AdobeStock/tete_escape

Fir Handye gëllt virum Start: ausmaachen, de Mobilfunk desaktivéieren oder de Flugmodus umaachen.

Mr Science, éier e Fliger start, mussen d'Passagéier de Flugmodus op hirem Handy umaachen. Firwat eigentlech?

Well Handye Funksignaler aussenden, déi d'Elektronik am Fliger beaflosse kënnen – zum Beispill d'Navigatiouns- oder Kommunikatiounssystemer. Ausserdeem beaflosse se wärend dem Fluch de Mobilfunkreseau um Buedem. Dat wëll ee vermeiden. Fir Handye gëllt dowéinst virum Start: ausmaachen, de Mobilfunk desaktivéieren oder de Flugmodus umaachen.

Wat passéiert mam Handy, wann ech de Flugmodus umaachen?

Mam Flugmodus desaktivéiert een an der Reegel d'Mobilfunk-Funktioun, d'WLAN-Verbindungen an de Bluetooth. Zentral am Fliger ass dobäi d'Mobilfunk-Funktioun: Handye sollen net méi mam Mobilfunkreseau kommunizéieren. Iwwer Mobilfunk verbanne sech Handye mat Sendemasten bzw. Funkzellen um Buedem, fir ze telefonéieren, Messagen ze verschécken oder mobil Donnéeën ze benotzen – anescht ewéi beim WLAN oder Bluetooth, déi nëmmen iwwer méi kuerz Strecke funktionéieren. Mam Flugmodus desaktivéiert een also méi Funktiounen ewéi eigentlech néideg ass. Mee „de Flugmodus umaachen“ ass eng kloer Reegel, déi haut bal jidderee versteet an déi einfach duerchzesetzen ass.

Firwat sollen d'Handyen net mam Mobilfunkreseau funken?

Well d'Apparater an der Loft vill méi einfach gläichzäiteg zu méi Funkzellen um Buedem a Kontakt kënne kommen ewéi Apparater um Buedem. Miessunge mat Funkapparater an 100 Meter Héicht weisen, datt hir Signaler doduerch däitlech méi Funkzelle beanträchtegen an d'Koordinatioun am Mobilfunkreseau méi schwéier maache kënnen. Dofir ass et um Fluch nëmmen dann erlaabt, mam Handy ze telefonéieren, wann et technesch Systemer u Bord gëtt, déi esou Stéierunge verhënneren.

Wéi ass dat a moderne Fligere geléist?

Modern Fligere gi vu vireran esou entwéckelt, datt hir elektronesch Systemer staark Funksignaler besser aushalen ewéi dat fréier de Fall war. Dozou zielen net nëmme Signaler vun Handyen u Bord, mee och staark Funkfelder vu baussen, zum Beispill vu Radar- oder Funksenderen. Ausserdeem kënnen Hiersteller haut mathëllef vu standardiséierte Verfaren noweisen, datt e Fliger PED-tolerant ass – also net duerch d'Funksignaler vu mobillen elektroneschen Apparater beaflosst gëtt. Da kënnen d'Fluchlinnen hire Passagéier an all de Fluchphasen erlaben, hir Apparater ze benotzen.

 

Wéi funktionéiert de WLAN am Fliger?

Op verschidde Flich kënnen d'Passagéier iwwer e Bord-eegene WLAN-Reseau wärend dem Fluch am Internet surfen. Dëse WLAN funktionéiert iwwer Antennen um Fliger, déi sech mat Satellitten am Weltall (bei Strecken iwwer Ozeaner oder entleeë Regiounen) oder iwwer Land och mat Mobilfunkmasten um Buedem verbannen (Air-to-Ground). D'Signal gëtt un e Server a Router an der Kabinn weidergeleet, deen et als WLAN un d'Smartphonen oder d'Laptoppe vun de Passagéier verdeelt.

Nodeem d'Passagéier de Flugmodus op hirem Handy ugemaach hunn, kënne se de WLAN nees manuell aktivéieren a sech beim Bordreseau umellen – änlech wéi bei engem WLAN-Reseau an engem Coffeeshop um Buedem. Well de Bordreseau nëmmen iwwer kuerz Distanze mat den Apparater kommunizéiert, beanträchtegt dat d'Bordelektronik net. Bei 300 Handyen, déi permanent a gläichzäiteg probéieren, Mobilfunkzellen um Bueden ze erreechen, ass dat eng aner Saach.

Wann d'Akkuen am Fliger zum Risiko ginn

Net nëmmen d'Funksignaler, mee och d'Akkuen an déi mobil elektronesch Apparater kënnen am Fliger zu engem Problem ginn. Virun allem d'Lithium-Ionen-Akkuen an de Smartphonen, Laptoppen, Powerbanken oder elektroneschen Zigarette gëllen als Risiko: Wa se beschiedegt ginn oder iwwerhëtzen, kënne waarm, gëfteg a brennbar Gasen austrieden. Am Extreemfall kënnt et zu Damp, Feier oder Explosiounen. Laut der amerikanescher Administratioun fir d'Loftfaart (Federal Aviation Administration, FAA) kënnt et ongeféier ee bis zwee Mol d'Woch vir, datt e Lithium-Ionen-Akku u Bord extreem waarm gëtt, dämpt oder Feier fänkt.

