Gëtt et en Ennerscheed

(c) Pixabay

Schmaacht de Béier besser aus der Fläsch oder aus dem Glas?

Mr. Science, Oktober ass jo Béierzäit, a Gëscht nach gouf ech an eng Diskussioun verwéckelt, wéi Béier dann elo am beschte schmaacht: aus der Fläsch oder aus dem Glas – a mir konnten eis net eens ginn. Weess du, ob et do iwwerhaapt en Ënnerscheed gëtt?

Op alle Fall gëtt et do en Ënnerscheed! Béierkenner drénken nëmmen aus dem Glas. Se behaapte Béier aus der Fläsch ass wéi Wäin aus der Fläsch. Dat géif dach kengem Wäikenner afalen, oder?

Neen, Wäin aus der Fläsch, dat geet wierklech net. Mee wéi verännert d’Glas dann de Béiergoût?

Beim Drénken aus der Fläsch spiers de de Béiergoût nëmmen op der Zong. Wanns de de Béier awer an e Glas schëtts, kënnt d’Flëssegkeet mat der Loft a Beréierung. Doduerch kënnen sech d’Aromastoffer richteg entfalen. Wanns de elo drénks, kënnt d’Loft mat den Aromastoffer an d’Nues. D’Perceptioun vum Geroch an der Nues an de Goût op der Zong kombinéieren sech zum richtege Béieraroma.

Kléngt iwwerzeegend. An d’Form vum Glas - beaflosst déi de Goût och?

Jo, mee méi subtil. E Pilz Glas ass meeschtens no uewen hin enk. Am Pilz ass manner Kuelesaier. Déi ass awer wichteg fir d’Schaumkroun an d’Entwécklung vum Goût. Wéineg Kuelesaier bedeit, dass d’Aromastoffer de Béier net sou gutt verloosse kënnen. Wann d’Glas also uewe méi enk ass ginn déi wéineg Aromastoffer an der Loft besser bis bei d’Nues vum Béierdrénker gefouert. An anere Béierzorte wéi an der Blanche ass vill Kuelesaier dran. Fir dass de Béier beim Erausschëdden net iwwerschaimt, si dës Glieser no uewen hi méi breet.

No dëser Theorie sollt een also e Pilz éischter net aus enger Flütt drénken, mee do kommen dann erëm aner Effekter an d’Spill wéi d’Fléissgeschwindegkeet vum Béier an de Mond, mee déi Diskussioune loosse mer léiwer beim Staminee. 

Nach e puer aner Froen...

Schmaacht Béier aus dem Faass anescht wéi Béier aus der Fläsch?

Genausou wéi e Béier aus dem Glas anescht – besser – schmaacht wéi en Béier aus der Fläsch, gëtt et och Ënnerscheeder tëschent Fläsch a Faass. De Grond läit och hei am Contenu vu Kuelesaier, deen am Faass ongeféier 5% méi héich ass wéi an der Fläsch. D’Faass hält dat aus; béi der Fläsch géif de Stopp fortfléien. Den héije Contenu u Kuelesaier mëscht dass Béier aus dem Faass méi sprëtzeg wierkt. En pärelt méi staark op der Zong wéi Fläschebéier.

Béierfläsch – ass brong besser wéi gréng?

Béier ass en liicht verdierflecht Liewensmëttel. Hëtzt, Sauerstoff a Luucht sëtzen em zou, besonnesch UV-Luucht. Dës soll wann méiglech guer net eréischt an de Béier geroden. D’Béierdous suergt perfekt dofir – steet awer iergendwéi net sou richteg fir de perfekte Béiergenoss. Also dach léiwer eng Fläsch. Déi soll dann awer aus méiglechst donkel gefierftem Glas sinn. Brong ass dofir déi klassesch Faarf fir Béierfläschen. Gréng geet och. Dee Moment mussen d’Brauereien awer heiansdo bei der Halbarkeet nohëllefen an de Béier pasteuriséieren.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzerin: Sophie Steinmetz
Foto: Pixabay

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 10.10.2018 beäntwert.