiren Ursprong zréckverfollegt, läit deen am Beräich vum Stärebild Perseus. Méi Infos dozou an dësem Artikel vum leschte Joër:

Wéini a wou kann een déi zwee Phänomener beobachten?

D'partiell Sonnefinsternis kann een en Mettwoch 12. August 2026 bei klorem Himmel iwwerall zu Lëtzebuerg ab 19:20 Auer beobachten. Den Héichpunkt ass hei géint 20:15.

D’Perseiden kann ee méi spéit deen Owend gesinn, wann et ganz däischter ass. Am beschte sicht een sech dofir eng Plaz, wou ee méiglechst vill vum Himmel gesäit a Beliichtung vu Stroossen oder Gebaier net stéieren.

An zu Ettelbréck gëtt et deen Dag och e gratis Event, wou een d'Sonnendäischtert op sécher Manéier beobachte kann an nach villes iwwert d'Sonnendäischtert a Stäreschnäize gewuer gëtt. 

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Editeur: Michèle Weber, Anouk Ewen (FNR)

Aussi intéréssant

Espace L'exploration scientifique de la Lune made in Luxembourg

Eau, poussière, IA : le Luxembourg participe à la préparation technologique des futures missions sur la Lune à travers l...

Mam Mound goen Beaflosst de Mound eise Schlof?

De Mound huet groussen Afloss op d’Äerd an op munch vun hire Bewunner. Mee beaflosst en och eise Schlof?

FNR
Weltraum Exploratioun Wéi kënnen sech Rover op friemen Himmelskierperen orientéieren?

Am Februar ass de Mars Rover Perseverance um Mars gelant. Um Mars oder um Mound gëtt et jo kee GPS. Ma wéi fënnt iwwerha...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Aperçu des évènements Événements au Luxembourg liés à la science - août 2026

Que se passe-t-il au cours de ce mois ? Voici nos points forts du calendrier des événements de science.lu.

PORTRAIT DES CANDIDATS - TAKE OFF SAISON 3 Fréderik Mortier : l’audace, la logique et l’esprit d’équipe

Calme sous pression et passionné de sciences, Fréderik Mortier revient sur son parcours dans Take Off, l’importance du travail d’équipe et son projet ambitieux autour d’un plastique à base d’algues.

FNR, ALF
PORTRAIT DES CANDIDATS - TAKE OFF SAISON 3 Paul Fontaine : stratégie, curiosité et soif d’impact

Paul Fontaine a marqué Take Off par ses compétences et son sens de la stratégie. Entre ambition écologique, esprit d’équipe et envie de changer le monde, il revient sur une aventure formatrice.

FNR, ALF