Marc Schiltz

FNR

Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche (FNR)

A senger Carte Blanche vum 24. Februar 2020 goung de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche (FNR), op Fake News a pseudowëssenschaftlech Posts an: Wéi se d’Wëssenschaft betreffen an wat d’Wëssenschaft ka maachen, fir sech dogéint ze wieren. Hei eng iwwerschafften an aktualiséiert Versioun vun dëser Carte Blanche.  

D’Nouvellen zur Coronavirus-Pandemie halen eis den Ament all Dag an Otem. Zënter enger Zéit verbreet sech an de sozialen Netzwierker eng Thees, dass déi Pandemie net, wéi ugeholl, op engem Maart an der chinesescher Stad Wuhan ugefaangen huet, mä an engem Fuerschungslabo, wou Wëssenschaftler mat Viren experimentéiert hätten, an eppes schif gelaf wier. Obwuel et keng Grondlag fir déi Thees gëtt, verbreet se sech awer haartnäckeg, esou wéi de Coronavirus selwer. Lescht Woch gouf zu dem Thema eng wëssenschaftlech Etüd verëffentlecht, an däer Fuerscher d’Ierfmaterial vum neie Virus ënnert d’Lupp geholl hunn a mat deem vun aneren Coronavire verglach hunn. Si confirméieren, datt deen neie Coronavirus Characteristiquen huet, déi beweisen datt en nët an engem Labo hiergestallt oder manipuléiert gouf, mee komplett natirlech enstaanen ass. Si plaidéieren fir d‘Theorie datt den neie Coronavirus SARS-CoV-2 ähnlech wéi d’Coronaviren déi SARS a MERS verursachen vun engem Déier op de Mënsch iwwerdroe gouf.  

Mee et kurséieren den Ament nach eng Rëtsch aner Falschmeldungen an de sozialen Netzwierker zum Coronavirus, notamment wat méiglech Traitementer vu Covid-19 betrëfft.  

Den Internet an déi sozial Netzwierker stellen en neien a schwieregen Defi fir mat Informatioun ëmzegoen. Wëssenschaftlech Etüden hu gewisen, dass falsch Informatioune sech an de sozialen Netzwierker bis zu 10 Mol méi schnell verbreeden, wéi richteg Informatiounen, an an der Reegel och vill méi Notzer erreechen. 

Da gëtt et de Phänomen vun de «Social Bots»: Dat si Softwareroboter, déi op de sozialen Netzwierker agesat ginn, fir geziilt Noriichten ze verbreeden, esou wéi wa se vun mënschleche Notzer keimen. Eng rezent Etüd huet ervirbruecht, dass ee Véierel vun den Tweets zum Klimawandel vun däraartege Robotere verschéckt ginn, woubäi dovunner de gréissten Deel wëssenschaftlech net fundéiert ass

D’Wëssenschaft deet sech schwéier mat Fake News. Wëll se dacks ganz kuerz a prägnant sinn. Wëssenschaftlech a medezinesch Sachverhalter si par contre dacks komplex. Et ass da schwiereg, fir Onwourechten an engem kuerze prägnante Saz richteg ze stellen. An awer muss d’Wëssenschaft versichen, mat deene selwechte Mëttelen zréckzeschloen, wéi z.B. d’WHO dat versicht mat der Coronavirus-Pandemie. 

Eng Pist ass, fir selwer aktiv no Fake News an Onwourechten ze sichen, an da séier ze reagéieren, kuerz a knackeg. Eng aner Piste ass, fir selwer méi Visibilitéit ze kréien, sief et andeems d’Wëssenschaft mat Influencer zesummeschafft, Wëssenschaftsjournalisten ënnerstëtzt oder awer Wëssenschaftler selwer méi kommunizéieren. Oder d’Wëssenschaft kreéiert selwer gréisser Plattforme mat méi grousser Visibilitéit, wéi dat zum Beispill zu Lëtzebuerg mat science.lu de Fall ass. 

Wéi ee gesäit: eng grouss Erausfuerderung, fir dass mer Fake News a Pseudowëssenschaften andämme kënnen, sou wéi hoffentlech och de Corona-Virus. 

Wéi erkennt ee Fake News?  

An dësem Artikel op ZEIT ONLINE  gëtt de Professer fir Allgemeng Psychologie a Kognitiounsfuerschung Markus Knauff am Kontext vum Coronavirus 9 Tipps, wéi jiddereen selwer Behaaptungen déi op soziale Medie verbreet ginn, iwwerpréiwe kann:  

  1. „Wann s Du am Netz eppes Neies iwwert de Virus gewuer gëss, denk net direkt dass Du dat virdru scho gewosst häss.“ (hindsight bias) 
  2. „Wéi eist Gehier eng Behaaptung verschafft, hänkt och vun de Wierder of, déi benotzt ginn.“ (Framing-Effekt) 

  3. „Sich net no Informatiounen, déi Deng Opfaassungen iwwert de Virus bestätegen.“ (confirmation bias) 

  4. „Zweiwel un deem, wats Du selwer an anerer iwwert de Virus mengen ze wëssen oder fir richteg halen.“ (Dunning-Kruger-Effekt) 

  5. „Wann no engem Evenement A en Evenement B kënnt, ginn d’Leit meeschtens onbewosst dovun aus, datt déi zwee zesummenhänken.“ (illusory causality oder Kausalfehler)  

  6. „Verlooss Dech am Netz an am Ëmgang mat Medien net op däi ‚gesonde Mënscheverstand‘.“ (gut feeling error) 

  7. „D’Leit halen Evenementer fir méi warscheinlech, wat se méi disponibel an hirem Gehier sinn.“ (availability error) 

  8. „Passt op Argumenter op, déi keng sinn.“ (slippery slope argument) 

  9. „A ganz wichteg: Ënnerschätz d’Wierkung vu Feelinformatiounen net.“ 

Auteur: Marc Schiltz (FNR) 
Editor: Jean-Paul Bertemes, Didier Goossens, Michèle Weber (FNR) 
Foto: FNR

Aussi dans cette rubrique

online quiz
ASTIGMATH & CONVERGENCE Des quiz en mathématiques en ligne pour tous!

Envie de découvrir les mathématiques comme vous ne les avez jamais vues ? Alors participez aux quiz de math interactifs en ligne le 12 mai !

Concours national Jonk Fuerscher Quels sont les effets de la qualité de l’eau sur les microorganismes aquatiques ?

Les engrais organiques peuvent-ils impacter les cours d’eau luxembourgeois ? Mara Rachel Manieri, lauréate du concours Jonk Fuerscher 2020, explique son projet.

Concours national Jonk Fuerscher Quelle est l’efficacité de la salive des chiens comme antiseptique ?

Pourquoi les chiens lèchent-ils leurs blessures ? Cette observation était à l’origine du projet de Sydney Dam, lauréate du concours Jonk Fuerscher 2020.