Wëllkomm um Luxembourg LGBTIQ+ Panel !
Bass du Member vun der LGBTIQ+ Community? Hues du Loscht zesummen nozedenken, ze diskutéieren an Erfarungen an Iddien iwwer queer sinn zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun ze deelen? Dann maach bei eise Fokusgruppen mat.
Eng Fokusgrupp ass eng kollektiv a strukturéiert Diskussioun mat bis zu 8 Leit aus der LGBTIQ+ Community. All Fokusgrupp huet een Thema an dauert max. 1h30. All Mënsch aus der Community ab 16 Joer ka matmaachen. D’Ekipp vum LEQGF ass als Facilitatrix dobäi a leed duerch d’Diskussioun – mir lauschteren iech no ! Dir hutt d’Wuert, dir zielt eis wat är aktuell Erfarungen an Erwaardungen zum Thema sinn.
*****
Focus Group #4 "Queer Jonker am Schoulalldag" (LU)
Zilpublikum: Queer jonk Mënschen am Lycée
De 4te Fokusgrupp fënnt de 26. Juni 2024 um 15 Auer am LTL - Lycée Technique de Lallange (Boulevard Hubert Clement, L-4064 Esch-sur-Alzette) statt.
Umeldung iwwert eise Formulaire ass Pflicht : https://www.lgbtpanel.lu/registration-fg
Dëse Fokusgrupp gëtt gehosted vum LTL am Kader vun de Pride/Diversity Days. Et gëtt och Snacks a Gedrénks.
*****
Méi Informatiounen iwwer de Projet : www.lgbtpanel.lu
Méi zum LEQGF : www.leqgf.lu
Termin(e) und Uhrzeit(en).
June 2024
Veranstaltungsort
Boulevard Hubert Clément
L-4064 ESCH-SUR-ALZETTE
Other scientific events
01.062024
/21.092024
Visite guidée du Plateau de Kirchberg
01.092024
/30.082025
Energie Museum
04.092024
/18.122024
Smartphone-Café
09.092024
/13.092024
Sommerkurse zur nachhaltige Entwicklung - EN
11.092024
GeoGuessr für Familien
21.092024
Luxembourg LGBTIQ+ Panel
21.092024
Queer Youth of Luxembourg
21.092024
/22.092024
Luxembourg Defence Open Air Days
24.092024
/01.102024
Smartphone 1