Wëllkomm um Luxembourg LGBTIQ+ Panel !

Bass du Member vun der LGBTIQ+ Community? Hues du Loscht zesummen nozedenken, ze diskutéieren an Erfarungen an Iddien iwwer queer sinn zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun ze deelen? Dann maach bei eise Fokusgruppen mat.


Eng Fokusgrupp ass eng kollektiv a strukturéiert Diskussioun mat bis zu 8 Leit aus der LGBTIQ+ Community. All Fokusgrupp huet een Thema an dauert max. 1h30. All Mënsch aus der Community ab 16 Joer ka matmaachen. D’Ekipp vum LEQGF ass als Facilitatrix dobäi a leed duerch d’Diskussioun – mir lauschteren iech no ! Dir hutt d’Wuert, dir zielt eis wat är aktuell Erfarungen an Erwaardungen zum Thema sinn.

From ECHO.lu


Méi Informatiounen iwwer de Projet : www.lgbtpanel.lu

Méi zum LEQGF : www.leqgf.lu

.

Termin(e) und Uhrzeit(en).

October 2024
24.10 von 18:00 zu 20:00

Veranstaltungsort

Cercle Cité
Place d'Armes
L-1136 Luxembourg