AdobeStock/thongchainak

Weltkaart mat de Kontinenter, wéi een se haut kennt.

Mr Science, och wa mir seelen eppes dovu matkréien, beweegen d'Kontinenter sech wéinst der Kontinentalverschibung lues, awer konstant. Wéi gesinn d'Kontinenter an enger Millioun Joer aus?

Mr Science: Kuerz gesot: bal d'selwecht wéi haut – mee se befanne sech dann e puer Kilometer méi wäit ewech. Eng Millioun Joer kléngt fir d'éischt mol extreem laang. Geologesch betruecht, ass dat awer e kuerzen Zäitraum. Fuerscher hu gemooss, datt déi haiteg Beweegunge vun de Kontinenter meeschtens am Beräich vun e puer Zentimeter d'Joer leien (Graham et al., 2018; Müller et al., 2019).

Den Zäitraum vun enger Millioun Joer geet zwar duer, fir Küstelinne liicht ze veränneren oder Bierger weider unzehiewen, mee net, fir nei Ozeaner entstoen oder Kontinenter iwwer déi hallef Äerd driften ze loossen. Esou Verännerunge brauchen Dose bis Honnerte Millioune Joer.

Wou läit Lëtzebuerg an enger Millioun Joer?

Mr Science: De Grand-Duché läit da viraussiichtlech e puer Kilometer weider ëstlech. Well Europa – an domat Lëtzebuerg – beweegt sech als Deel vun der eurasescher Plack insgesamt no Osten. Laut enger Studie aus dem Joer 2019 verschiben d'Kontinenter sech zwee bis dräi Zentimeter d'Joer (Müller et al., 2019). An enger Millioun Joer entsprécht dat ongeféier 20 bis 30 Kilometer. D'Stad Lëtzebuerg kéint dann an der Géigend vun der haiteger Lëtzebuerger Musel leien.

Wéi kann een iwwerhaapt noweisen, datt Kontinenter sech beweegen?

Mr Science: Well mir et haut direkt moosse kënnen: Fuerscher stellen iwwerall op der Welt Mooss-Statiounen op a bestëmme permanent hir Positioun per Satellit – mat enger Genauegkeet vun e puer Millimeter. Esou gesi se quasi an Echtzäit, datt d'Kontinenter net fix op enger Plaz bleiwen, mee sech ganz lues beweegen (Graham et al., 2018).

A firwat beweegen d'Kontinenter sech?

Mr Science: Well d'Äerd bannendra waarm ass an dës Hëtzt no baussen transportéiert muss ginn: Am Äerdmantel zirkuléiert zéiflëssegt Gestengs. Do, wou et gliddeg waarm op d'Uewerfläch kënnt, entsteet neien Ozeanbuedem. Anerwäerts sénkt alen, ofgekillte Mieresbuedem nees of. Dëse globalen Hëtztkreeslaf setzt d'Äerdplacke lues a Beweegung (Wilson et al., 2019).

Wat passéiert mat Lëtzebuerg an e puer honnert Millioune Joer?

Mr Science: Am Verlaf vun e puer honnert Millioune Joer wäert d'Gestalt vun der Äerduewerfläch sech däitlech veränneren: D'Äerdgeschicht weist, datt Kontinenter sech ëmmer nees zesummeschléissen an dono nees trennen (Wilson et al., 2019). Aus den haitege Kontinenter wäert en neie Superkontinent entstoen. Déi eurasesch Plack – an domat Lëtzebuerg – gëtt dann an dëse Kontinent integréiert.

Dës Animatioun vum US-Fuerscher Christopher Scotese aus dem Joer 2021 weist, wéi d'Kontinenter sech an den nächsten 250 Millioune Joer verännere géingen. (Quell: YouTube-Kanal Christopher Scotese)

Wou genee Lëtzebuerg da läit, vläicht matten op engem risege Kontinent, no bei Bierger oder un enger Küst, dat kann een haut net mat Sécherheet viraussoen. Mee Fuerscher entwerfen ëmmer besser Modeller, fir déi laangfristeg Entwécklung vun de Placken a Superkontinent-Zyklen ze verstoen. An dofir bleift et esou spannend an der Fuerschung.

