human hand touching robot hand

Pikist

Kënschtlech Intelligenz ka vill verschidde Formen unhuelen.

Bei kënschtlecher Intelligenz geet et drëms "Maschinnen dozou ze bréngen, Saachen ze maachen déi - wa se vu Mënsche realiséiert géifen - Intelligenz erfuerdere géifen." Sou huet de Marvin Misky, e Pionéier op dem Gebitt, KI definéiert. Mee am Prinzip heescht et, datt technesch Geräter eegestänneg Problemer léisen an och nei Erausfuerderunge meeschtere kënnen.

Zum Beispill?

En aktuellt Beispill bitt d'Corona-Pandemie: Fuerscher siche weltwäit intensiv no Impfstoffer a Medikamenter. Dofir mussen se Milliarde Biomoleküllen analyséieren a beurteelen. Des riseg Aufgab léisst sech nëmme mat Hëllef vun intelligenten Algorithmen duerchféieren.

Wéi funktionéieren dës Algorithmen?

Intelligent Maschinne léise Problemer no mathematesche Reegelen a ginn mat enger grousser Quantitéit vu passenden Donnéeën trainéiert. Den Ënnerscheed zu domme Maschinnen ass: si léiere permanent bäi. Experte schwätze vu maschinellem Léieren.

Wéi gutt kënne se dat schonn? 

An ëmmer méi Beräicher huet KI géinteniwwer Mënschen d'Nues vir: zum Beispill, wann et drëms geet Gesiichter ze erkennen oder beim automateschen Iwwersetzen. KI si Champion doranner de beschte Wee ze fannen, si hëllefe Kannerpornografie am Internet opzedecken an maache medezineschen Diagnosen méi einfach a präzis: wéi een Tissu ass gesond a wéi een huet Kriibs? Eng intelligent Software kann dat genee ënnerscheeden. An et gëtt och souguer Kënschtler ënnert de KI-Systemer.

Tatsächlech?

Jo, am Oktober 2018 gouf bei enger Stee zu New York ee bizaart Bild fir 432500 Dollar versteet. Wat et sou wäertvoll mécht: et war dat éischt ëffentlech versteete Wierk vun engem Algorithmus, dee gemoolt huet.

Wou leien dann d'Grenze vun der kënschtlecher Intelligenz? 

All Automaten si fuerchtbar Fachidioten. Op verschiddene Spezialgebitter sinn se top. Zum Beispill Schach spillen. Awer bei aneren Aufgaben, déi fir de Mënsch ganz einfach sinn, do kapituléieren se - zum Beispill wann et drëms geet, eng Taass ze gräifen oder eng Dier opzespären. 

Wéi geet et weider? 

D'Entwécklung vun der kënschtlecher Intelligenz avancéiert immens séier. Autonom Autoen erkennen zum Beispill ëmmer besser geféierlech Situatiounen am Verkéier. Fuerscher schaffen och u smarte Roboteren, déi Senioren oder Leit mat Handicap am Alldag hëllefe sollen. Intelligent Algorithmen ënnerstëtze Bauere beim Düngen oder Netzen. Oder si erkennen op Satellittebiller Bëschbränn oder wann enzwousch illegal Beem ewechgehae ginn. Dat mécht KI eng wichteg Hëllef beim Ëmwelt- a Klimaschutz.

Wou féiert dat hin? 

Nieft Logik an der Kapacitéit, Saachen erkennen ze kënne brauch Intelligenz och Erfarung, Emotiounen a d'Kapacitéit sech an en anere eranzeversetzen. Dat si Saachen, déi sech net programméiere oder maschinell léiere loossen. Dofir wäert d'KI wuel ni op eng Héicht mat de Mënsche kommen. Awer Wëssenschaftler schaffen drun, fir eis d'Liewen ëmmer méi sécher a komfortabel ze maachen. Et bleift also spannend an der Fuerschung!

Auteur: scienceRELATIONS/Ralf Butscher
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)
Photo: Pikist

Infobox

D'Geschicht vun der kënschtlecher Intelligenz

D'Wuerzele vun der kënschtlecher Intelligenz ginn zréck bis an d'Joer 1950, wéi de brittesche Mathematiker Alan Turing d'Fro gestallt huet, ob Maschinnen denke kéinten. En huet dozou direkt en Test proposéiert, mat deem een dat iwwerpréiwe kéint. De Begrëff "kënschtlech Intelligenz" hunn 1956 d'Organisateure vun enger wëssenschaftlecher Konferenz an den USA gepräägt, op där et drëms goung, wéi wäit d'Fäegkeete vu Computere goe kéinten. Kuerz duerno koum de "Wanter vun der kënschtlecher Intelligenz" - eng Phase vun der Erniichterung, well déi deemoleg Technik net duergaangen ass, fir z.B. Algorithmen ze entwéckelen déi bäiléieren. En neien Opschwong krut den Domaine an den 1990er Joren, wéi ënner anerem de Schachcomputer Deep Blue fir d'éischte Kéier géint e mënschleche Weltmeeschter gewonnen huet. Richteg virubruecht hunn d'Entwécklung vu kënschtlecher Intelligenz schliisslech ëmmer méi raffinéiert mathematesch Algorithmen, eng Onmass vun Trainingsdonneeën am Internet an de explosiounsaartege Wuesstem vun der Leeschtung vu Computeren. Dat huet dozou gefouert, datt intelligent Technik an der Tëschenzäit an ëmmer méi Apparater dran ass - zum Beispill an Navigatiounssystemer, Software fir Sprooch um Smartphone ze erkennen a clever Hautparleure wéi Alexa.

Maschinellt Léieren an Expertesystemer

E wichtegt Konzept bei der kënschtlecher Intelligenz ass maschinellt Léieren. Domadder kënne Roboter oder Programmer aus Erfarung léieren - änlech wéi e Mënsch. Dofir üben si eppes, wat een hinnen eemol bäibruecht huet soulaang mat ganz ville Beispiller, bis se Meeschter doranner sinn. Ganz anescht funktionéieren dogéint Expertesystemer. Si hunn e fest Wëssen, dat vu Fachleit zesummegedroe gouf - an op Basis vun deem sech Conclusiounen zéie loossen. Domadder kënnen se awer net bestëmmte Fäegkeeten duerch eegestännegt Léiere verbesseren. Dat limitéiert d'Palette vun Aufgaben, déi se léise kënnen. De Virdeel vun engem Expertesystem ass, datt een all Léisung novollzéie kann - am Géigesaz zum maschinelle Léieren. Dat gläich éischter enger "Black Box": firwat an op wéi eng Aart a Weis d'kënschtlech Intelligenz eng Entscheedung trëfft, ass souguer fir Spezialisten meeschtens net ëmmer nozevollzéien.

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR