shotshop.com

E Fuerscher kuckt sech gentechnesch modifizéiert Planzen ënnert dem Mikroskop un

Gentechnik ass an Europa verpöhnt. An anere Länner, z.B. an Nord- a Südamerika, sinn se awer manner skeptesch a baue vill gentechnesch modifizéiert Planzen un. Wéi geféierlech ass Gentechnik dann elo ?

Wann ee Gentechnik-Géigner nolauschtert, mengt ee Gentechnik  wier super geféierlech. Wann ee Gentechnik-Produzenten nolauschtert, kéint ee mengen, Gentechnik wier absolut onbedenklech. D’Wourecht läit an der Mëtt. Fakt ass : An der wëssenschaftlecher Communitéit gëtt et keng Evidenz derfir, dass gentechnesch verännert Planze schiedlech si fir de Mënsch oder d‘Déier.

Heescht dat dann dass Gentechnik total harmlos ass ?

Jiddfer Liewensmëttel, jiddfer Produktiounsmethode biergt gewësse Risiken. Wann et em d’Ernährung vun iwwer 7 Milliarde Mënsche weltwäit geet, muss een oofweien. Am Kampf géint Krankheeten, Drëschenten an Iwwerschwemmungen ass et wichteg, dass robust Planze mat neien Eegeschaften geziicht ginn. Vrun allem wa mer manner Pestizide wëllen asetzen.

Gentechnik ass eng vu villen Ziichtungsmethoden. An do ginn et der, déi als risikoaarm agestuft ginn, wéi z.B. einfach zwou Planze vun der selweschter Zort mateneen ze kräizen. An do ginn et méi technologescher, déi als méi risikoräich agestuft ginn, wéi z.B. d’Gentechnik.

OK, och aner Ziichtungsmethoden hunn also Risiken?

Genee. Fir nei Eegeschaften ze kréien muss een d’DNA (also d’Genen) vun de Planze veränneren. Dat geschitt och bei der normaler Ziichtung - an och an der Natur. Ma d’Méiglechkeete sinn hei begrenzt. Fir nei Eegeschaften an eng Planz ze kréien, ginn et Ziichtungsmethoden wou se z.B. Planze mat radioaktiver Strahlung bombardéieren oder chemesch Substanzen asetzen, déi d’DNA vu Planzenzellen attackéiert. Och dest si méi risikoräich Methoden. Ma wëll sie als Ziichtung an net als Gentechnik agestuft ginn, sinn sie manner streng kontrolléiert.

Ze soen dass aner Ziichtungsmethoden och hier Risiken hunn, wëll awer lo net soen, dass Gentechnik dofir manner Risiken huet ?

Dat stëmmt. Dat wor just fir ze soen, dass an däer Debatt immens vill Schwaarz-Wäiss-Molerei mat dran ass. A Wierklechkeet ass d’Realitéit awer gro. Wichteg wier vu Fall zu Fall ze kucke, wat sënnvoll ass a wat net. Gentechnik ass sëcherlech keng Allerweltsléisung. Ma vläit a verschiddene Fäll interessant ? Vill Argumenter géint Gentechnik hunn net direkt mat der Gentechnik, ma mat der Praxis vu Grousskonzerner ze dinn.
Fir weider Infoen géif ech hei op eise science.lu-Special verweisen.

Auteur: Jean-Paul Bertemes
Photo: shotshop.com

Aussi intéréssant

État des lieux scientifique Quels sont les effets sanitaires et sociaux du cannabis récréatif?

Nous résumons ce que sait la science sur l’impact du cannabis psychoactif sur le bien-être physique, mental et social de...

FNR
Expérience avec des fleurs Transformez des tulipes blanches en tulipes colorées !

Avec peu de matériel, vous avez la possibilité de transformer des tulipes (ou autres fleurs) blanches en tulipes colorée...

FNR
Nuisibles Le scolyte : du nuisible secondaire à l’ennemi mortel des épicéas

Sur les près de 50 espèces de scolytes présentes au Luxembourg, deux d’entre elles surtout sont extrêmement dangereuses ...

Aussi dans cette rubrique

Klimaschutzbësch Léisst sech de Klimawandel mat Beem stoppen?

Kéint ee genuch CO2 aus der Loft huele fir de Klimawandel ze stoppen, andeems een einfach iwwerall op der Welt lauter Beem planzt?

FNR
Kreativ KI  Wéi weess een, ob en Text vun enger KI geschriwwe gouf?   

Computer-generéiert Texter ginn ëmmer besser. Ginn et Tricken oder Tools fir Texter ze erkennen, déi vun enger KI geschriwwe goufen?  

FNR
Ökobilanz Chrëschtbeemchen Wéi ee Chrëschtbeemchen ass am nohaltegsten? Plastik oder echt?

Oh Dännebam, wéi gréng bass du wierklech? Wéi ee Chrëschtbeemchen ass am ökologeschsten? Mir hunn dräi Variante matenee verglach: den echte Beemchen, de Plastiksbeemchen an den ausgeléinten am Dëppen

FNR