Firwat gëtt et d'Kontinentalverschibung?

D'Kontinenter beweege sech, well d'Äerd bannendra waarm ass an dës Hëtzt no baussen transportéiert muss ginn. Een Deel vun dëser Energie staamt nach aus der Entsteeungszäit vum Planéit, een aneren aus dem Zerfall vu radioaktiven Elementer.

Am zéiflëssegen Äerdmantel zirkuléiert dofir Material ganz lues: Waarmt Gestengs steigt op, wärend méi killt Gestengs ofsénkt. Do, wou waarmt Material no uewen dréngt, entsteet neien Ozeanbuedem. Op anere Plaze gëtt alen, ofgekillte Mieresbuedem nees zeréck an d'Äerd ragezunn. Dës Prozesser wierke wéi e Motor vun der Beweegung vun de grousse Placken, aus där déi baussechtst Äerdschicht besteet.

D'Kontinentalverschibung ass also Deel vun engem globalen Hëtztkreeslaf vun der Äerd. Andeem d'Placke sech beweegen, hëlleft d'Äerduewerfläch dobäi, iwwerschësseg Hëtzt vu bannen ofzetransportéieren (Müller et al., 2019, Wilson et al., 2019, https://www.youtube.com/watch?v=WSzSsI_8Cjg).

Dat geologescht Tagebuch

Déi lues Beweegung vun de Kontinenter hannerléisst Spueren – wéi an engem ganz, ganz laangen Tagebuch. E wichtegen Hiweis dofir, wéi d'Kontinenter sech beweegt hunn, befënnt sech um Mieresbuedem: Do entsteet permanent neien Ozeanbuedem u laange „Verbindungszonen“ am Ozean. Dëse Buedem gëtt vun der Verbindungszon no baussen ewechgeschiibt, wéi op engem Fërderband. Wat e méi wäit vun der geologescher „Verbindung“ ewech ass, wat e méi al ass. Doduerch, datt se de Mieresbuedem analyséieren, kënne Wëssenschaftler rekonstruéieren, wéi Ozeaner entstinn a wéi d'Kontinenter auserneendriften (Müller et al., 2019).

Och u Land gesäit ee Beweegunge vun den Äerdplacken: Bierger entstinn op deene Plazen, wou Placken zesummestoussen, a Gestengs gefaalt oder no uewe gedréckt gëtt. An u grousse Plackegrenzen – zum Beispill do, wou eng Plack ënner déi aner oftaucht – erkennt een, wou d'Äerd grad „schafft“. Aus esou Spuere stelle Fuerscher Kaarten a Modeller zesummen, déi weisen, wéi d'Kontinenter sech an der Vergaangenheet verschiibt hunn a wat fir eng Richtung de System haut hëlt (Müller et al., 2019).

Den Zyklus vun de Superkontinenter

D'Kontinenter vun der Äerd bleiwen net dauerhaft vunenee getrennt. An der Äerdgeschicht hu se sech ëmmer nees zu risege Landmassen, sougenannt Superkontinenter, zesummegeschloss. Dono sinn dës nees auserneegebrach. De Superkontinent Pangaea, dee virun ongeféier 300 Millioune Joer existéiert huet, war nëmmen dee jéngste vun dësen Zesummeschlëss.

Fuerscher schwätze vum „Superkontinent-Zyklus“ (Wilson et al., 2019). E leeft iwwer Zäitraim vun e puer Millioune Joer of. Fir d'éischt bilde sech nei Ozeaner, well u laangen Ënnerwaasser-Biergketten neie Mieresbuedem entsteet. Gläichzäiteg verschwënnt alen Ozeanbuedem op anere Plazen nees eran an d'Äerd. Well d'Äerduewerfläch en zouene System ass, kann neien Ozeanbuedem net onbegrenzt entstoen: Wann en Ozean iwwer laang Zäit ëmmer méi kleng gëtt, stoussen déi ugrenzend Kontinenter schliisslech zesummen. Grouss Bierger entstinn – an en neie Superkontinent bilt sech.