Eng aktuell Ënnersichung vun Airbus an zwee Fraunhofer-Instituter, déi vun der Europäescher Agence fir Fluchsécherheet (EASA) ënnerstëtzt gëtt, weist och, datt d'Kabinnebelëftung Damp a Gaser an der Reegel sou staark verdënnt, datt schonn e puer Sëtzplaze vun der Brandquell ewech déi gesondheetsschiedlech Grenzwäerter ënnerschratt ginn. Direkt um betraffenen Apparat bleift d'Gefor awer akut. Entscheedend ass dofir, datt den Equipage séier a professionell agräift.

Wëssenschaftler hunn awer och Hëllefsmëttel ewéi Feierläscher a speziell Sécherheetsposchen am Fall vun engem Akkubrand getest. D'Feierläscher konnten d'Flamen ënnerdrécken. Déi ënnersicht Poschen hunn d'Ufuerderungen dogéint net ganz erfëllt: Et ware weiderhi Flamen an Damp ze gesinn.

Eng Studie bestätegt ausserdeem déi bestoend 100-Wh-Limitt fir mobil Apparater u Bord. Insgesamt gëllt d'Fléie weiderhin net als onsécher – mee Lithium-Ionen-Akkue bleiwen e Risiko, deen d'Fluchlinnen, d'Autoritéiten an d'Hiersteller ganz eescht huelen an am Ae behale mussen.

Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Nadia Taouil (www.t9n.lu)

Infobox

Quellen

Amorim, R., Nguyen, H., Wigard, J., Kovács, I. Z., Sørensen, T. B., Biro, D. Z., Sørensen, M., & Mogensen, P. (2018). Measured Uplink Interference Caused by Aerial Vehicles in LTE Cellular Networks. IEEE Wireless Communications Letters, 7(6), 958–961. https://ieeexplore.ieee.org/stamp/stamp.jsp?arnumber=8369158

Ely, J. J., Nguyen, T. X., Koppen, S. V., Beggs, J. H., & Salud, M. T. P. (2003). Wireless Phone Threat Assessment and New Wireless Technology Concerns for Aircraft Navigation Radios. NASA/TP-2003-212446. National Aeronautics and Space Administration. https://share.google/phRWtkQQpL3AEg0sX

Federal Aviation Administration (FAA). (2017). Use of Portable Electronic Devices Aboard Aircraft (AC 91.21-1D). U.S. Department of Transportation. https://www.faa.gov/documentlibrary/media/advisory_circular/ac_91.21-1d.pdf

Kebel, R., & Stadtler, T. (2017). Progress in Usage of Portable Electronic Devices on Aircraft, An Overview. In Proceedings of the 2017 International Symposium on Electromagnetic Compatibility – EMC Europe 2017. DOI: 10.1109/EMCEurope.2017.8094746

https://www.geo.de/reisen/reisewissen/internet-auf-reisen-so-funktioniert-das-wlan-flugzeugen-und-der-bahn-30174702.html

Fraunhofer EMI / Fraunhofer IBP / Airbus. (2026). Lithium-Ionen-Akkus: Brandgefahr im Flieger – Tragbare elektronische Geräte im Flugzeug sicher einsetzen. Forschung Kompakt, 1. Juli 2026.

https://www.fraunhofer.de/de/presse/presseinformationen/2026/juli-2026/tragbare-eelektronische-Geraete-im-flugzeug-sicher-einsetzen.html

De Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Aussi dans cette rubrique

Technik am Alldag Kann een op enger Induktiounskachplack en Handy oplueden?

Induktiounskachplack a Chargeuren ouni Kabel iwwerdroen alle béid Energie. Trotzdeem kann een op der Kachplack kee Smartphone oplueden. Well hir Technik ënnerscheet sech grondsätzlech.

FNR
sperm and egg cell
Reproduktiounsbiologie Gewënnt bei der Befruchtung wierklech de séierste Spermium?

Vill Leit stelle sech d'Befruchtung vun der Eezell wéi eng Course vir: Dee séierste Spermium gewënnt. Mee eigentlech ass et en Hindernisparcours, bei deem de weibleche Kierper d'Reegele mat bestëmmt....

FNR
Drogensucht
Drogesucht Firwat maachen Drogen eigentlech ofhängeg?

Ween ze vill an ze laang Droge consomméiert, ka säi Kierper ruinéieren an Aarbecht, Frënn a Famill verléieren. Firwat ass et trotzdeem sou schwéier, opzehalen?

FNR