Modeller vun der haiteger Plackebeweegung weisen, datt dëse Prozess och haut weiderleeft (Müller et al., 2019; Mitchell et al., 2021). Mee bis sech nees een eenzege grousse Kontinent bilt, wäerten nach Honnerte Millioune Joer vergoen.

Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Nadia Taouil (www.t9n.lu)

Infobox

Quellen

Graham, S. E., Loveless, J. P., & Meade, B. J. (2018). Global plate motions and earthquake cycle effects. Geochemistry, Geophysics, Geosystems, 19, 2032–2048. https://doi.org/10.1029/2017GC007391

Graham, S. E., Loveless, J. P., & Meade, B. J. (2018). Global plate motions and earthquake cycle effects. Geochemistry, Geophysics, Geosystems, 19, 2032–2048. https://doi.org/10.1029/2017GC007391

Mitchell, R.N., Zhang, N., Salminen, J. et al. The supercontinent cycle. Nat Rev Earth Environ 2, 358–374 (2021). https://doi.org/10.1038/s43017-021-00160-0

Müller, R. D., Zahirovic, S., Williams, S. E., Cannon, J., Seton, M., Bower, D. J., et al. (2019). A global plate model including lithospheric deformation along major rifts and orogens since the Triassic. Tectonics, 38, 1884–1907. https://doi.org/10.1029/2018TC005462

Wilson, R. W., Houseman, G. A., Buiter, S. J. H. , McCaffrey, K. J. W., Doré, A. G.(2019). Fifty years of the Wilson Cycle concept in plate tectonics: an overview. In: Fifty years of the Wilson Cycle concept in plate tectonics. Geological Society, London, Special Publications, Volume 470, Pages 1 - 17, https://doi.org/10.1144/SP470-2019-58

Werden wir nach Amasia ziehen? | 42 - Die Antwort auf fast alles Reupload | ARTE

https://www.researchgate.net/publication/323511465_Atlas_of_Future_Plate_Tectonic_Reconstructions_Modern_World_to_Pangea_Proxima_250_Ma

Mitchell, R.N., Zhang, N., Salminen, J. et al. The supercontinent cycle. Nat Rev Earth Environ 2, 358–374 (2021). https://doi.org/10.1038/s43017-021-00160-0

Müller, R. D., Zahirovic, S., Williams, S. E., Cannon, J., Seton, M., Bower, D. J., et al. (2019). A global plate model including lithospheric deformation along major rifts and orogens since the Triassic. Tectonics, 38, 1884–1907. https://doi.org/10.1029/2018TC005462

Wilson, R. W., Houseman, G. A., Buiter, S. J. H. , McCaffrey, K. J. W., Doré, A. G.(2019). Fifty years of the Wilson Cycle concept in plate tectonics: an overview. In: Fifty years of the Wilson Cycle concept in plate tectonics. Geological Society, London, Special Publications, Volume 470, Pages 1 - 17, https://doi.org/10.1144/SP470-2019-58

Werden wir nach Amasia ziehen? | 42 - Die Antwort auf fast alles Reupload | ARTE

https://www.researchgate.net/publication/323511465_Atlas_of_Future_Plate_Tectonic_Reconstructions_Modern_World_to_Pangea_Proxima_250_Ma

De Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Aussi dans cette rubrique

Falentherapie Botox: Wéi hëlleft dat déidlechst Gëft vun der Welt géint Falen?

Botox ass ronn eng Millioun mol méi déidlech wéi d’Gëft vun enger Kobra, an awer loosse vill Mënschen sech et sprëtzen, fir méi schéin auszegesinn. Wéi wierkt et eigentlech?

FNR
Fettzellen
Éiwegt Fett Verschwanne Fettzellen, déi sech eemol gebilt hunn, ni méi?

Fettzelle solle ganz schéin zéi sinn. Stëmmt et, datt si ni méi fortginn, nodeems se sech eemol am Kierper gebilt hunn, mee héchstens méi kleng ginn?

FNR